Mir schafen Aarbechtsplazen zu vrecks. Eist Steierakommes spruddelt méi héich wéi ee Geysir an Island. Eis Staatskeess leeft bal iwwer. Mir kréien ongefrot ëmmer an ëmmer erëm den „tripple A“. Mir kënnen eis et souguer erlaben, besser gesot, leeschten, 250 Millioune Steieren déi eis géifen vun Amazon zoustoen, net wëllen unzehuelen. Mir plangen den Ausbau vun eisen Autobunnen op 3 Pisten, an d’N7 nach méi breet. Mir kënnen d’Schoulbicher gratis verdeelen an eis Jonk gratis mat Bus a Bunn fuere loossen. Mir verdeelen Subsiden an Bourssen un eis Studenten, egal ob se hei virun der Hausdier, vis-à-vis zu Tréier, oder an Australien wëlle studéieren. Hëllef, mir hunn Wuesstem !

Et gëtt Länner op der Welt, do kënnen d’Kanner net an d’Schoul goen, well hir Eltere sech d’Schoulgeld oder d’Schoulbicher net kënne leeschten ! Op anere Platzen mussen si méi wéi 10 Kilometer zu Fouss bis an d’Schoul lafen. Et gëtt Länner op der Welt do dreemen se vu Stroossen déi net riskéieren vum Reen ënnerspullt ze ginn, an dofir net méi passéierbar sinn. Et gi Länner op der Welt do ass d’Aarbechtslosegkeet esou eppes wéi déi véier Joreszäiten, „Gottgewollt“, sou ze soen. Et gi Länner op der Welt do sammelt d’Famill Suen fir datt hire Jong kann op déi laang a liewesgeféierlech Rees goen fir an Europa fir en Apel an e Stéck Brout ze schaffen an villäicht eemol am Mount e puer Grimmelen heem ze schécken fir datt se do ee Brout dovu kënne baken.

A well mir eis all Dag selwer leed dinn a Krokodilstréine kräische wéinst eisem Wuesstem, vergiesse mir déi aner Leit op der Welt. Oder hutt Dir an dësem Walkampf, ausser Wuesstem eppes zum Jemen, zu Syrien, zum Irak, oder zu dem Budget vum Kooperatiounsministère, héieren ? A wat hunn heiheem d’Leit op der Strumm vum Wuesstem?

Wuesstem kënne mir mëttlerweil am Schlof buschtawéieren, vijenzeg an hannerzeg. An där Zäit stierwen am Jemen honnerte vu Kanner vun Honger.