Dobausse fänken déi éischt Blieder un ze falen… A senger Carte Blanche vun haut proposéiert de Lambert Schlechter eng kleng Meditatioun iwwert déi melancholesch Joereszäit.

„Dobausse stinn d'Beem nach voll am Laf, ma 't ass wéi en Donst iwwer d'Blieder gelaf,

se fänke mat Plazen u raschteg ze ginn,

ech hunn et haut an de Bëscher gesinn.

 

An donidde laascht d'Baach, an de Wisen am Dall,

do ass eng Blumm mer an d'A gefall,

nach hallef am Knapp, ma ech weess Bescheed,

't ass Hierscht, wann déi Blumm an de Wise steet.

 

An ech sinn op heem zou an d'Haiser gebéit,

hei souze scho Schmueble verspreet an den Dréit,

vereenzelt Nouten am Telephonsstrank,

ma liicht ze liesen a klor am Klank.“

e Gedicht vum lëtzebuerger Poet Marcel Reuland, deen 1956 gestuerwen ass. Esou een Text hätt net kënne geschriwwe ginn am Kamerun oder am Norde vu Groenland, well dat si Géigende wou et keng Joereszäite gëtt – oder keng wéi mir se kennen.

Mir liewen hei an der ‚zone tempérée‘, engem Breitegrad mat engem Joeresrythmus vu staarke klimatesche Schwankungen, deene mir Nimm ginn hunn: Fréijoer, Summer, Hierscht a Wanter…

An onst ganzt Liewen, séilesch a kierperlech, gëtt beaflosst a bestëmmt vun dësem Rhythmus an dëse Schwankungen.

Schwankungen, dat heescht och Bewegung, Ongläichgewiicht, heescht och Onrou. Mir liewen an engem onrouege Klima, — a bekloen ons munnechmol, am Summer ass et ons ze waarm, am Wanter ze kal…, mä mir sinn dru gewinnt, vläicht brauche mer et…, vläicht wéilte mer guer net an engem dauernde Summer liewen, wéi d’Leit am Kamerun, oder an engem dauernde Wanter wéi d’Eskimoen…

Dat Wuert Hierscht huet an onsen Oueren e ganz bestëmmte Klank — an eng villschichteg Bedeitung déi nëmme mir verstinn.

*

Firwat net emol zwou Minutten ofschalten, erausschalten aus dem Alldag mat senge Beschäftegungen a senge Suergen, aus dem Weltgeschéie mat senger Hektik a sengen Tragedien. Zwou Minutten ons fale loossen, schwiewe loossen an der Melancholie vum Hierschtgefill…

Keng Joereszäit huet d’Kënschtler, virun allem d’Poeten an d’Moler, méi inspiréiert wéi den Hierscht mat senger iwwerschwänglecher Schéinheet an zugläich senger Symbolik vu Vergänglechkeet.

Hierscht am Oflaf vum Joer. Hierscht am Oflaf vum Liewen.

Et ass kloer, dat mat de Liewesjoeren, d’Gefill fir den Hierscht ëmmer méi u Gewiicht a Bedeitung zouhëlt; déi éischt verwielecht Blieder vu mengem Lannebam leie schonns an der Wiss — e 15järege géing iwwert esou eppes kaum Gedanke maachen…

e chinesesche Poet aus dem XII. Joerhonnert, de Sin K‘i T‘si, huet dozou e wonnerbaren Text geschriwwen:

„wéi ech nach jonk wor

hunn ech Batterkeet ni emfont

mee si gäer op héich Tirrm geklomm

                op héich Tiirm

an hu Batterkeet gemëscht

a jidfer Lidd dat ech gesongen hunn

 

haut, wou ech Batterkeet

all Dag spiiren

dauernd op der Spetzt vu mengen Zong

                op der Spetzt vu menger Zong

haut soen ech nach just:

kuck, wat hu mer haut e schéine frëschen Hierschtdag“

AUDIO: Carte Blanche