Zënter der Finanzkris vu virun 10 Joer huet sech an de Bank-Aktivitéiten trotz allem dach villes zum Gudde geännert. Esou gëtt ëmmer méi Wäert op Nohaltegkeet geluecht a manner op héich spekulativ a riskéiert Finanzinstrumenter.

An an deem Sënn entwéckelt sech elo eng Finanzaktivitéit, déi sech "Impakt Investment" nennt an déi als Zil huet, e prezisen Impakt ze bewierken, do wou dat Geld investéiert gëtt. Dat ass d'Thema vun enger Carte Blanche vum Michel Maquil, fräie Wirtschaftsberoder a fréieren Direkter vun der Lëtzebuerger Bourse.

AUDIO: Carte Blanche vum Michel Maquil

Eng vun den Ursaache vun der Finanzkris war, datt massiv mat Finanzprodukter geschafft ginn ass, déi héich riskant a komplizéiert waren an déi wéineg Leit richteg verstanen hunn. Dann haten déi Produkter och nëmme wéineg mat der reeller Wirtschaft ze dinn.

Logescherweis gouf sech no der Kris erëm méi op traditionell Finanzprodukter konzentréiert, déi wa nëmme méiglech och nach een nohaltegen Impakt op d'Wirtschaft hunn.

Vun deem Ament un ass den "investissement socialement responsable" massiv ausgebaut ginn. Hei geet et virun allem drëms, datt dat wat finanzéiert gëtt, kee Schued mat sech bréngt fir d'Ëmwelt, d'Gesondheet vun de Mënschen a fir déi gesamt Wirtschaft.

Eng weider Entwécklung ass dann den „Impakt Investment“. Hei geet et net nëmmen drëm, kee Schued ze maachen, mä et gëtt doriwwer eraus versicht ee spezifesche, kloer definéierten, positiven Impakt ze bewierken. Dacks dréit et sech ëm Projeten, fir erneierbar Energien ze installéieren, mä et kënnen awer och Projete sinn, fir d'Aarbechtbedingunge markant ze verbesseren oder dann eng nei propper Technologie an engem Betrib oder esou guer an enger Géigend anzeféieren.

Derbäi soll deen "Impakt Investment" selbstverständlech och ee gewësse „Rendement“ erbréngen, deem de Risiko, dee geholl gëtt, ugepasst ass. Mä wann elo dee „Rendement“ ganz genee berechent gëtt, da muss awer den Impakt, deen erreecht gëtt duerch deen Investment, grad esou prezis bestëmmt ginn. Dee positiven Impakt muss eng laangfristeg Wierkung hunn an och dat muss reegelméisseg kontrolléiert ginn an den Investisseur kritt och eng deementspriechend Informatioun.

Zu Lëtzebuerg hu mir eng Rei Acteuren am Domaine vun "Impakt Investment" déi weltwäit aktiv sinn. Et geet drëm, fir esou Projeten ze fannen, an dann och déi Form vun Investissementer ze proposéieren, déi am beschte gëeegent ass, fir de gewënschten Impakt ze erreechen.

Wéi déi traditionell Finanzaktivitéit ass och den „Impakt Investment“ villfälteg an e ka spezifesche Situatiounen ugepasst ginn. Esou kann eng Klausel virgesi ginn, datt déi Zënsen vun engem Emprunt, déi all Joer solle bezuelt ginn, esou laang zréckgehale ginn, bis dee gewënschten Impakt erwisenermoossen erreecht ass.

Fir den Ament ass den „Impakt Investment“ nach eng Form, déi méi vu groussen Investisseure praktizéiert gëtt, mä et wier awer och gutt, wann den „Impakt Investment“ am besonneschen, wéi och den "investissement socialement responsable" am allgemengen, méi breet ugebuede kéint ginn, fir datt och ëmmer méi privat Leit hei direkt kéinte matmaachen.

Fir den Impakt ze ënnerstëtzen a weider ze entwéckelen, ass eng gutt Zesummenaarbecht tëschent de staatlechen Instanzen, der Weltbank, der BEI, de Forschungsinstituten, de Banken an den ONGen ubruecht. An dann ass et och wënschenswäert, datt d'Banken systematesch esou Finanzprodukter prominent hire Cliente proposéieren.

Mam „Impakt Investment“ huet de Client zwar ee méi bescheidene Rendement wéi mat spekulative Finanzprodukter, mee hien erreecht dat mat engem Produkt, deen e versteet a wou hie sech selwer kann iwwerzeegen, datt säin Investment ee positiven Impakt bewierkt.