Commentaire:

Nico Graf, RTL Radio Lëtzebuerg

_________________________________

Europa gëtt ëmmer méi grouss a bannen an den ale Länner, Beispill Jugoslawien, ëmmer méi kleng.

An den Duercherneen an deem Europa gëtt ëmmer méi grouss.

Dass et mer opfält, seet mer eppes.

Opgefall ass mer dat hei : Arsenal, déi englesch Futtball-Équipe, hat keen een Englänner um Terrain, duerfir awer sechs Fransousen a soss Spiller aus aneren Natiounen. Ech hunn dat guer net gemierkt, sot hiren Trainer, ech wollt just eng gutt Équipe um Terrain stoen hunn.

Den Trainer heescht Arsène Wenger an hien ass Fransous.

An da ginn ech, wéi honnerte vu Lëtzebuerger, op Tréier Profis-Basketball kucken. An op eng Kéier fält et mer op: do ass jo bal keen Däitsche méi an der Équipe; Amerikaner, Jugoslawen, Kroaten, Serben, Fransousen; vun enger Doze Spiller sinn der véier Däitscher - an net déi Bescht.

An zu Freiburg an der Bundesliga spille jo déi faméis „W illiën', dat sinn alles Georgier.

Europa ass schonn e bossege Kontinent, compartimentéiert an ëmmer prett - wéi Jugoslawien - aus engem grousse Stéck a butzeg kleng Stécker ze zerfalen. Fir dann herno alles erëm an d'EU eranzedrécken, wou et dann erëm eng grouss Eenheet gi soll.

Betraff si jo net nëmmen d'Länner wou et Diktature gouf, Jugoslawien an d'UDSSR a wou alles auserneeflitt, l'empire éclaté , och a West-Europa gëtt et jo esou Phenomener, Irland an Nordirland, d'Baskeland a Spuenien, d'Schotten an d'Englänner, d'Flamen an d'Wallounen, separatistesch Mouvementer an Italien an hate mer net zu Lëtzebuerg och eng Kéier eng Partei fir e fräit Éislek?

E verréckte Kontinent, dee sech bannendran an ëmmer méi kléng Unitéiten opsplécke wëll.

Dat kann een explizéieren, sozial, reliéis, politesch, historesch, mee ech hunn ëmmer d'Gefill, et geet am Fong ëm d'Ënnerstat an d'Uewerstat, ëm Buttek tëschent Nopeschdierfer, déi esou Famill matenee sinn, dass de Sträit bal onméiglech ass. A just dowéinst esou grouss.

A just dowéinst fält et engem dach op, wann an enger englescher Équipe keen Englänner méi spillt, an enger Tréierer kee méi vun Tréier, an enger Schwarzwälder esou vill Georgier.

An et misst eis op dësem Krichs-Kontinent immens gefalen, dass deen Duercherneen op Plaze wou et richteg, richteg wichteg ass - dat heescht am Sport - dass esou eppes do iwwerhaapt méiglech ass. Zeg Dausend Englänner, déi sech freeën, wa Fransouse Goaler fir si schéissen - am Fong ass dat immens. An dat Wuert wat fréier fir si benotzt gouf - Legionären , dat heescht: Frieme-Legionären - dat Wuert, dat verschwënnt ëmmer méi.

Schued nëmmen, dass do keng Iddi derhannert stécht, eng europäesch zum Beispill. Schued, dass et nëmmen ëm de Fric geet. Do ass de Sport eng Industrie wéi eng aner - et geet dem Profit no, a wann dee sech am beschte mat Fransousen an England realiséiere léisst, da maache mer dat alt.

Al sozialistesch, internationalistesch Idealer ginn do op eng koppech Manéier Realitéit.

An et wonnert ee sech.

An et berouegt ee sech bal, wa spuenesch Supporteren englesch Futtball-Spiller auspäifen, well se eng schwaarz Haut hunn. Dat ass gudden alen europäesche Rassismus, wéi een e gewinnt ass, gewierzt mat Ressentimenter tëschent Natiounen, jee, dat alt Europa, wou d'Armada géint Britannien segelt oder wou et honnert- an drësseg-jähreg Kricher gouf, a Weltkricher, gutt al Normalitéit quoi.

Mee Europa gëtt den Ament durcherneegemixt: an de grousse Stiet an Däitschland gëtt immens vill polnesch a russesch op de Stroosse geschwat, a Frankräich arabesch, zu Lëtzebuerg immens vill franséisch, eng däitsch Entreprise plënnert mat Maschinnen a Personal vun Tréier op Wecker, 60% Portugisen an der Fiels.

D'Grënn firwat dat alles geschitt, déi sinn emol schéin emol net esou schéin;

dat et geschitt, an deem alen Europa, dat fannen ech immens flott.

Bis een da mierkt, dat et nei Grenze gëtt, déi mer awer Wëlles hu richteg zouzehalen, Gelldir, Türkei an Europa, nee Merci, Afrikaner op der Gare, ech hale wuel jo.

Et ass wuel nach e wäite Wee, bis eis europäesch Welt net méi en Ënnescht-Duerf an Iewescht-Duerf gedeelt ass.