An hirer Carte blanche geet d'Anne Brasseur op déi initial Vokatioun vun Europa an - de Fridden. A virum Hannergrond vun aktuellen Entwécklungen an der Welt schwätzt sech d'Politikerin fir eng europäesch Arméi aus.

AUDIO: Carte Blanche vum Anne Brasseur

"Die Einheit Europas war ein Traum von wenigen. Sie wurde eine Hoffnung für viele. Sie ist heute eine Notwendigkeit für uns alle."

Dëst ass en Zitat aus enger Regierungserklärung vum Konrad Adenauer, dem éischte Bundeskanzler am demokrateschen Däitschland nom Zweete Weltkrich.

D'Noutwennegkeet vun engem gëeenten Europa ass haut esou aktuell wéi scho laang net méi. An Zäite vu globale Krisen, wéi dem Klimawandel, dem internationalen Terrorismus, dem Flüchtlingsdrama oder den humanitäre Katastrophe steet d'Europäesch Unioun viru gewaltegen Erausfuerderungen, déi kee vun hire Memberstaaten eleng léise kann.

An awer ginn déi anti-europäesch Stëmmen ëmmer méi haart. A Groussbritannien waren dës Stëmme staark genuch, fir de Brexit ze provozéieren. Nationalistesch a populistesch Tendenzen huelen iwwerall zou.

Ëmsou méi wichteg schéngt et mir drun ze erënneren, wéi d'Europäesch Unioun entstanen ass. Europa war an ass an éischter Linn e Friddensprojet.

De Succès vun dësem Projet ass beispilllos am ganze Rescht vun der Welt. An awer liewen och mir op onsem Kontinent net op enger Insel. D'Spannungen tëscht dem Kosovo a Serbien huelen ëmmer méi zou.

De Konflikt tëschent Russland an der Ukrain beweist ons androcksvoll, wéi vulnerabel och ons Regioun ka sinn.

D'EU muss hei hir Verantwortung iwwerhuelen. Besonnesch well d'USA mat hirem aktuelle President keen zouverlässegen Alliéierte méi sinn.

Dofir muss déi Europäesch Unioun onbedéngt mat enger Stëmm schwätzen a sech déi néideg Moyene ginn, fir e staarkt Géigegewiicht vis-à-vis vun all deenen duerzestellen, déi mengen, datt hir national Interessien alles legitiméieren, esouguer e Krich.

Eng europäesch Arméi kéint een Deel vun enger gemeinsamer, europäescher Aussepolitik sinn. De Moment huet all Memberstaat seng eegen Zaldoten a säin eegent Material. Eng europäesch Arméi géif op der enger Säit Synergië schafen, déi déi national Budgeten entlaaschten an anerersäits der europäescher Aussepolitik eng ganz aner Gewiichtung a Glafwierdegkeet ginn.

Natierlech bleiwen eng Rei Froen. Wat wieren d'Pouvoire vun esou enger Arméi? Wien decidéiert iwwert militäresch Asätz oder Friddensmissiounen? Och doriwwer sollte mer an den nächste Méint am Kader vun der Campagne fir d'Europawahlen diskutéieren.