An der Debatt iwwert Kannererzéiung a Wäertvermëttlung daucht ëmmer erëm d’Fro op, wéi eng Roll dobäi d’Relioun spille soll, kann oder muss.

De Lambert Schlechter, Schrëftsteller a Philosoph, huet sech dozou e puer Gedanke gemaach.

Et soll e kengem wéi doen.
Et soll e léif mat engem sinn, deen traureg ass.
Et soll een engem hëllefen, deen Hëllef brauch.
Et soll ee mat engem deelen, dee manner huet.
Et soll ee keen zu sengem Schued beléien.
Mir sinn all gläich a fräi gebuer.

Dat sinn elementar mënschlech Wäerter, déi een als Elteren oder als Erzéier de Kanner, vu klengstem un, vermëttele soll a muss.

Dozou gëtt et am Patrimoine vun der Mënschheet, an allen Zivilisatiounen, Geschichten a Legenden, Präzepter a Virschrëften mat allgemenge Grondwäerter, déi onofhängeg vu Geschlecht, Hautfaarf, Nationalitéit, Kultur oder Relioun, fir all Mënsch gëlteg sinn.

Elo ass et awer esou, dass an der Debatt ëm d’Kannererzéiung sech ëmmer erëm reliéis Vertrieder amëschen, fir an iergend enger Form ze behaapten, moralesch Wäerter, déi net reliéis verankert wären, hätten eigentlech kee Wäert…

An domat viséieren ech net den islamesche Fundamentalismus, nee, ech bleiwen strikt am Kader vun onser Kultur an onser Relioun.

Eng Grondthes vum ofgedankte Poopst Benedikt XVI. war, datt Wäerter, déi net aus der Relioun kommen, an de Relativismus féieren, a vun do an den Nihilismus, d.h. an eng Welt vun Onmënschlechkeet.

Dës Grondthes gëtt a ville Variante vu kierchleche Vertrieder weiderpropagéiert. Och hei zu Lëtzebuerg.

Kloertext: Eltere, schéckt är Kanner an de Katchëssem, soss geet d’Welt ënner…

Deem muss mat aller Schäerft widdersprach ginn.

Meng Fro: zu deene Grondwäerter, déi ech am Ufank erwähnt hunn, wat kéim do, iwwernatierlech aus der Relioun, maassgeeblech derbäi?

Näischt.

Wa mer vu Relioun schwätzen, musse mer wëssen, vu wat mer schwätzen. Relioun, dat sinn déi zwee helleg Bicher, alt an neit Testament — an do drop e immenst Gebai vun Theologie an Dogmatik.

An do geet Rieds vun all méigleche Saachen.

Datt Gott den Universum a 6 Deeg erschaf huet, datt hien a Palästina e gewaltege Genozid ugestiwwelt huet, fir sengem Liiblingsvollek Liewensraum ze schafen, datt hie jiddereen deen net un hie gleeft mat éiwegem Feier bestrooft, datt hie spéider e jonkt Meedche geschwängert huet, an dono säin eegenen eenzege Jong bluddeg geopfert huet, an datt dono dëse Jong, deen och elo Gott war, aus dem Graf operstanen ass an, an den Himmel geflunn ass, an datt dono och seng Mamm liewege Läifs eropgeklommen ass, asw asw asw…

Mä dat alles ass dach näischt fir Kanner…

Ech hu mengem Bouf, wéi en 6 Joer al war d’Geschicht vum Samariter erzielt. Eng schéi Geschicht iwwert d’Bridderlechkeet. Si steet an der Bibel - an et ass eng reng mënschlech Geschicht, ouni iergendwellech iwwernatierlech Referenz.

Beim Konfuzius, beim Buddha, beim Lao Tse, beim Epikur gëtt et och esou Geschichten. Schéin, léierräich Geschichten. Och fir Kanner.

Si all gehéieren zum Patrimoine de l’Humanité: e wäertvolle Schatz, aus deem Elteren an Erzéier, ouni Ëmwee an d’Jenseits, mënschlech Wäerter schöpfe kënnen.

Dogéint maache gëttlech Uweisungen oft Angscht — et stinn där Uweisungen vill ze vill an den hellege Bicher, déi voll vu Mënscheveruechtung sinn.