A senger Carte blanche versicht de Lambert Schlechter mat dem russeschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg, Dr Mark Entin, engem international bekannte Jurist, zum Thema Recht a Meenungsfräiheet an d’Gespréich ze kommen.

Exzellenz, Dir sidd säit engem Joer russeschen Ambassadeur hei zu Lëtzebuerg. Dir sidd Jurist vu Formatioun a Spezialist vun europäeschen Recht: dat gëtt mer Hoffnung, dass der en Ouer hutt, fir dat wat ech mer, hei op der Antenn vun RTL, d’Fräiheet huelen iech matzedeelen.

Ech hat iech scho viru gutt dräi Wochen en „Offene Bréif“ an der geschriwwener Press adresséiert — virun enger gudder Woch hunn ech iech nach en handschrëftleche Bréif geschéckt, mat enger Photo vum Nadia Tolokonnikova mat senger klenger Duechter vu 5 Joer.

Vläicht hutt Der ärer Fra mäi Bréif an d’Photo gewisen, Dir hutt jo och 3 Kanner, dorënner en allerléifst klengt Meedchen, e bësse méi jonk wéi dem Nadia säint.

Dem Nadia säi klengt Meedchen huet säit dem 21. Oktober all Dag gefrot: Wou ass meng Mamma, wou ass meng Mamma…? Kee Mënsch konnt him et soen. Während 26 laanger Deeg war d’Nadia Tolokonnikova spurlos verschwonnen. Kee Mënsch, weder säi Mann, nach säi Papp, nach seng Frënn wosste wat mat him geschitt war; zum Schluss hunn se sech gefrot, op et iwwerhaapt nach liewe géif…

Säit e puer Deeg wësse mer: D’Nadia Tolokonnikova gouf a Sibirien deportéiert, méi wéi 5000 km wäit ewech vun senger Famill e senge Frënn, deportéiert an d’äiskal Isolatioun, wéi scho de Stalin et gemaach huet mat honnertdausenden Opponenten.

Exzellenz, ech froen Iech: wat huet di jonk Fra verbrach?

Si huet vrun annerhallwem Joer mat e puer Frëndinnen an enger Moskauer Kierch, zwou minuttelaang, e Protestlidd gesongen, dat dem Ex-KGB Agent Putin seng Kumpanei mat den reaktionäerste Kreesser vun der orthodoxer Kierch ugeprangert huet.

Bei ons zu Lëtzebuerg, Exzellenz, géingen iwwert esou eppes e puer Leit de Kapp rëselen an méi Leit awer esou e Protest verstoen an ënnerstëtzen.

An ärem Land, Exzellenz, ass dat anescht.

Do gëtt verhaft an agespaart. Op ieweschten Uerder. An da gëtt kuerze Prozess gemaach. Op ieweschten Uerder. An d’Uklo heescht: „Rowditum aus reliéisem Haass“! An da fält d’Urteel: Zwee Joer Prisong, Stroflager, Aarbechtslager…

Wat dat bedeit, am Joer 2013, Aarbechtslager am Putin sengem Russland, huet d’Nadia Tonokollikova de leschten 23. September, bei Geleeënheet vu sengem Hongerstreik, op 10 Säiten opgeschriwwen:

Aarbechtslager am Putin sengem Russland, dat heescht 16-17 Stonne pro Dag schwéier schaffen, dat heescht 4 Stonne Schlof pro Nuecht, e fräien Dag all sechs Wochen, dauernd Honger a Keelt, dauernd Vexatioune wéi Duschverbued, Toiletteverbued, dauernde Menace vun Prisongsadministratioun, Zerschloegin vun aneren Insassen — wéi d’Nadia an d’Lager ageliwwert gouf sot de Lagerchef Kupriyanov zu him: „Wat d’Politik ugeet, muss de wëssen, ech sinn Stalinist“.

Bis an d’Detailer entsprécht dat alles, wat e kennt säit dem Dostoievski sengem „Totenhaus“, dem Tchekhov senger „Rees op Sakhalin“ (iwwert d’zaristesch Repressioun), an dann Solschenitzin an Chalamov bis zum Dissident Anatoly Marchenko, deen 1981 vum Neo-Stalinist Brejnev an den Doud gedriwwe gouf…

Well d’Nadia Tolokonnikova dat alles publik gemaach huet, gëtt si elo mat sibirescher Isolatioun weider an zousätzlech bestrooft.

Dat ass alles haarsträubend, Exzellenz — an ech froe mech wéi der et maacht, fir an äre Virliesungen iwwert europäescht Recht, dat wat sech an Europa a Saachen Recht a Fräiheet zanter dem Montesqieu gedoen huet, ënnert een Hutt ze bréngen mat de sibireschen Zoustänn am Putin sengem Russland.