Chrëschtdag - gemittlech Stonnen an der Famill oder mat Frënn, do freeë mir eis dach alleguer drop. Si se wierklech sou idyllesch, wéi dat an sou muncht Lidd wochelaang gesonge gëtt…? Doriwwer eng Carte Blanche vum Christiane Bram, Ekonomist a begeeschterten Kommunikatiounsexpert.

AUDIO: Eng Carte Blanche vum Christiane Bram

Nee, ech fänken elo net mat enger Moralpriedegt iwwer de Sënn an d’Wäerter vu Chrëschtdag un. Nee, ech wäert och kengem virschreiwen, wéi e sech an der Zäit viru Chrëschtdag ze verhalen huet. Nee, ech schwätzen och net iwwer den Ursprong vu Chrëschtdag a firwat mir iwwerhaapt haut zwee ganzer gesetzlecher Feierdeeg fir Chrëschtdag a Stiefesdag hunn.

Méin éischte Gedanke geet un déi ganz Pseudo-Diskussioun ronderëm d’Thema Plastik, wou mir awer nëmme bei deene Geleeënheeten driwwer schwätzen, wou et eis arrangéiert. Op e klenge Schallimo aus Plastik ass mëttlerweil bal jidderee bereet ze verzichten. Ganz anescht gesäit et awer dann aus, wann ech mech vum Kafrausch Enn dës Joers matrappe loossen, dee scho virun Halloween mat grujelegen Doten ufänkt, fir duerno um schwaarze Freideg déi kleng Plastikskaart nach emol gutt duerchzerëselen an dann am Endspurt mat blénkegen Etiquetten a Richtung Solden op Héichtoure leeft.

An der Vir-Chrëschtzäit muss ech mech duerch d’Geschäfter duerchbriechen, tëscht Millioune faarwegen Artikelen aus Plastik oder ähnlechem; vun Dekoratiounsartikelen, iwwer Spillsaachen, Kleeder an iergendwellech liichtend oder kaméidismaachend Géigestänn, vun deenen een anscheinend absolut muss am Besëtz sinn, fir mat eiser Gesellschaft kënne matzehalen.

Ass eis gréngt Gewëssen tatsächlech sou kuerzlieweg an sou einfach duerch lackeleg Offeren ze ënnerdrécken? Brauche mir vläicht och an eisem Kafverhalen eng europäesch Direktiv, déi eis Restriktiounen imposéiert oder eng Regierung, déi no Trennung vu Kierch a Staat an enger nächster Etapp och schlecht Gewunnechten ënnerdréckt?

Mäin zweete Gedanke geet un d’Chrëschtdeeg selwer. Déi meescht vun eis freeë sech jo op dës trotzdeem besënnlech Deeg -ob ee gleeweg ass oder net- wou ee seng perséinlech Reserven nees fëlle kann. Wann een dann awer de Stress am Alldag gesäit, wou obligatoresch Kaddoe gesicht ginn, Bestellunge fir déi bescht Chrëschtgäns oder de feierlechste Menü am Restaurant gemaach ginn, d’Kanner e Kleesercherspyjama oder Elchekostüm -made in China- an déi Grouss en neie blénkegen Ensembel fir den eemolegen Owend kréien, kritt een Zweiwelen um Sënn a Soll vun dëser ganzer Zäit.

Brauche mir fir e puer schéi Stonnen ze verbréngen, onbedéngt eng ganz Show ronderëm, déi souwuel eiser Ëmwelt, wéi och eis selwer zu Schued kënnt? Brénge mir et net méi fäerdeg e puer Deeg ze verbréngen, just mat deem, wat mir selwer sinn? Mir liewen an enger "24 Stonnen op 24", "7 Deeg op 7"-Welt, wou mir ouni permanent Oflenkung, sief et duerch Animatioun, sief et iwwer sozial Netzwierker, net méi kënne bestoen.

Et ass elo de Moment, sech op dat Wesentlecht ze konzentréieren an all déi Oflenkungen, deene mir dagdeeglech ausgesat sinn, op e Minimum ze reduzéieren. Jidderee ka bei sech déi richteg Weeche stellen, fir eng sozialgerecht Zukunft am Respekt vun eiser Ëmwelt. Vill Problemer, déi mir eis selwer am Alldeeglechen duerch eise Liewensstil kreéieren, géife sou guer net optrieden a bräichten also och net geléist ze ginn. Dat ass den Ufank, wéi mir all zesummen e bessert Ëmfeld mat enger gënschteger Sozialkohäsioun kënne schafen.