Se maachen also elo eescht, d'Brite mam Brexit. A jiddwereen, dee gefrot gëtt, seet dat wier guer näischt Guddes. Eng Scheedung, eng lose-lose-Situatioun fir d'EU a fir de Kingdom. E Commentaire vum Nico Graf.

AUDIO: Commentaire vum Nico Graf

900 Joer ass et geschwat ginn, am Mëttelmierraum, dat aalt Griichesch, wat si of course net esou genannt hunn, tëschent 300 viru Christus a 600 duerno. Si hunn et Koine genannt wat allgemengen Dialekt bedeit huet a wa Linguisten haut vun enger allgemeng unerkannter Ëmgangssprooch schwätzen, da fält dat Wuert Koine nawell gär. Ech géif et dëser Deeg gär méi metaphoresch benotzen, esou am Sënn vu Sproochereegelung. Well dat ass genee dat, wat den Ament mat deem Brexit geschitt. Et huet ee sech traureg ze nennen, well d'Brite ginn. A jidder europäesche Regierungschef seet, hie wier traureg, pflichtgetreu, snif. Nëmmen d'Theresa May net. Obschonns si géint de Brexit war. Well se awer à tout prix regéiere wollt, huet si dat elo duerchgezunn. Ech korrigéiere mech: si huet iwwerhaapt nach näischt duerchgezunn, well näischt ass decidéiert, alles ass op muer an op iwwermuer verschubst, wann net op d'calendres grecques. Gibraltar, déi bannen-iresch Grenz, déi genee Modalitéite fir déi zukünfteg Relatioune mat der EU – alles muss nach verhandelt ginn, näischt ass arrêtéiert. Et geet ee just auserneen. An do ass elo de mot d'ordre, datt gekrasch gëtt.

An do sinn ganz vill Krokodilstréinen ënnerwee. Ze dacks hunn déi Briten déi aner Europäer rose gemaach, wollten hir money back, wollte Sonnerree-gelungen, hu Bréissel ze genee op d'Fanger gekuckt, hunn eng special Relationship mat den Amerikaner, déi déi aner net hunn an dees méi. An heiansdo hunn déi britesch Zeitungen och extrem schaarf geschoss géint europäesch Obermuftie wéi eise Jean-Claude. Deen dacks genuch pseudo-sybillinesch geflucht huet iwwer Stëmme vun Inselen, déi näischt gutt géife fannen, wat de Kontinent esou dreift, wëll soen: déi hie kritiséiert hunn. Klammer op: et ass eng besonnesch Ironie, datt eisen iwwerzeegten Ober-Europäer zu Bréissel deen Ament Chef ass, wou do eng Trennung zelebréiert gëtt. Op déi Fotoen an Interviewen hätt de Jean-Claude Juncker wuel gär verzicht.

Et sinn der also vill frou, datt déi arrogant Briten, déi nach ëmmer vun hirem Empire dreemen, datt déi elo net méi am Prolete-Club wëlle sinn. Datt dat ausgerechent 100 Joer nom Enn vum Grousse Krich ass, och dat eng besonnesch Ironie. Dat ass iwwregens déi eenzeg Sproochereegelung, déi een hinnen all ofhuele kann, dës: datt d'Englänner zwee Mol esou richteg gebraucht gi sinn an esou richteg wëllkomm waren, fir déi houere Preisen, wéi meng Bom se genannt huet, ze klappen. Wëll soen: wat soll dat da ginn an deem Europa, wann do anzwousch erëm e GröFaZ opdaucht a genuch Leit rekrutéiert, déi ëm nolafen. Där Tendenze gëtt et den Ament jo genuch.

Mä zeréck bei de Brexit, oder bei den après-Brexit. Dee, mengen ech, gëtt vill manner schlëmm, wéi elo iwwerall gefaart gëtt. Well de neoliberale Kapitalismus ass extrem gutt doranner, an onklore Situatioune vill Profit ze maachen, décke Goss, ebe well et da keng Reegelen a keng kloer Gesetzer méi gëtt. Datt déi kleng Leit am Betrib oder an der Fabrick, datt déi net profitéieren, dat ass evident. Banken a Fongen a Konzerner, déi rësele sech eng Kéier a maache Business.

D'Europaparlament, och esou eng Sproochereegelung, stëmmt eréischt am Februar oder am Mäerz iwwer de Brexit of. Well d'Dokumenter, déi mussen nach iwwersat ginn. An d'Nationalsproochen, bien entendu. Iwwerdeems op den europäeschen Unien d'Studenten an de Science-Fächer nach just op Englesch liesen, léieren a referéieren. Analog zu deem, wat an den europäeschen Institutiounen an nawell zerguttst hei um Kierchbierg geschitt: mir verhonzen hiert Englesch, dat ass eis Revanche. Hir Sprooch ass einfach d'Koine ginn. A bleift se an den Institutiounen, och wa si ginn. Wat fréier deemools dat Griichescht war, ass haut dat Englescht, e paneuropäeschen Dialekt. Probéiert emol op enger griichescher Insel mat de Leit eppes anescht ze schwätze wéi Englesch. Non funziona.
[commentaire]