Commentaire:

Marc Linster, RTL Radio Lëtzebuerg

_________________________________

Wann een déi ganz Zeremonien zu Roum am Vatikan suivéiert, muss ee feststellen, dass d'kathoulesch Kierch ee ganz gutt arodéierten Apparat huet. Vum Virowend vum Doud vum Jean-Paul dem Zweeten un, bis haut den Dag vum Begriefnes war alles perfekt organiséiert, ech géif gär soen, inszenéiert. D'mise en scene stëmmt bis an de leschten Detail... d'Dramaturgie vun deem sakrale Barock-Theater mat modernsten technesche Moyenen ass kaum z'iwwertreffen. All déi liturgesch Zeremonie ware gutt duerchduecht, et gouf näischt dem Zoufall entlooss. Souwuel beim Rousekranzgebied um Virowend vum Doud vum Pontifex, ass wéi och bei der Annonce vum Doud a bei der Iwwerféierung vum Läichnam vum Poopst an de Péitersdoum huet d'Organisatioun voll a ganz iwwerzeegt. Hei konnt een och gesinn, wéi wichteg de Gebrauch vum Latäin ass... Jiddereen deen a senger Kandheet bei de Massendénger war, erkennt d'Melodie vun de Gebieder an de Litaneien ouni Problem erëm.

Eppes anescht huet mech awer och markéiert an zwar d'Art a Weis, wéi d'Kierch mat engem Doudegen ëmgeet, wéi si eng Läich exposéiert, wéi wann dat dat natierlechst an dat alldeeglechst vun der Welt wier. An et ass och impressionant ze gesinn, wéi d'Mënsche laanscht déi opgeboort Läich défiléieren. Leit, déi soss an hirem Liewe seelen eng Läich gesinn, passéieren am Péitersdoum beim verstuerwene Poopst, wéi wa si all Dag mam Doud confrontéiert wieren.

Wa mer bis elo vill vun Organisatioun a mise en scene geschwat hunn, kënnt elo awer d'Spontanitiéit an d'Spill: et ass fir mech net z'erklären, aus wéi enger Motivatioun eraus, honnertdausende vu Mënsche sech op de Wee no Roum maachen, fir dem Poopst déi lescht Éier z'erweisen. Well et däerf een an dësem Kontext net vergiessen, dass an eise westleche Länner vill Kierchen zimlech eidel sinn. Wat zitt déi Leit op Roum, wat siche si do? Op dës Froen hunn ech ganz éierlech keng Äntwert.

Soll den Doud vum Jean-Paul dem Zweeten e Renouvau fir d'kathoulesch Kierch mat sech bréngen, erliewe mer an dësen Deeg e Comeback vu Relioun, Glawen a Kierch oder handelt et sech just em en zäitlech limitéierte Phenomen, ëm en Héichpunkt? Déi nächst Méint wäerten dat weisen.