An eiser Carte blanche vun haut, oder besser gesot an eiser „Carte jaune“, wéi hie se intituléiert huet, zeechent de Paul Hammelmann, unhand vun 3 Beispiller eng éischter düster Visioun vun Europa am Joer 2019.

  • Iwwer d’Feierdeeg loung „d'Dilbar“ zu Barcelona am Hafen. „Dilbar“ ass e Schëff, 156 op 23 Meter, 16.000 Bruttoregistertonnen, gëtt als „Pleasure craft“ also Vergnügungsboot gefouert, a bitt Plaz fir 80 Mann Equipage a 40 Gäscht. „Dilbar“ huet 600 Milliounen Dollar kascht a gehéiert enger Privatpersoun.
  • D’lescht Joer sinn am Mëttelmier alt erëm iwwer 2.000 Mënschen ëmkomm, Flüchtlingen aus afrikanesche Länner, déi an Europa wollte kommen, just fir hei ze iwwerliewen. Si sinn ëmkomm well europäesch Regierunge Rettungsaarbechte bewosst behënneren, Cargoschëffer trotz internationalem „Séirecht“ refuséiere se opzehuelen, well europäesch Länner d’Häfen zoumaachen.
  • Am Dezember huet zu Stroossbuerg um Chrëschtmaart e jonke Kriminellen, de Chérif Chekat, bewosst 5 Leit ëmbruecht an der 11 verletzt. Hien ass geflücht a gouf 48 Stonne méi spéit am Quartier „Neudorf“ vun der Police erschoss.
Awunner vum Quartier hunn doropshin spontan applaudéiert an eng gewësse Presse huet dem Bob Marley säin Titel „I shot the sherif“ op d'Antenn geholl.

Wat huet dat Eent elo mat deem Aneren ze dinn?

Ma guer näischt, et schockéiert jo och keen, da komm mir maachen esou weider, vergiessen alles wat mer – wann dat dann de Fall sollt sinn – geléiert hunn iwwer eis eegen Geschicht, iwwer Diskrepanz tëscht aarm a räich, iwwer Humanismus a Lynchjustiz, iwwer Mënschlechkeet an sozial Gerechtegkeet, iwwer Mënscherechter an Toleranz .

Komm mir ginn weider an den Dschungelcamp, verschafen jidderengem en iPad, refuséieren „$fake news“ ze liesen, schreiwe weider fläisseg op Twitter a Facebook, gebrauchen vill „Hashtags“, vill „Virtual Reality“, Hybrid Clouds an Tattoos.

Mä da loosse mer eis net wonneren, wann ëmmer méi Leit de „Gilet jaune“ undinn oder wann – an dat ass vill méi schlëmm – ëmmer méi Wutbürger d'Alternativ fir Däitschland oder a Frankräich den nationalen Mënschenoplaf, de Rassemblement National wielen.

Vill Gléck am Neie Joer!