Commentaire:

Dany Rasqué, RTL Radio Lëtzebuerg

_________________________________

Ferrero plangt weltwäit eng nei Publicitéitscampagne. E ganzt Joer laang wëll den italienesche Konzern an enger Stad Reklamm fir séng Produite maachen. Hei am Land hu sech déi Responsabel Ettelbréck fir hire Projet erausgesicht.

Schockela ass schlecht fir d'Zänn, an zevill naschelen ass ongesond. Dee Saz misst wuel jidderee kennen. Ma d'Schockelaskonzerner wëlle jo awer Sue maachen, grad wéi all aner Entreprise sou vill wéi méiglech. Wann et da mat Slogane wéi „Eng extra Portioun Mëllech„ net méi duer geet, muss en anert Konzept hier. Ferrero huet sech do eppes ganz Extraes ausgeduecht.

Ee Joer laang wëlle se zu Ettelbréck Reklamm fir hire Schockela maachen. Aus deem Grond soll Ettelbréck dann eng Kinder-Stad ginn.

Dat heescht, ënner anerem, datt de Schockela vun där Mark gratis un d'Kanner verdeelt gëtt, datt Sprangschlässer opgeriicht ginn an datt et Animatioun an de Stroosse gëtt.

Fir de Kanner ze weisen, wéi gutt déi zockerséiss Schnekereien dach schmaachen, ass Ferrero natierlech och bereet z'investéieren; d'Campagne soll ëmmerhi 400.000 Euro kaschten. D'Aktioun wäert den Elteren et wuel schwéier maachen, hir Krapperten dovun z'iwwerzeegen, datt e Stéck Uebst heiansdo besser ass wéi de Schockela, dee se grad an den Ettelbrécker Stroosse kruten.

Mä dat ass jo awer nach net alles; et solle Stänn opgeriicht ginn, wou d'Kanner edukatiivt Publicitéitsmaterial verdeelt kréien. Vläicht sinn dat jo Bicher iwwer gesond Ernährung, och kannergerecht gemaach, fir sou de Gesondheetsautoritéiten e bëssen ënnert d'Äerm ze gräifen.

Déi musse sech den Ament nämlech mat enger ganzer Rei alarmanten Etüde beschäftegen, déi beleeën, datt d'Zuel vun de Kanner a Jonken an Europa drastesch klëmmt. Statistike confirméieren, datt d'Zuel vun den iwwergewiichtege Kanner an der EU all Joer ëm 400.000 an d'Luucht geet. D'Weltgesondheetsorganisatioun hält dee Problem fir eng Epidemie vum 21. Jorhonnert. Sou Aktioune wéi déi vu Ferrero hëllefe bestëmmt net, d'Situatioun ze verbesseren, mä dat ass jo och guer net d'Ziel.

Ferrero wëll nämlech testen, wéi sech d'Vente an enger Regioun no sou enger Campagne entwéckelt. Et soll also just en Experiment sinn, en Experiment op Käschte vun de Kanner hirer Gesondheet.