Mir si matzen am gëllenen Oktober. D’Blieder un de Beem wiesselen d‘Faarf, d’Sonnestrale gi méi kal, de Changement vun der Summer- op d’Wanterzäit steet virun der Dier. Eng gutt Geleeënheet fir e puer Hierschtgedanken, Josiane Hoffmann.

09/10/2022 Apropos Hierschtgedanken

Den Hierscht mat senge waarme Faarwen an niwweleg-kale Stonnen ass eng Zäit vum Iwwergank. Iwwergäng reegen dozou un nozedenken: iwwert sech, iwwert déi aner, iwwert den aktuellen Zoustand vun eiser Welt.

Déi hierschtlech Tëschebilanz fält verhalen aus. Et ass Kris. An d’Kris fillt sech mëttlerweil wéi en Dauerzoustand un. De Krich an der Ukrain, de Chaos um Energiemarché, d’Inflatioun an de Klimawandel suergen dofir, datt d’Stëmmung gedréckt ass. Wéi et weidergeet, ka keen eis soen.

Dësen Hierscht breet sech, alt nees, en diffuust Gefill vun Onsécherheet aus. Sech deem Gefill ze stellen a bannendra gefestegt ze bleiwen, ass net ëmmer einfach. Fir vill Leit ass déi allgemeng Stëmmung eng Erausfuerderung - grad well si nach ënnert de psychesche Suite vun der Pandemie leiden, Angschtzoustänn oder Depressiounen hunn.

Muer ass de Weltdag vun der psychescher Gesondheet an den Optakt vun der drëtter Editioun vun der „semaine de la santé mentale“ hei zu Lëtzebuerg. Den Hierscht ass also och de Moment, eis ëm dee Volet vun eiser Gesondheet ze këmmeren, dee mir oft verdrängen, eis vläicht och professionell Ënnerstëtzung ze sichen, wa mir mierken, datt mir mat de séilesche Belaaschtungen net méi eleng eens ginn.

Wann et eis nëmme méiglech ass, sollte mir awer och dat mentaalt Wuelbefanne vun eise Matmënschen am Bléck behalen. Am Kader vun der „semaine de la santé mentale“, mee natierlech och ausserhalb, huet ee Geleeënheet, en Eischt-Hëllefs-Cours fir psychesch Gesondheet ze maachen.* Sou kann een di richteg Schrëtt ënnerhuelen, wann en aneren an eng akut psychesch Kris geréit.

Fir mech ass a bleift den Hierscht meng Liblingssaison. Trotz all deem Krisenhafte wëll ech mäi positive Bléck net verléieren a mech och dëst Joer iwwert di faarweg Blieder un de Beem freeën.

Vill Studie beweisen iwwregens, datt kleng Momenter an der Natur eis séilesch Gesondheet ënnerstëtzen. Hierschtdeko am Bësch sammelen, Äppel an Nëss rafen ass befreiend. Ganz besonnesch matzen an enger Kris.