Commentaire:

Pierre Reyland, RTL Radio Lëtzebuerg

_________________________________

Gëschter ass de Kyoto-Klimaschutz Protokoll a Kraaft getrueden.

Klima- an Ëmweltschutz leie voll am Trend. Den amerikanesche Klima-Katastrofe-Film, „The Day After Tomorrow“, zum Beispill, hat zejoert eng Rekordzuel vu Leit an déi gutt klimatiséiert Kinossäll gelackelt. E weidert Beispill vun der momentaner Popularitéit vum Thema Ëmweltschutz fënnt een an der Auto-Industrie: et kommen ëmmer méi, sougenannten, „ëmweltfrëndlech“ Modeller op de Maart, déi matt ëmmer méi „propperem“ Benzin fueren. D'Marketings-Campagne sinn eng clever psychologesch Manipulatioun. An de Publicitéite gëtt den Androck vermëttelt, dass d'Produite vun den Autos- a Petrols-Entreprise carrément gutt fir d'Ëmwelt sinn.

An deem Kontext gelt de Kyoto Klima-Schutz Protokoll als konkreten an historesche Schrëtt, fir ze verhënneren, dass d'Klima sech an den nächste Jorzéngten duerch méi waarm Temperaturen esou verännert, dass et op dësem Planéit, op d'mannst emol fir d'Mënschen, sérieux existenziell Problemer gëtt. Quitt dass d'Amerikaner dem Kyoto Protokoll aus Egoismus de Fanger weisen, hu mëttlerweil 141 Länner versprach, an Zukunft e bësse manner CO2 Gaser an d'Loft ze blosen. De Wëssenschaftler hir Horror-Szenarie vun apokalyptesche Klimaverännerunge ginn elo also, wéi et schéngt, och vun de Politiker Eescht geholl.

Zu Kyoto, der japanescher Stad vun annerhallwer Millioun Awunner, wou de Klima-Protokoll 1997 ënnerschriwwe gouf, wor gëscht eng Zeremonie, matt vill Tam Tam. Do huet och déi kenianesch Ëmweltschützerin Wangari Maathai eng Ried gehalen. D'Wangari Maathai krut zejoert, wéint hiren Ëmweltschutz-Aktivitéiten, ëmmerhin de Friddens-Nobelpräis - e weidert Beispill, dass de Stellewäert vum Ëmweltschutz ëmmer méi grouss gëtt. Si sot gëscht dat heiten iwwert de Kyoto Klima-Protokoll: de Problem wier, dass ze vill Leit sech un hire momentane Liewensstil gewinnt hätten.

Mech huet dat ënnert anerem drun erënnert, dass ech och haut de Moien, um Dag nom Okraaft-Triede vu Kyoto, matt mengem Auto op d'Aarbecht gefuer sinn. Sou wéi all moies, sou wéi déi meeschte Leit... An deem Sënn muss ee sech froen, op d'Ëmsetze vun enger globaler Klimaschutz-Politik net vläicht virun allem eng Fro vun der individueller Responsabilitéit ass, vun der Bereetschaft, sech iwwert d'eegent Behuele bewosst ze ginn, an am eegene Liewen eppes fir d'Ëmwelt a fir Klimaschutz ze maachen.

Viru kuerzem hunn ech mer e Vëlo kaaft. An esou bal et net méi reent a schneit - wéini dat ass kann ee wéint de Klimaverännerungen hautzedags net méi soen - mee esou bal et net méi reent a schneit fueren ech mam Vëlo op d'Aarbecht. Dat ass versprach!