Zënter de Paräisser Attentater gëtt zënter Woche vill diskutéiert iwwert d’Ideologie vun der Gewalt, — an och ob bei den islamistesche Mäerder eng reliéis Motivatioun kéint bestoen. Dozou huet de Lambert Schlechter sech e puer Gedanke gemaach.

Déi immens Majoritéit vu Muslimen, och hir Imamen a Schrëftgeléiert, weisen entrüst e Bezug tëscht Gewalt a Koran zréck a soen hir Relioun géing Fridden a Baarmhäerzegkeet propagéieren. Eng analog positiv Opfaassung vun hirer Relioun hunn och di meescht Judden a Chrëschten  — an de Glaaven no deem si liewe bréngt hinnen existenziellt Gläichgewiicht an encouragéiert si zu friddvoller Matmënschlechkeet, och mat Mënsche vun anere Reliounen an och mat Mënschen déi keng Relioun hunn.

Esou eng Friddfäerdegkeet ass awer an den hellegen Texter vun hire Reliounen net virgesinn — an een, deen vu sech aus NET friddfäerdeg ass, fënnt massiv reliéis Begrënnunge fir seng Gewalttätegkeet.

An de Schrëfte vun deenen dräi monothéistesche Relioune gëtt et eng ganz Rei Texter, déi op eng rabiat Manéier déi Gleeweg explizit opfuerderen, déi Ongleeweg net nëmmen ze verfollege mee och doudzemachen.

Dat ass de Fall am Islam, wou am Koran, Sourat IX,5, als Uweisung vu Gott geschriwwe steet: „Macht déi Ongleeweg doud, egal wou der se fannt“, oder an der Sourat 47, 4, wou geschriwwe steet: „Wann der Ongleeweger begéint, macht se doud, bis zu engem grousse Gemetzel…“

Mat analoger Kloerheet a Brutalitéit stinn esou gëttlech Uweisungen och an onser Bibel.

Am 5. Buch vum Alen Testament, „Deuteronom“, XVII. Kapitel, heescht et, a Gott sengen eegene Wierder: „Wien an anere Gott wéi de Yahwe huet, soll gestängecht ginn“.

Des Mordopfuerderunge gi bis zum Genozid, wann am VII. Kapitel ganz Völker opgezielt ginn, déi solle vernicht ginn: Hetiter, Girgaschiter an Amoriter, Kanaaniter a Perisiter, Hiwiter an Jebusiter.

Net manner brutal klengt et am Neien Testament, wann de Jesus, bei Lukas 19, 27 seet: „Meng Feinden, déi net wëllen, dat ech hire Kinnik sinn, bréngt se heihin an erschlot se vru mengen Aen.“

Op anere Platzen droht de Jesus den Ongleewege mat dem éiwegen Doud vun der Hell, — wat dann och vum Paulus am 2. Bréif un d’Thessalonicher widderholl gëtt. Ähnleches och am 2. Bréif vum Péitrus.

Wann elo e Gleewegen mer seet, an der Hl. Schrëft misst een eben haut déi Kapitelen auswielen, déi an ons Zäit passen, deem äntweren ech dass hie sech an de Widdersproch mat senger Kierch stellt, wou an der dogmatescher Konstitutioun „Dei Verbi“ vum II. Vatikanesche Konzil (1965) déi duerchaus archaiësch Usiicht vertruede gëtt:  „d’Bicher vum Alen a vum Neien Testament sinn an hirer Ganzheet mat allen hiren Deeler helleg, kanonesch a Gottes Wuert…“

Mat esou engem Gott ginn déi Gleeweg eens. Ech net.