Commentaire:

Jacques Kapp, RTL Radio Lëtzebuerg

_________________________________

Den ADR kritiséiert de Regierungsprojet vum Train Tram de sougenannte Modul K an ënnerstëtzt de Projet vum Ingenieur Georges Schummer dee jo envisagéiert fir mat engem Schinnen-Tracé ënnert dem Zentrum d'Verkéiersproblemer vun der Stad ze léisen.

Opportunismus wéi am Billerbuch sou wéi een en eigentlech vum Aktiounskomitee fir Demokratie a Rentengerechtegkeet bei politesche Problemer scho laang gewinnt ass; nämlech vum Wand profitéieren deen anerer maachen. Dee Grondgedanken zitt sech wéi e roude Fuedem duerch d'politesch Aktivitéite vu Gybérien, Mehlen a Co, dofir ass et nëmmen normal, dass den ADR séier op deen Zuch spréngt, dee punkto Verkéiersproblematik virun allem versprécht dass en dem Individualverkéier net am Wee steet. Am Kloertext dass en dem Kinnik-Auto kee Stéck Strooss, kee Milimeter Betong wäert wesch-klauen.

Dat passt der Autos-Natioun Lëtzebuerg an de Krom an dem ADR natierlech an d'politescht Konzept. Domatter ginn d'Weiche schonn an Direktioun vun den nächste Wahle gestalt. Domatter gëtt awer och ënnerstrach wéie Stellewäert d'Passagéier vum ëffentlechen Transport fir den Aktiounskomitee hunn.

Ënnert de Buedem gekiert, wou kee se gesäit a wou se kee stéieren do gehéieren déi zweet oder drëtt Klass Bierger hin, déi ouni Auto wëlle mobil sinn. Verkéierspolitik op déiwem Niveau; Verkéierspolitik an engem däischteren Tunnel, ouni Wäitbléck, 40 Meter ënnert dem Buedem, do wou Onsécherheet grouss an Attraktivitéit kleng geschriwwe ginn. Den Zoustand vum Centre Aldringer ass dofir en ideaalt Fallbeispill. Dass de Projet Bus Bunn spéider praktesch ni kënnt ausgebaut ginn, well sech jo strikt no den ënner-ierdesche Garen an dem Tracé muss orientéiert ginn, dat stéiert d'ADR Leit net grad sou wéi de finanziellen an techneschen Opwand déi néideg wiere fir de Projet ze realiséiere wann en iwwerhaapt realiséierbar ass.

Déifgräifend technesch Étuden déi all Aspekter vu Projet Schummer méi genee analyséiere ginn et bis dato nach net. Mee um Pabeier, an deen ass jo bekanntlech gedëlleg, do ass de Projet relativ bëlleg a virun allem wëlleg. Ween nämlech net u seng Uewerfläch, seng Surface kraatze geet, dee kann op den éischte Bléck souguer eng Partie positiv Aspekter dran entdecken. Awer just op den éischte Bléck, an 'tape à l'oeil' dat passt dem ADR an de Krom.

An Zukunft wäert den Aktiounskomitee permanent weider populistesch an ouni eegent Konzept mat-diskutéiere bei op d'mannst 5 Sechstel vun de Verkéiersproblemer.