Virun e puer Deeg koum déi zimlech sensationell Noriicht vum Poopst Benedikt XVI. senger Demissioun.

Iwwert dëse Poopst a säi Pontifikat huet de Lambert Schlechter, Schrëftsteller a Philosoph, sech e puer Gedanke gemaach.

Den däitsche Poopst, Joseph Ratzinger, Benedikt XVI., gëtt also op, hie kann net méi, hie wëllt net méi. A knapp 14 Deeg, de 28. Februar, dankt hien of — säi Pontifikat huet ronn 8 Joer gedauert.

Hie war vun Ufank un eng Zort Verleeënheetsléisung – et gouf oft gesot, hie wär en Iwwergangspoopst. Et wor jo och net liicht, d’Successioun vum charismatesche Karol Wojtyla unzetrieden, de polnesche Poopst, deen e Véierelsjoerhonnert laang d’kathoulesch Kierch, d’kathoulesch Welt geprägt hat.

Vill Leit, och vill Gleeweger, hunn deemools geduecht, an och gehofft, dat elo d’Zäit komm wär fir eng Erneierung — d’Zäit fir e Poopst aus Lateinamerika oder aus Afrika, Kontinenter an deenen de Katholizismus nach lieweg ass, an eng Zukunft huet…

Mee no dem Jean-Paul II sengem Doud hunn d’Kardineel, di meescht vun hinnen vum Wojtyla ernannt, entscheed:  et sollt eurozentresch-konservativ weidergoen:

Si wielen de Joseph Ratzinger, Präfekt vun der Glaawenkongratioun, d.h. de strenge Bewahrer vum Dogma.

Wat kann e vun den 8 Joer Benedikt-Pontifikat zréckbehaalen? Wuel kaum en Héichpunkt.

Den Däitschen CDU-Politiker Heiner Geissler, Jesuite-Schüler a gleewege Chrëscht, huet vrun e puer Deeg an enger Table ronde op der Televisioun deklaréiert, dësem Poopst seng gréisst, epochal Leeschtung wär säi Récktrëtt gewiescht…

Dëse Poopst war keng Féierungsfigur, dat ass gewosst, an dat wosst hie selwer: hie war den Intellektuellen um Péitrus sengem Stull. Géint de gewaltege Machtapparat vun der réimescher Kurie konnt hien sech net duerchsetzen.

A sengem Bestriewen, Glaw et Vernunft ze conciliéieren, konnt hien näischt anescht maache wéi d’Vernunft dem Glawen ze ënnerwäerfen — wéi wann et d’Aufklärung nie ginn hätt. De Kärausdrock vun senger Doktrin, näämlech „Diktatur des Relativismus“ ass weider näischt wéi e Schlag an d’Waasser.

A sengen zwee Jesus-Bicher setzt hie sech glat ewech iwwert méi wéi zwee Joerhonnerten exegetesch an historesch Forschung.

Am Dialog mat de Reliounen huet hien d’Fronten éischter verhäert, d’Muslimen an d’Protestante widder de Kapp gestouss.

Am Verhältnes mat de Judde gëtt et och e Réckfall, duerch d’Rehabilitatioun vun negationnisteschen Integristen an duerch d’Erëmaféierung vun der Pius-Mass, an där di (mäerderesch) Thes vun der jüdescher Schëllegkeet um Jesus sengem Doud thematiséiert gëtt.

Et ass him awer héich unzerechnen, dat hien et fäerdeg bruecht huet, am Bezuch zu de Pädophilie-Skandalen, an engem Interview ze deklaréieren: „… Schließlich hätten die Medien nicht in dieser Weise berichten können, wenn es nicht in der Kirche selbst das Böse gäbe.“

AUDIO: Carte blanche vum Lambert Schlechter