Commentaire:

Steve Staudt, RTL Radio Lëtzebuerg

_________________________________

Bei de Wahlen e lëschte Sonndeg am Irak huet den amerikanesche President George W. Bush d'Stëmm vun der Fräiheet héieren an de britesche Premier Tony Blair esouguer d'Kraaft vun der Fräiheet.

Fir de Lëtzebuerger Ausseminister an EU-Conseils-President Jean Asselborn sinn des Wahlen een décisiven Schrëtt op dem Wee zu engem Rechtsstaat.

D'Parlaments- an d'Regionalwahlen de läschte Sonndeg am Irak waren eng eenzeg Farce.

Wéi frei si Wahlen an engem Land, dat vu friemen Zaldote besat gëtt ... wat seet ënnert esou Conditiounen ee Wahlresultat iwwerhaapt aus?

Daat ass wéi wann hei zu Lëtzebuerg während dem zweete Weltkrich ënnert däitscher Occupatioun Wahlen gewiescht wieren ... do wier et kengem am Dram agefall, vu freien an demokratesche Wahlen ze schwätzen, oder?!

Wéi frei si Wahlen an engem Land, wou d'Leit a kompletter Onsécherheet liewen, wou d'Stroum- an d'Wasserversuergung permanent ënnerbrach ginn ... wou den Ausnamezoustand dekretéiert ass a wou Wahllokaler bis zum Schluss geheim gehale ginn.

Wéi demokratesch a virun allem wéi representativ si Wahlen, wou d'Hälschent vun der Populatioun ausgeschloss ass, dorënner grouss a wichteg Provënzen, wéi Bagdad?

Wéi demokratesch si Wahlen, déi vun iwwer 70 Parteie boykottéiert ginn, wou déi grouss Majoritéit vun de Kandidaten anonym ass a keen se kënnt?

Froen dierf ee sech och stellen, wéi korrekt déi Wahlen am Irak iwwert d'Bühn goungen, wou keng Wahlobservateuren zougelooss waren a wou d'Wahlen vun der jordanescher Haaptstad Amman aus kontrolléiert goufen.

Et dierft ee sech doriwwer eraus och froen, wéi frei déi nei irakesch Regierung an Zukunft wierklech wäert sinn ... an ob d'Wahlen e läschte Sonndeg wierklech een décisiven Schrëtt a Richtung vun engem Rechtsstaat waren, wéi de Lëtzebuerger Ausseminister an EU-Conseilspräsident Jean Asselborn gemengt huet.

Där nächster irakescher Regierung sinn näämlech a wichtege Wirtschafts-, Finanz- a Steierfroen, genee esou wéi am Strofrecht, d'Hänn gebonnen an zwar nach iwwert Joeren eraus.

Daat well d'Mëtt d'läscht Joer deen deemolegen amerikanesche Besatzungschef fir den Irak, Paul Bremer, bal 100 Dekreter verhaangen hat, wouvunner de Gros egal wat fir eng irakesch Regierung fir 5 Joer, also bis Mëtt 2009 rechtlech bënnt.

Déi nächst irakesch Regierung wäert och net décidéieren, ob a wéini déi amerikanesch oder aner Truppen d'Land verloosse wäerten an et kann ee sech och kaum virstellen, datt amerikanesch oder aner Zaldote sech virun engem irakesche Geriicht wéinst Verbriechen, wéi zum Beispill Folterungen un irakesche Prisonéier, wäerte musse veräntwerten.

Et kann een och kaum unhuelen, datt déi sougenannten „Ordonnance 39“, déi d'Privatiséierung vu ronn 200 irakeschen Entreprisen virgesäit an déi géint dat internationaalt Völkerrecht verstéisst, esoubal vun iergendenger irakescher Regierung opgehuewe wäert ginn.

An och wann de Jean Asselborn mengt, datt et spéitstens um Enn vum Joer keng Ursaach méi fir d'Präsenz vun auslänneschen Truppen am Irak géif ginn, sou wäert des Décisioun weder zu Bagdad, nach zu Bréissel geholl ginn ... mais eenzeg an alleng zu Washington.

Frei Wahlen ginn et am Irak eréischt dann, wa sämtlech auslännesch Zaldoten aus dem Land sinn.

Fréistens da wäerten d'Iraker och kënnen a Sécherheet liewen.