Et ass haut bal onméiglech, eng Zeitung opzeschloen oder Noriichten ze lauschteren, ouni op de Begrëff "Kompetitivitéit" ze stoussen. Et huet een heiansdo den Androck, datt d’Kompetitivitéit vu verschiddener Säit zu enger Zort kategoreschem Imperativ erkläert gëtt. Eng bedenklech Entwécklung, mengt den Alain Wagner a senger Carte blanche.

Et ass wuel muncher engem schonn emol virkomm, datt e vun der Nostalgie gepaakt gouf an a sengen ale Schoulbicher gebliedert huet. Sou sinn ech viru Kuerzem a mengem fréiere Geschichtsbuch op en Dokument aus dem 19. Jorhonnert gestouss, dat mir nawell ze denke ginn huet. Et ass eng Petitioun vun engleschen Industriellen, déi sech doriwwer bekloen, datt d’Parlament d’Aarbechtszäit an de Kottengsfabrécke wëll begrenzen. Fir profitabel kënnen ze schaffen – haut géing ee soen: fir kompetitiv ze bleiwen –, ass et an hiren Aen absolut noutwenneg, datt eelefjäreg Kanner kënnen agestallt ginn an datt si 12 Stonnen den Dag schaffen.

Sécher: Et huet sech zënter dem Zäitalter vun der industrieller Revolutioun enorm vill geännert, an et kann een den Industrielle vun haut wuel kaum ënnerstellen, si wéilten erëm dohinner zeréck. Allerdings huet deen zitéierten Text eis och elo nach munches ze soen.

E weist, datt sozial Rechter net grousszügeg vun uewe verdeelt goufen, mä datt si hu missen erkämpft ginn. Am Frankräich gouf zum Beispill de bezuelte Congé eréischt 1936 agefouert – deemools grad emol zwou Wochen.

Aus dem Dokument kann een awer och erausliesen, wat geschitt, wann nëmmen nach no ökonomesche Critèrë gekuckt gëtt an de Mënsch just nach e Mëttel zum Zweck ass. A grad dofir ass et beonrouegend, wann haut verschidden elementar sozial Rechter vum Patronat am Numm vun der sakrosankter Kompetitivitéit a Fro gestallt ginn.

Den Index wëllen integral ofschafen, an dat an engem Land, wou bal ee Salarié vun zwee net vun engem Kollektivvertrag geschützt ass, heescht näischt aneres, wéi zouzeloossen, datt déi sozial Schwaach nach méi schwaach ginn. De Mindestloun wëllen erofsetzen an dann och nach vum Staat verlaangen, datt dës Form vun Ausbeutung duerch sougenannt Sozialtransfere kompenséiert gëtt, dat grenzt scho bal un Zynismus. Wann et dorëm geet, um Réck vun de Beschäftegten d’Profitter ze steigeren, dann ass d’Agräife vum Staat op eemol erëm wëllkomm.

Och am Bildungsberäich sinn d’Propose vun de Patronatsvertrieder äusserst symptomatesch. Fir méi kompetitiv ze sinn, solle mir de Lycée op sechs Joer erofschrauwen. Dat géing bedeiten, datt mir an d’Richtung vun enger radikaler Spezialiséierung ginn a fir de Rescht d’Schüler mat e puer Basiskompetenzen ofspeisen. Si sollen esou séier wéi méiglech duerch de System geschleist an dem Aarbechtsmaart zougefouert ginn. Fir Allgemengbildung an d’Formatioun vum ganze Mënsch bleift do wéineg Plaz.

Natierlech muss ee realistesch bleiwen, an natierlech kann een d’Schwieregkeeten, deenen haut besonnesch kleng a mëttel Betriber an enger globaliséierter Economie ausgesat sinn, net einfach ignoréieren. Sozial Verantwortung a wirtschaftlech Vernonft mussen Hand an Hand goen. Mä wann d’Kompetitivitéit zu enger Zort Ideologie erhuewe gëtt, wa se zum Kompetitivismus gëtt, dann ass et héich Zäit, fir d’Noutbrems ze zéien. Well do, wou Ideologië triumphéieren, geet et de Mënsche meeschtens schlecht.