Commentaire:

Marc Linster, RTL Radio Lëtzebuerg

_________________________________

De verstuerwene Pontifex war e Personnage deen engersäits faszinéiert huet, anerersäits zimlech kontestéiert war: De Jean-Paul den Zweete war e Kierchemann mat ganz ënnerschiddleche Facetten.

De Jean-Paul den Zweete geet ganz sécher an d'Geschichtsbicher an als dee Kierchemann deen zënter laangem nees Weltpolitik gemaach huet. Ouni de verstuerwene Poopst wier de Kommunismus, op alle Fall net esou séier, komplett zesummegebrach.

An d'international Politik huet de Jean-Paul den Zweete sech awer och soss, bis kuerz viru sengem Dout agemëscht. Stéchwuert hei: den Irak-Krich, wou hien dem amerikanesche President George W.Bush en decke Fanger gemaach huet.

Donieft huet de Poopst awer och ëmmer un d'international Communautéit appeléiert, de Misère an Afrika net ze vergiessen. Och d'Situatioun am Noen Oste louch him um Häerz. De Jean-Paul den Zweete war d'Gewësse vun der internationaler Politik... et ass net falsch hien als Friddensapostel ze charakteriséieren.

De Jean-Paul den Zweeten ass awer och den éischte Poopst gewiescht, deen am Numm vun der Kierch e Mea Culpa gemaach huet:

E Mea Culpa an deem Sënn dass hie sech bei alle Mënsche fir déi Feeler entschëllegt huet, déi d'Kierch am Laf vun de Jorhonnerte gemaach huet. Stéchwierder hei : Inquisitioun, Hexeprozesser, Verfollegung vu Leit déi net, oder eppes anescht ewéi d'Katholike gegleeft hunn, d'Relatioune mat de Judden ënnert anerem. Hien huet dëse Mea Culpa géint massiv Oppositioun vu verschiddene Kreeser aus dem Vatikan gemaach. Donieft huet de Jean-Paul den Zweeten awer och den inter-reliéisen Dialog mat de Judden a mam Islam gepflegt. Sou war hien zum Beispill als éischte Poopst an enger réimescher Synagog an hien huet sech virun der sougenannter Klagemauer zu Jerusalem vernäipt.

Bei ville Leit war de verstuerwene Poopst awer och staark kontestéiert :

Ënnerkierchlech war de Jean-Paul den Zweeten ouni Zweiwel ganz konservativ ; Reforme goufen et bei him keng. Säi Kierchebild war extrem rigid, ech woen esouguer ze behaapten dass hien hannert d'Ouverture déi et nom 2te vatikanesche Konzil an der Kierch gouf, zréckgefall ass. D'Roll vun de Fraen an der Kierch, d'Bestiednes vu Paschtéier, dat ass hei mol nëmmen d'Spëtzt vum Äisbierg.

Bei ville Leit ass de Poopst awer och wéinst senge Moralvirstellungen op daf Ouere gestouss : Virun allem a Saache Sexualmoral an Aids-Problematik hat de Jean-Paul den Zweete reaktionär Positiounen, och a Saachen Avortement a Stierfhëllef hat een dachs d'Impressioun dass et dem Poopst méi ëm d'Anhale vun engem Prinzip gaang ass, wéi ëm d'mënschlecht Leed wat jo awer och mat dëse Problematike verbonnen ass. Wat dann awer erëm frappéiert ass d'Faszinatioun, déi de Poopst op déi jonk gemaach huet... si, déi enger ganz anerer Welt wéi de Jean-Paul den Zweete liewen an zum dachste ganz aner Wäertvirstellunge wéi de verstuerwene Pontifex haten, ware vun deem ale, kranke Mann begeeschtert. E Phenomen deen nëmme schwéier ze verstoen ass.