An der Chrëschtzäit ginn traditionell vill Donen, "Actions de fin d’année" an Ähnleches méi fir gutt Zwecker a fir sozial Institutiounen gemaach. Eng dovu presentéiert an enger Carte blanche de Georges Hellinghausen.

Eist Häerz an eise Portmonni maache mer an der Chrëschtzäit méi wäit op wéi soss. Reliéis an altruistesch Gesënnung duerchdrénge sech do. Mä "nicht nur zur Weihnachtszeit", och allgemeng ass villfach aus reliéisen Iwwerzeegunge soziaalt Denken erwuess resp. si sozial Wierker entstan. Eent feiert dëst Joer säi 40. Anniversaire: den Tricentenaire. Un der Wéi stoung och hei eng spirituell Iddi, nämlech d’Oktav. 1978 war d’Dräihonnertjoerfeier, den Tricentenaire vun der Erwielung vun der Consolatrix afflictorum zur Patréinesch vum Land. Do hate wäitsichteg Leit wéi den Dechen aus der Stad Jean Heinisch dës Intuitioun: besser der Muttergottes aplaz vu Krounen an neie Räck e sozaialt Wierk schenken, wou an hirem Numm ka Mënsche gehollef ginn, déi Hëllef brauchen. Der Tréischterin eis Hänn offréieren, fir datt si mat hiren esou verlängerten Hänn an Äerm kann Trouscht spenden. Doraus ass d’Wierk vum Tricentenaire entstan zugonschte vu Leit mat engem Handikap, deenen hir Begleedung deemools wäit ënnerentwéckelt war.

AUDIO: D'Carte Blanche vum Georges Hellinghausen

Den Tricentenaire huet sech am Laf vun de Joren developpéiert an diversifiéiert. E begleet haut a ville Strukturen, Foyeren, engem Service „Aide à domicile“ asf. ëm déi 530 Persounen. 350 Fach- a benevole Kräfte sinn do engagéiert. Zum Groupe Tricentenaire gehéieren eng ganz Rei „Ateliers protégés“, déi am Sënn vun der „économie sociale solidaire“ an dem „Fair trade“ behënnerte Mënschen eng sënnvoll Beschäftegung an e Liewensënnerhalt erméiglechen: dat an enger Imprimerie, an der Schokela-, Téi- a Béierproduktioun an demnächst engem Vëlos-Atelier oder op engem pädagogeschen Haff am Éislek, wou Bio-Geméis soll ugebaut a verkaaft ginn. Derbäi kënnt e Vakanzenservice, deen hinnen erlaabt, vum Alldag ofzeschalten duerch Reesen a Kuerzweilaktivitéiten.

Den Tricentenaire ass an deene 40 Joer senger Philosophie treibliwwen: behënnerte Matmënschen, esou wäit et geet, zu engem selbstbestëmmten, autonome Liewe verhëllefen, hinnen op Aenhéicht begéinen a fir eng verantwortungsvoll Liewensgestaltung matten an der Gesellschaft Hëllefstellung ubidden, dëst an Zesummeaarbecht mat hire Familljen an och mat deene respektive Ministèren. Alles no der Devis „Faire mieux, ensemble, intelligemment et dans le bonheur“.

Georges Hellinghausen