Am Hannergrond vum Michel Houellebecq sengem neie Roman an de Manifestatioune vun de Gilets Jaunes, stellt de Paul Rauchs sech dës Fro.

AUDIO: Carte Blanche vum Paul Rauchs

Erënnert Iech: viru genee 4 Joer ass dem Michel Houellebecq séi Roman Soumission erauskomm. Et ass d’Geschicht vun enger lueser Islamiséierung vum Frankräich, ganz friddlech, duerch Gewunnecht an duerch banal Kollaboratioun. Dee selwechten Dag huet zu Paräis den Attentat op de Charlie Hebdo 12 Doudeger gefuerdert.

De leschte Freideg koum dem Michel Houellebecq séin neit Buch Serotonine eraus. Wéi schonn am viregte Roman, spigelt och hei d’perséinlech Geschicht vum depressiven Antiheld déi net manner traureg Situatioun vun eiser Gesellschaft an notamment vun eiser representativer Demokratie.

Am Frankräich fuerderen D’Gilets Jaunes dem Macron séi Récktrëtt an heiansdo souguer séi Kapp. A villen anere Länner bauen Trump a sengesgläiche Mauere géint eis demokratesch an humanistesch Wäerter. An hei zu Lëtzebuerg geet am Koalitiounsvertrag Rieds vun ëmmer neie Referenden, Petitioune an aneren demokratoide Gadgeten.

Trop d’impôt tue l’impôt, soen d’Ekonomisten, trop de démocratie tue la démocratie, wëll ech hinnen äntweren. Eisen demokratesche Kierper leit un enger autoimmuner Krankheet, wou déi eegen Antikierper den Organismus ugräifen. Antikierper géint d’Diktatur (Manifestatiounen, Referenden, Sondagen, asw) natierlech batter néideg, méi wa se Iwwerhand huelen, gëtt den Thermometer geschwë méi wichteg wéi d’Féiwer. Ass et iech opgefall d’ass d’Walen net méi gewonnen oder verluer ginn par rapport zu deene leschte Walen, mee par rapport zum leschte Sondage? A wann no all Wal Ëmfroen (wéi hei zu Lëtzebuerg) oder Gewalt (wéi elo am Frankräich) dës Walen a Fro stellen, kënne mer se jo einfach ofschafen … a, firwat net, eng Revolutioun maachen.

D’Demokratie leescht wichteg Déngschter, wann et drëm geet, materiell Problemer um Enn vum Mount ze léisen, mee si ass am Gaang ze versoen, wann et drëm geet, de Problem vum Enn vun der Welt an de Grëff ze kréien. D’Gilets Jaunes sinn op d’Strooss gaangen, well d’Dieselpräisser an d’Luucht gaange sinn. Am demokratesche System gëtt kee Politiker gewielt, dee versprécht anescht, wann net souguer manner ze consomméieren. Fir Karriär ze maachen, sicht hien de Komfort vun deem eenzelen, dem individuelle Wieler. De Mënsch ënnerscheet sech nämlech vum Déier andeems hien d’Rechter vum Individuum iwwer d’Rechter vun der Espèce sëtzt. Mee op mer wëllen oder net, de Klimawandel verlaangt e Wandel vun eise Paradigmen.