Commentaire:

Marco Goetz, RTL Radio Lëtzebuerg

_________________________________

D'Visite vum US-President Georges Bush an Europa a besonnesch zu Bréissel an all domatter verbonne Sécherheetsmesuren zu Laaschte vum normale Bierger, dorëms geet et haut am Kommentar vum Marco Goetz :

De mächtegste Mann vun der Welt ass zu Bréissel, sou huet et e Méindeg de Moien um belsche Radio geheescht. D'geballte Muecht vun der Welt also am Muechtzentrum vun der europäescher Unioun. Dat ass Symbolcharakter, deen et a sech huet.

Ma et géif een net wonneren, wann d'Leit vu Bréissel an och déi vu Mainz oder vu Bratislava sech fir d'Zukunft wënschen, datt sou Visiten hinnen erspuert bleiwen.

Dat ass wierklech net perséinlech gemengt. De Georges Bush ass wëllkomm, net awer de President Bush.

Well wee Jo seet zur Visite vun engem US-President muss Schikanen a Kaf huelen a muss Nee soen zu enger Partie Fräiheeten.

Mam Auto fure wou een normalerweis fiert, e Fliger, en Taxi oder de Metro dann huelen, wann een e brauch, trëppele wou ee Loscht huet, stoe bleiwen a kucken, ouns observéiert ze ginn, Geld ophiewen, an e Restaurant oder an ee Bistro goen, einfach esou.

Ënnert deenen Aspekter war d'Visite vum Georges Bush eng Zoumuddung.

Jo et versteet een, datt dee Politiker vun der anerer Säit vum grousse Pull méi a Gefor ass, wei den Här an d'Madame X vun der Strooss.

Wat een net verstoe muss, dat ass den Opwand, dee fir d'Sécherheet vun deem Politiker néideg ass, respektiv de Präis , deen de freie Bierger fir deen Opwand bezuele muss.

Wat waren dat dann nach Zäiten, wei den US-President Kennedy op Besuch an Däitschland war. Do konnt een net nëmmen den Auto vum President upake ma souguer och seng Hand.

Politik a Politiker fir unzepaken.

Ween zu Bréissel oder gëschter zu Mainz op déi Idee komm wier, dee kéint wahrscheinlech haut schonns schei Bonjoure vu Guantanamo-Bay heemschécken.

Wann souvill Distanz zu engem Politiker geschafe gëtt, dann entsteet och Distanz zur Politik.

A wann dann de President Bush op de Fändel weist op deem Demokratie a Fräiheet steet, da freet ee sech wat hee wierklech weise well ?

Vläit datt dausende vu Polizisten, Secret Service Agenten a soss aus alle Beräicher rekrutéiert Sécherheetsleit mat 11. September-Hysterie vollgepompelt ginn, fir dann am normale Bierger e potentielle Feind ze gesinn?

Et freet ee sech och firwat een den US-President dann iwwerhaapt a Stiet emfaangen huet, wou d'Ëmfeld jo sou schrecklech feindlech ass a wou Leit liewen, déi dem Bush schlechtes wëllen.

Wier et net besser a vill méi sécher gewiescht fir iergendwou iwwer Land eng Schaier ze lounen, a roueger Natur a wäit vun all Zivilisatioun erwëscht?

Do hätt een, wougéint näischt ze soen ass, wann et éierlech gemengt ass, da kennen a gutt gehëtzte Raim dat definitiivt Enn vun der transatlantescher Eiszäit zelebréieren.

Mä d'Politiker hunn anescht décidéiert.

Gutt gedoen huet awer, datt an där ganzer Amerikaniseierung, déi de President Bush mat an Europa bruecht huet, datt do de lëtzebuerger Premier an EU-Conseilspresident Jean-Claude Juncker d'Begréissung vum US-President op der Pressekonferenz en Dënschdeg zu Bréissel op franséisch gemat huet.

Vlait hätt hien et jo souguer och kennen op lëtzebuergesch soen, fir trotz neibeliefter Frëndschaft kloer ze maachen :

Mir wölle bleiwe wat mir sinn,

wölle jo keng Amerikaner ginn.