Commentaire:

Nico Graf, RTL Radio Lëtzebuerg

_________________________________

T'ass eng Saach, op déi ech wierklech net besonnesch houfreg sinn.

Mir waren a Polen, deemools, e pur jonk Leit aus dem Westen, invitéiert vum Anna op Warschau, 1975 muss dat gewiescht sinn.

Zäite waren haart a Polen, et gouf neischt ze iessen, nëmmen an de ganz deiere Restaurante war eppes ze kréien an nach nëmmen, well mir mat Devise bezuelt hunn. Ech hat meng Zännbiischt vergiess an d'Anna ass mat mer duerch ganz Warschau gelaf, fir un engem vun de sëlleche Kiosken eng Zännbiischt ze fannen, eng gutt. Et huet missen eng si mat richtegen Hoer an aus Holz, sot d'Anna, kéng aus Plastik. A wéi ech meng Zännbiischt - mat richtegen Hoer an engem decke kapp - bis hat an déi éischte kéier meng Zänn dermat gewäsch hunn, dun hunn ech gemierkt, dat de Kapp vun der Biischt vill ze grouss war fir mei Mond an dat Buuschte vun der Biischt tëschent den Zänn hänke bliwwe sinn. An eréischt dun ass mer opgefall, dat mer am Westen nëmmen nach Zännbiischten aus Plastik hunn, mat engem klénge Lapp a Plastiksbuschten, déi net erausfalen. Wann ech u Polen denken, denken ech un déi Zännbiischt aus Holz mat richtegen Hoer.

Awer nëmme wann ech un déi aner Saach net denke wëll.

D'Anna ass mat eis an de Süde vu Polen gefuer, mam Zuch. Mir waren zu Krakau. An eng kéier stounge mer op enger Gare an et gouf gewisen, wou deen nächsten Zuch no eisem vum selwechte Quai aus géing hifueren. Den Zuch sollt op Oswiecim fueren. Ech hunn e bësse méi laang op deen Numm gekuckt, du stoung d'Anna op emol nieft mer a sot, Auschwitz, ech hunn neischt verstan, Oswiecim , huet d'Anna op franséisch explizéiert, dat wier op däitsch Auschwitz. Du hat ech och verstan. An och verstan, dat ech bis dohinner net wosst, dat Auschwitz a Polen géing leien. Bon, ech hat virdru scho gemierkt, dat ech mer iwwer dee Volet vun der däitscher an der europäescher Geschicht bal alles selwer bäibruecht hat, wat ech iwwerhaapt wosst - an dat war net vill -, mee dat Oswiecim géing a Polen leien, hat ech net geléiert.

Wourop ech guer net houfreg sinn: ech hunn net gesot, kommt, mir fueren dohin, esou nobäi bei der lagere si mer esou bal net méi. Haut schummen ech mech fir déi iIdifferenz, déi Ggedankelosegkeet, dee Wëllen, ewechzekucken.

Haut, wou de Prënz Harry méngt, ë kënnt sech mat engem Hakekräiz verkleeden, haut wou am sächsesche Parlament zu Dresden d'NPD aus dem Parlament erausleeft, wann un Affer vun de Nazie geduecht gëtt, an dësen Deeg, wou et 60 Joer hier ass, dat d'Roud Arméi zu Auschwitz nach just 6000 Leit befreie konnt, nodeems der iwwer eng Millioun do ëmbruecht gi waren.

Indifferenz haut - wat wier dat?

Net dohinner goen, wann aal Männer mat Schoulklassen iwwer Hinzert schwätzen?

Ewechkucken, wann an der Nopeschstad Tréier eng NPD-Demonstratioun ass?

Oder - méi weit gekuckt - Indifferenz, ass dat, wann een nëmme fir d'Tsunami-Affer spent mee vun den honnertdausenden Doudegen am Darfour néischt wësse wëll? Wann Afrika fir eis vill méi weit ewech ass wéi Südostasien, well an Afrika kéng westlech Touristen ënnerwee sinn?

Indifferenz - de Schrëftsteller Ellie Wiesel sot, hien hätt 5 amerikanesch Presidente gefrot, firwat Amerikaner d'Zuchs-Gleisen am Süde vu Pole Richtung Auschwitz net bombardéiert hätten, an e krut nie eng Äntwert.

Net dat mer haut iergendeen oder eppes misste bombardéieren.

Obwuel - Rosinenbomber fir Asien a fir Afrika, dat wier dach guer net esou verkéiert.

Spendenteppecher fir all déi, déi et brauchen - dat wier dach eppes.

An duerno iwwer Verbesserungen an de internationalen Handelsbezéiungen diskutéieren - net verkéiert.

Mee esouwäit si mer iergendwéi nach net.

Mee d'Indifferenz stécht mer am kapp, wéi d'Buuschte vun der Zännbiischt zu Warschau mer tëschent den Zënn souzen.

Et kritt ee se net eraus a se stéieren de ganzen Dag.

Se maan ee geckeg, an dat ass gudd esou.