Commentaire:

Marco Goetz, RTL Radio Lëtzebuerg

_________________________________

Virgëschter hunn d'europäesch Kommissioun an d'lëtzebuerger EU-Présidence zu Bréissel den Impuls fir een Aktiounsplang lancéiert mat deem den europäesche Bierger souzesoen op Diät gesat a fir méi kierperlech Bewegung an d'frësch Loft geschéckt gëtt.

De Problem ass am richtege Sënn vum Wuert net ze iwwersinn : D'Europäer gi méi déck, ze déck, gesondheetsschiedleg déck a besonnesch alarméirend ass dat bei de Kanner. D'Zuel vun iwwergewiechtege Kanner an der EU hellt, sou seet d'Statistik, all Joers ëm 400 000 zou.

Déi Entwécklung bremsen oder souguer stoppen ass méi einfach gesot, wéi gemaach. Mat just e wéineg manner iessen an eng Grëtz méi Bewegung geet et net duer. Wa wierklech nohalteg eppes erreecht soll ginn, da mussen Neel mat Käpp gemaach ginn.

Da musse fundamental Saachen a Fro gestallt an zum Deel radikal geännert ginn an et muss mat ewell déif an der Gesellschaft verwuerzelte Gewunnechte gebrach ginn.

Et muss een do usetzen, wou d'Ursaache vu schlechter oder falscher Ernährung a vum Manktem u kierperlecher Bewegung ze fanne sinn.

Nämlech am Alldag.

An der Hektik mat där een dacks mengt d'Liewen affrontéiren ze mussen, alles séier, ouns wierklech nozedenken, Zopp an d'Ziessen a manner wéi 15 Minutten, de Kaffi am Goen an eng Rennie drop, fir de Mo net ze ploen. Fast Food ass King.

An den Hamburgertempel geet een net, ma et fiert ee bis dohinner, dat geet méi séier a wa méiglech ësst een och nach am Auto, dat spuert nach méi Zäit, déi een dann op der Couche virun der Télé genësslech verbrénge kann.

Ënnert anerem do weist sech wéiee Stellewäert d'Bewegung am Alldag huet.

Trëppeltier hu Seelenheetswäert a ween eng Parkplaz op manner wéi 50 Meter vum Metzler oder Bäcker ewech fënnt, dee fält Owes midd an zefridden an d'Plommen, eng Extraleeschtung vum Held, a Kugelform.

An a propos méi kierperlech Bewegung un der frëscher Loft. Wéi eng Bedeitung hunn dann d'Turn- a Schwammstonnen an der Schoul. Ginn déi net dacks als Belaaschtung emfonnt ?

An deem alldeeglechen Train Train ass et, wou d'Politik muss usetzen.

Da mussen d'Politiker awer och de Courage hunn a kloer Signaler un d'Liewensmëttelindustrie an un d'Publicitéitsbranche ginn.

Slogane wéi Vitaminnen naschen, d'Extra Portioun Mëllech am Schokola zum Beispill sinn ierféierend a Sätz wéi déi dass Fäerdegproduiten a Polverform oder aus dem Tiefkühler schmaache wéi beim Italiener oder bei der Boma doheem, duerf een net méi zécken se als Ligen ze bezeechnen.

A mat méi Loscht op « Aktiv sinn » a Bewegung sinn net déi zësch Meile gemengt, déi ee fir eng Zigarett geet oder déi Distanz, déi ee vollklimatiséiert am waarme Stoff op véier Rieder zréckleet an dat da Fräiheet nennt.

Den Asaz vun der Politik ass awer net vill wäert, wa se de Bierger a Konsument net iwwerzeegt kritt.

Nëmme wann deen de Problem erkennt an agesäit, dass eppes muss geschéien, wann e sech wiert an net méi alles keeft a schléckt, wat ëm schéi verpaakt virgesat gëtt, wann e sech méi Zäit hellt a sech manner hetze léisst, da kënnt eppes a Bewegung wat villes matrappt. Gesetzer brauch een dofir hoffentlech keng an een neie Fitnesswahn muss een och net ausléisen. Et geet einfach nees drëm zu méi Normalitéit am Liewen zréckzefannen.