Commentaire:

Marc Linster, RTL Radio Lëtzebuerg

_________________________________

Déi lescht Woch gouf et bekanntlech en neie Moment am juristeschen Dossier ronderëm dat tragescht Luxair-Accident. De Procureur Robert Biever responsabiliséiert a sengem Réquisitoire nämlech an dësem Kontext d'Direction de l'aviation civile. Dat ass déi Verwaltung am Transportministère déi responsabel fir d'Kontroll vun der Aviatioun zu Lëtzebuerg ass. Och an der Chamber gouf déi läscht Woch iwwert d'Roll an de Fonctionnement vun der Administratioun discutéiert.

An dësem Kontext imposéiere sech haut eng Partie Froen. Iwwert d'Direction de l'aviation civile an hiren Direkter Henri Klein.

Den Henri Grethen ass zënter de Chamberwahlen net méi Transportminister, de Luxair-Direkter Christian Heintzmann gouf virun e puer Deeg gaangen, eng Partie Employéë vun eiser nationaler Loftfahrtgesellschaft goufen am Suivi vum Accident entlooss, duerno offiziell nees vun der Entreprise erëm geholl ...... deen eenzegen, deen de Moment nach ëmmer fest am Suedel sëtzt, ass den Henri Klein vun der Direction de l'aviation civile. An dat iwwerrascht mech awer zolidd: éischtens gëtt de Fonctionnement vun der Administratioun schonn zënter Joere vu Spezialiste kritiséiert, zweetens huet e MC Kinsey - Audit eng ganz Partie Lacunen a Saachen dacks un d'Dageslicht bruecht, drëttens ass d'Direction de l'aviation civile a politesche Kreeser staark kontestéiert a véiertens huet jo am Kader vum juristesche Volet vum Luxair-Accident de Procureur Robert Biever d'Fro vun der Responsabilitéit vun der Direktioun ganz couragéiert gestallt. D'Accident wär onméiglech gewiescht, wann d'DAC hir Roll richteg gespillt hätt.

Eng aner Réflexioun déi sech imposéiert ass déi iwwert d'Roll vum Direkter vun der Aviation civile Henri Klein: dee Mann huet manifestement de Fonctionnement vu senger Verwaltung net am Grëff an an dësem Kontext muss ee sech froen, ob d'Kontroll vun der DAC elo besser fonctionnéiert, wéi zu Zäite vum Accident. Fir de Passagéier ass ët wichteg ze wëssen, ob esouen Ongléck haut nach emol passéiere kéint, well ënnert anerem d'Kontroll net fonctionnéiert a sech net un d'Reegele vun der internationaler Loftfahrt gehale gëtt.

Doriwwer eraus muss ee sech froen, wéi den Här Klein engersäits eng Entreprise kontrolléiere kann, wou heen anersäits am Verwaltungsrot vun der Luxair sëtzt.

Et muss ee sech dat mol virstellen: den Henri Klein huet dräi Kapen op: heen ass net nëmmen Direkter vun der Aviation civile, mee donieft Regierungskommissär fir d'Luxair a Member vum Verwaltungsrot vun der Loftfahrtgesellschaft.

Méi wéi speziell ass awer och d'Tatsaach, dass de Fils vum Här Klein zënter kuerzem Conseiller de direction adjoint an der concernéierter Verwaltung ass.

Et stellt sech natierlech hei d'Fro, wéisou den Transportminister dat toleréiert... grad wéi den Henri Grethen schéngt säi sozialisteschen Nofollger Lucien Lux d'Hand iwwert den Henri Klein ze halen. Soll dat éiere si well den Här Klein zu Zäite vun der LSAP-Transportministesch Mady Delvaux grouss ginn ass. Oder wéi eng Trëmp huet dee Mann soss an der Hand?

Iwwregens huet den Henri Klein et fäerdeg bruecht, zënter dem trageschen Accident ni ëffentlech Stellung ze huelen. Hee refuséiert carrément mat engem Journalist ze schwätzen.