Commentaire:

Marco Goetz, RTL Radio Lëtzebuerg

_________________________________

Et soll een d'Kand beim Numm nennen, fir Rumeure keng Chance ze ginn.

Heiansdo kennt engem zu Oueren, datt Spezialunitéite vun der Santé an enger minutiéis geplangter Operatioun nees iergendwou am Land e Restaurant fonnt hunn, deen et mat der Hygiène net sou genee geholl huet.

D'Presse gëtt am Detail informéiert, jüst de Numm vum Restaurant kritt se net matgedeelt.

Et soll een d'Kand, Pardon de Restaurant, beim Numm nennen. Vun der Santé de Buttek zougemat kréien, ass jo kee Kavaléiersdelikt an de Numm intresséiert net nëmmen deen, dee sech a Restaurant'en schonns mol net nëmmen de Mo, ma och den Owend, d'Nuecht an d'gutt Laun verduerwen huet!

Et geet also drëm, eng kloer Sprooch ze schwätzen, fir datt kleng Verdächtegunge sech net an der Dunkelkammer vum Beschass zu risege Rumeuren entwéckelen, déi dann e Schued uriichten, deen ni méi gutt ze maachen ass.

Dee Risiko besteet den Ament an enger Affaire, déi näischt mat Restaurant'en ze dunn, engem awer trotzdem fatzeg op de Mo schloe kann.

Et geet em Perquisitiounen, déi am Oktober 2004, also virun 4 Méint, am Süde vum Land gemat goufen. Do huet et geheescht, datt d'Enquête sech géint ee Professer aus dem Minett riicht, dee Fotoe vun engem Meedche soll gemat hunn.

E puer Deeg méi spéit confirméiert de Procureur, datt no pornographeschem Material gesicht gouf.

De Steen, deen an där dote Saach un d'Rulle bruecht gouf, ass ëmmer méi grouss ginn.

Am Dezember war en dunn sou grouss, datt dee concernéierte Proff matzen an der Chrëschtvakanz, de 29. Dezember suspendéiert gouf. Uganks Januar huet dee Proff sech via saïn Affekot zu Wuert gemellt an huet d'Reprochen, déi géint hien erhuewe ginn formell kontestéiert.

Haut ass den 3. Februar. De Professer ass nach ëmmer suspendéiert, wat an den Oueren vun enger iwwerflächlecher Ëffentlechkeet op veruerteelt reimt.

Dobäi ass een dem Edelste vun de Rechtsprinzipien no, esou laang onschëlleg bis ee veruerteelt gouf, vum Riichter wuelverstanen, net vun der Vox Populi.

Fir deen elo concernéierte Mann gesäit et awer bal sou aus, wei wann hee seng Onschold beweise misst, sou wei Hexe virun honnerte vu Joeren hu musse beweisen, datt se net mam Däiwel am Bond sinn.

Well et soulaang dauert bis an der Enquête Neel mat Käpp gemeet ginn, duerf ee sech Froe stellen:

Wann nämlech näischt drun ass, dann ass schonns zevill geschitt, wat deem Professer a vläit och senger Schoul nohalteg an dann zu Onrecht ka schueden. Dat wier bedenklech, besonnesch well ee jo unhëlt, datt eng Suspendéierung oder och Perquisitiounen näischt ass wat liichtfankesch geschitt.

Ma wann eppes drun ass. Wou sinn d'Preuven? Wat ass op deene Fotoen drop, no deene gesicht gouf, ginn et déi Biller iwwerhaapt? Si se pornographesch? Hu rosen Elteren eng Plainte gemat a wa jo opgrond vu wat? E Jo als Äntwert op di zwou lescht Froe gëtt et biswell net.

Et soll een endlech Kloertext schwätzen. Huet dee Professer eppes gemat wat strofbar ass oder huet en ieren noweisbar vu senger Positioun als Enseignant Mannerjärege vis-à-vis profitéiert? Gëtt et eng Uklo oder net, gouf sech vläit geiirt a läit eigentlech näischt géint dee Mann fir, ausser dommt Geschwätz?

Am Intresse vun der Schoul gëtt et héich Zäit, datt deem Spuk en Enn gemat gëtt!