Sief et bei Geleeënheet vu Presidentewahlen an engem grousse Land oder engem Hierdebréif an engem winzege Land, ëmmer erëm gëtt een duerch d’Aktualitéit mat der Problematik vun der Relioun konfrontéiert. Ob ee wëll oder net. Et kann een dës aktuell Geleeënheeten awer och dozou benotzen, fir sech e puer Gedanken iwwer Gleewegkeet an hir Roll an der heiteger Gesellschaft ze maachen.

An dat mécht de Lambert Schlechter, Schrëftsteller a Philosoph, an dëser Carte Blanche.

Meng Mamm ass mat onkomplizéierter Frëmmegkeet gären an d’Oktav gaang; mäi Papp hat Tréinen an den Aen, wann en dem Mozart seng „Krönungsmesse“ gelauschtert huet …

Ech gouf gedeeft, hunn de Katchëssem opgesot, hunn d’Kommioun gemeet wéi quasi jiddwer Lëtzebuerger an de 50er-Joeren.

Wéi ech an den Alter koum, wou de Verstand ufänkt ze fonctionnéieren, mat 15, 16 Joer, hunn ech mat der Relioun gebrach — d’Relioun vu mengen Elteren, vu mengem Land.

Meng Elteren hunn mech gewäerde gelooss, si hunn meng Gedanke respektéiert — an ech hir och.

Wann ech säit Joerzéngten d’Relioun fir schiedlech a geféierlech halen, mengen ech domat net déi vu menger Mamm a mengem Papp.

Mat Bléck op dat, wat an Welt ronderëm ons geschitt, halen ech d’Relioun fir schiedlech a geféierlech, wann se versicht, dem Denken an dem Handele vun de Mënschen — an also à la limite der ganzer Gesellschaft — hire Stempel opzeprägen, an sech dobäi legitiméiert mat dem Argument, dat kéim jo alles vu Gott.

Datt alles vu Gott kéim, ass d’Grondargument vun deenen dräi monotheistesche Reliounen — déi sougenannt geoffenbart Reliounen, an deenen alles, wat an den hellege Bicher geschriwwe steet, wuertwiertlech Gottes Wuert ass.

Ech verstinn net, wat de Gleewegen domat mengt, wann e mer seet: Ech gleewen u Gott. Ech kann déi Ausso nëmmen zur Kenntnis huelen, ech ka mer näischt drënner virstellen.

Déi Ausso interesséiert mech, faszinéiert mech — mä si nervt mech och. An et gëtt Ëmstänn, ënnert deenen déi Ausso mer Angscht mécht.

An zwar all Kéier dann, wann déi reliéis Gleeweg, an engem vermeindleche gëttlechen Opdrag, op d’Denken an d’Handele vun hire Matmënschen awierke wëllen — oft mat verbaler, an och mat tätlecher Gewalt.

An dat geet ganz schnell, wéi mer aus der Geschicht, an aus der Aktualitéit wëssen, bis hin zum Mord. Verfolgung a Mord — mat gëttlecher Uweisung. A leider fannen sech gëttlech Uweisungen un déi Gleeweg, dat di Ongleeweg sollte verfollegt, bekämpft an och higeriicht ginn, schwaarz op wäiss an den hellege Bicher vun deenen dräi monothéistesche Reliounen:

- an der jüdescher Tora,

- am chrëschtlechen Evangelium

- an am islamesche Koran.

Déi Gleeweg, an der Vergaangenheet, an och nach haut, déi d’Muecht derzou haten —  oder nach hunn —, si bereet, am Numm vun hirem Gott iwwer Läichen ze goen. An dat alles berout op purer Irrationalitéit.

Dat alles berout op engem Gottesbegrëff, dee vrun e puer Joerdausenden an engem magesch-archaïeschen Ëmfeld entstan ass — a bis haut, leider, magesch-archaïesch weiderwierkt.

An engem dauernde Widdersproch mat dem kloere Mënscheverstand.