Commentaire:

Nico Graf, RTL Radio Lëtzebuerg

_________________________________

Et gëtt ganz vill dorëmmer driwwer geschwat: D'Wort, also d'Zeitung, kritt en neit Format. D'Wort soll an e puer Wochen nach hallef esou grouss, tabloïd sinn.

Dat gëtt e radikale Wiessel an der lëtzebuerger Zeitungsgeschicht.

Alles muss anescht ginn, fir dass alles bleift wéi et ass.

Wa si beweise wollt, dass een anzwousch war, da sot meng Groussmamm Sätz wéi deen hei: „Hie war do, ech weess et, hie war an der Zeitung ofgemoolt'.

„An der Zeitung ofgemoolt.'

Dee Saz verréit zwou Saachen: éischtens, dass meng Groussmamm sech ugangs der 60er Joer nach net u Fotoen amplaz Zeechnungen an der Zeitung gewinnt hat. Zweetens awer huet si ni gesot, dass eppes am Wort stoung; bei hier stoung et „an der Zeitung', an domat war alles gesot, well et gouf jo nëmmen eng Zeitung. Dat war deemools zwar schonn esou falsch wéi haut, mee wien um Duerf d'Tageblatt - oder Schlëmmeres - abonnéiere wollt, deen huet vill Courage gebraucht.

Meng Groussmamm ass schonn 30 Joer laang dout, d' Luxemburger Wort lieft nach ëmmer. Schafft awer dru, sech selwer ëmzebréngen...

Ech war do an deem Duerf Massendénger an hunn dowéinst bestëmmte Bibel-Texter natierlech villeg méi dacks héieren; Paschtéier, Organisten a Massendénger si bei vill méi Begriefnesser an Hochzäiten derbäi wéi aner Leit. An een Text ass mer bis haut am Ouer hänke bliwwen, well ech en - mystesch wéi en ass - ni verstan hunn.

Ech hunn am Internet gewullt an den Text erëmfonnt, als Sich-Kriterien hat ech aginn: „Johannes-Evangelium' a „Wort'. Geliwwert huet Google mir dat hei, ech zitéieren, Bibel aus Google: „Im Anfang war das Wort, und das Wort war bei Gott, und das Wort war Gott. (...). Alles ist durch das Wort geworden und ohne das Wort wurde nichts, was geworden ist.'

Ech hunn als Kand ëmmer en Amalgam gemaach tëschent dem Wort aus deem Text an der Zeitung, déi den Albert, de Bréifdréier, bruecht huet, d'Luxemburger Wort. An ech mengen ech hat Recht, deen Amalgam ze maachen.

Den Amalgam a mengem Kapp gouf et jo an der Realitéit, et war den Alliage, deen an esou munche Käpp am Wort haut nach existéiert: Relioun, Kierch, Stat, CSV, LCGB, Zeitung - alles ass eens, ad majorem dei gloriam.

An esou wéi et eng kathoulesch Relioun gëtt, esou gëtt et och de spezielle Volet dovunner, d'marianescht Katholikentum zu Lëtzebuerg.

Et kënnt een och soen, soss an der kathoulescher Welt gëtt et d'Wort, dat aus dem Johannes-Evangelium, a bei eis gëtt et d'Luxemburger Wort.

D'Leit hu sech do ni geiert an iere sech haut net, si hu vum Wort geschwat wéi vum Evangelium. An esou ass dat jo och laang Joere gewiescht: wat d'Wort bréngt, ass an der Welt, wat d'Wort ënnerschléit, gëtt et net. Wann d'Wort ee gefeatured huet, deen huet déi Carrière gemaach, wann d'Wort een ënnert den Dësch fale gelooss huet, dann hat dee Krämpes, dee gouf et net. Esou huet d'Wort de Jacques Santer gemaach an de Schrëftsteller Guy Rewenig niddergemaach.

Exakt nom Johannes: Alles ist durch das Wort geworden und ohne das Wort wurde nichts. Bon, dat ass Vergaangenheet. Mä iwwert déi schwätzen ech jo och.

Well elo soll alles anescht ginn, tabloïd.

Ech hu mech knapps dru gewinnt, dass zanter e puer Méint de grousse schwaarzen Editorial op der drëtter Säit feelt an dat z.B. de Jean Asselborn - ofgemoolt - um Titel vum Wort erschéngt wéi soss eiser Här, scho gi se am Wort drun, nach méi ze änneren.

D'Zeitung soll halbéiert ginn. Ech stelle mer d'Libération vir - als Wort. Et geet net. Ech stelle mer e modernt Wort vir mat engem liewege Lay-Out - et geet net. Ech stelle mer investigative Journalismus am Wort vir, dat geet guer net.

Ech si wuel zevill gewinnt un dat bravt, erz-konservatiivt, marianescht Wort. An déi wëllen elo alles anescht maachen.

Wéi wa se beim Jean-Claude Juncker an d'Léier gaange wieren. Deen huet jo fir d'Spëtzt vu senger Partei - also fir sech selwer an nëmme sech - bekäppt, wat den Adelegen op Sizilien am 19te Joerhonnert begraff hat: et muss alles anescht ginn, fir dass alles bleift wéi et ass. Dat probéiere se elo och am Wort.

Et geet dobäi ëm d'Geschäft, d'Annoncen, an et geet ëm d'Muecht, d'Muecht an der Bréifboîte, um Kiosk, an de Käpp, fir net ze soen an de Séilen, also d'Muecht am Stat.

Dat ass den Enjeu vun deem, wat se den Ament an de Gasperecher Wiss probéieren. Bonne Chance, Kollegen, dir braucht Chance, well ech weess net, op dat mat deem neie Format klappe kann.

Tabloïd huet mat Tableau ze dinn; ech fäerte beim tabloïde Wort kënnt nëmmen en Altor-Bild eraus.