De Robert Weber, fréieren Nationalpresident vum LCGB a fréieren Deputéierten, beschäftegt sech mat de wuessenden Ongläichheeten an eiser Gesellschaft.

Ech hu virun e puer Wochen an enger Zeitung en Artikel gelies iwwert räich Leit op eiser Welt. Mir wëssen jo all, dass de Räichtum op eiser Welt ganz ongläich verdeelt ass. Mir hunn och schonns all héieren iwwert d'Akommes-Schéier, déi ëmmer méi auserneegeet. Dat heescht: Déi Aarm gi méi aarm an déi Räich gi méi räich. Dat bedeit awer wat?

Kaum e vun eise Matbierger fillt, wat dat bedeit. Mir héieren et all, awer et léisst eis leeschten Enns kal.

Ech verstinn, dass et Ënnerscheeder an de Paie gëtt, och nach am Akommes. Ech wëll hei kee Fuddernäid maachen.

Et muss een awer fillen, wat gerecht ass a wat ongerecht ass!

Dollar-Milliardären op der Welt ginn ëmmer méi räich. Déi boomend Aktiemäert, Immobiliëpräisser, déi ëmmer méi no uewe ginn, an de Wirtschaftswuesstem hu gemaach, dass d'Verméige vun deene räichste Mënschen op der Welt am Joer 2017 mam Virjoer verglach ëm 19% gestigen ass. Haut ass dat eng Rekordzomm vu bal 9 Billiounen Dollar. Dëst Verméigen ass méi wéi duebel sou héich wéi déi gesamt jäerlech Wirtschaftsleeschtung vun Däitschland.

1% vun deene Räichsten op der Welt hunn 2X méi Wuesstem matgeholl wéi 50% vun deenen Äermsten op der Welt.

An deene leschten 20 Joren hunn déi Mënsche mat privatem Verméige sech gewalteg beräichert. Awer gelungener Weis hunn d'Länner sech deem géintiwwer gewalteg veräermt. All d'Nationalstaate sinn ausser aller Norm verschëlt. Dës Laaschte bezuele mir awer eleng. Schlecht Aarbechtslosen-Ënnerstëtzung, wann iwwerhaapt, schlecht Gesondheetssystemer, wann iwwerhaapt, schlecht Fleegehëllef, wann iwwerhaapt, schlecht Bildungssystemer, wann iwwerhaapt, schlecht Ernärung, wann iwwerhaapt, schlecht Wunnengsméiglechkeeten, wann iwwerhaapt, schlecht Pensiounen, wann iwwerhaapt, asw.

D'OECD schléit vir, fir dës Ongläichheete géigenzesteieren, dass
• Progressivitéit bei de Steiersystemer verschäerft soll ginn
• De Kampf géint Steierhannerzéiung ze verschäerfen
• De Kampf géint d'Wäisswäsche vun illegalem Geld ze verschäerfen
• Eng anstänneg Bildung fir all Mënsch
• Anstänneg bezuelten Aarbechtsplaze fir jiddwereen

Dat wier e gudde Regierungsprogramm!

Nodeems, dass ech dësen Artikel gelies hat, hunn ech dunn um Fernseh e Reportage gesinn, wou Zéngdausende Mënsche vu Südamerika op dem Wee an d'USA waren ... geflücht sinn.

Dat huet mech dunn un déi rezent Flüchtlingswell an Europa erënnert.

Wat war do eis Reaktioun?

Mir baue Maueren oder soss Clôturen. Mir schécken dës Mënschen an hiren Elend zeréck. Mir wëlle jo nëmmen net, dass sech eppes bei eis ännert.

Déi Aarm sollen aarm bleiwen, si si jo selwer schold. Déi Räich kënnen jo méi räich ginn, jo esouguer onermiesslech räich.

Där onermiesslech Räicher ginn et der manner wéi 2.300 Mënschen op eiser Welt!

Am Joer 2017 besëtzen déi 42 räichst Mënschen op der Welt genau sou vill Verméige wéi déi äermsten 3,7 Milliarde Mënschen op der Welt.

Loosst mer eis also och an Zukunft mat der Aarmut beschäftegen ... oder!?

AUDIO: Carte Blanche vum Robert Weber