Säit 3 Woche gëllt also lo eist neit erweidert Fëmmverbuet, a wéi et schéngt huet et nach keng Doudeger gefuerdert. D'Saach fonctionnéiert also. Verbueder sinn a Moud. Dofir hätt ech dann och schonn eng Propos fir déi nächste Saach, déi ee verbidde kéint: Knätsch. Natierlech nëmmen an der Ëffentlechkeet, doheem soll jidderee weiderknätsche kënne wéi e wëll. Mee dobaussen ass et eng aner Saach.

An England a Frankräich gëtt d'ëffentlech Hand all Joer ronn 200 Milliounen Euro aus, fir de Knätsch vun de Stroossen ofzekrazen; an Däitschland ass et souguer nach méi. Fir Lëtzebuerg hunn ech keng Zuelen, mee wann een an der Groussgaass, um Aldrénger oder op der Gare mol eng Kéier op de Buedem amplaz ëmmer op de Smartphone kuckt, da gesäit een, dass dat bei eis proportionell bestëmmt net méi bëlleg ka sinn. Kee Wonner also, dass zu Singapur zum Beispill Knätsch eng Zäit laang komplett verbuede war. Mëttlerweil däerf ee rëm knätschen, awer nëmmen doheem, an nëmmen op Rezept. Dat freet net nëmmen d'Schong, ënnert deenen hirer Suel do näischt méi peche kann, mee och d'Leit an de Schoulen, well do kee Knätsch ënnert de Pulten pecht, an den ëffentlechen Transport, well d'Sëtzer net méi zougepecht ginn.

A wat huet ee Staat schonn ze verléiere mat engem Verbued vu Knätsch? Net vill, well op Knätsch ass net vill verdéngt. Wäit manner wéi op Zigaretten. Déi 1 bis 3 Cent TVA pro Pak gi mat Sécherheet net duer fir d'Käschten ze decken, déi entstinn, wann dee Knätsch bis duerchgeknätscht op de Buedem geknätscht gouf.

Déi eenzeg déi mat engem Knätschverbuet hir Problemer hätte wäre wuel, alt erëm, d'Fëmmerten. Ëmmerhinn mussen déi jo lo ëmmer méi oft zum Knätsch gräifen, wann se iergendwou mol rëm eng Kéier keng Zigarett däerfen ufänken. Vläicht kéint ee fir si, ähnlech wéi d'Fumoiren, jo da Knätschecker ariichten. Do däerf een dann d'Gesiichtmuskelen trainéiere wéi ee wëll, a souguer mat oppenem Mond knätschen, an de Knätsch herno ganz ongenéiert op de Buedem späizen. Engem verstännege Knätschverbued dierft deemno näischt méi am Wee stoen. An als nächst kënne mer eis jo dann ëm den Alkohol këmmeren...