Commentaire:

Jacques Kapp, RTL Radio Lëtzebuerg

_________________________________

All Joer stierwen zu Lëtzebuerg 280 Mënschen un de Konsequenze vu knaschteger Loft.

Haaptpollutiouns-Facteur sinn extrem reng Stëbspartikelen, sougenannte PM 10.

Zu deem dramatesche Resultat kënnt e Rapport deen am Kader vum EU Programm : 'Propper Loft fir Europa' realiséiert gouf.

An der Moyenne géif d'Liewenserwaardung vun den EU-Bierger duerch dreckeg Loft ëm 9 Méint verkierzt.

Verpeschte Loft gëtt wéi Loft behandelt. Keen intresséiert sech dofir. Politesch ass Loftpollutioun hei zu Land keen Thema. De Problem schéngt sech fir all politesch Parteie quasi vum selwen opzeléisen, wahrscheinlech a Loft.

Souguer déi Gréng maachen net vill Wand dowéinst an obwuel eist Land beileiwe keen europäesche Musterschüler ass, Lëtzebuerg huet nämlech och Problemer mat den EU-Normen, enger Direktive no déi bei eis 2000 ëmgesat gouf, ass de 24 Stonnen-Grenzwäert op 50 Mikrogramm Stëbspartikele pro Meter Kipp Loft limitéiert.

Dee Wäert dierf pro Joer net méi wéi 35 Mol iwwerschratt gi 17 Mol gouf d'Limite 2003 zu Lëtzebuerg net agehalen. Deemno si mer nach am grenge Beräich, an awer gouf de Grand-Duché vun der Kommissioun opgefuerdert konkret Moossname géint déi geféierlech Stëbspartikelen z'ergräifen, mee dovunner ass net vill ze gesinn.

Dee renge Stëbs ass extrem gesondheetsschiedleg; Häerz- a Kreesslafproblemer, Longekrips, Asthma, dat sinn nëmmen en Deel vun den dramatesche Konsequenze vun de sougenannte PM 10. D'Ursaache vun de kripserreegende Stëbspartikele si gréisstendeels den Autosverkéier an d'Industrie-Emissiounen, mee och aner Verbrennungsprozesser sinn Ausléiser vun deem nidderträchtege Stëbs. An déi Stëbspartikele sinn der Etude no an der EU responsabel um Doud vun 300.000 Persoune pro Joer.

Hei zu Land gëtt de Chiffer vun 282 Doudegen avancéiert.

D'accord, déi zitéiert Doudesfäll si schwéier ze beweise mee d'europäesch Experte gräifen dee beängschtegende Chiffer net aus der Loft. Si baséiere sech op wëssenschaftlech Étuden an Analysen.

Den Ëmweltministère ass fir dee polluéierten Dossier zoustänneg.

Et ass schonn erstaunlech dass net och d'Santé mat responsabel ass, et geet jo awer ëm d'Gesondheet vun de Bierger. Iwwerhaapt muss de gesondheetsbewosste Bierger sech eescht Froe stelle wann ee weess wéi d'Loftpollutioun gemooss gëtt. 2 Miessstatioune ginn et op stater Gebitt:

eng zu Bouneweeg, vis-à-vis vun der Kierch; an eng an der Stad, laanscht de Boulevard Royal. Déi vum Boulevard Royal wou alldeeglech zegdausend Autoe laanschtrullen kann awer d'Stëbspartikelen net moosse wéinst technesche Schwieregkeeten. D'Stëbspartikele gi just zu Bouneweeg gemooss, wou jo vill manner Verkéier ass.

An dann nach eppes: De Miesskapp ass op enger Héicht vu 4 Meter, sou wëll et eben d'EU; op 4 Meter, an héisch do uewen do ass natierlech d'Loft méi propper wéi op normalem Foussgängerniveau, an nach vill méi propper wéi op Héicht vu Mond an Nues vu klenge Kanner

Loftpollutioun gemooss op 4 Meter héisch; dat ass Ëmwelt a Gesondheetschutz op héijem Niveau.