Resultater vun der ëffentlecher Fuerschung sollte fir jiddwereen zougänglech sinn. Ma d’Realitéit ass anescht: D’Maisons d‘édition verspäre wëssenschaftlech Publikatiounen hannert deiere Paywalls a maachen domadder enorm Beneficer. De Marc Schiltz steet als President vu Science Europe un der Spëtzt vun enger Initiativ, déi des Paywalls wëll ofschafen (https://www.coalition-s.org/why-plan-s/).

AUDIO: Carte Blanche vum Marc Schiltz

A sengem berühmte Roman „Le nom de la rose“ beschreift den Umberto Eco e Klouschter mat enger Bibliothéik, déi all wëssenschaftlech Studien enthält, wou awer bal kee Mënsch Zougang derzou kritt. Déi Geschicht spillt am Mëttelalter an ass natierlech erfonnt. Haut si mer am 21. Joerhonnert an d’Realitéit ass leider net wäit vun där Geschicht ewech.

Fuerscher a Wëssenschaftler publizéieren hir Resultater – also dat nei geschafend Wëssen – a Fachzäitschrëften. Mä fir Zougrëff op déi Schrëften ze kréie, muss een deier – ganz deier – bezuelen. An dat obwuel haut, mat der Digitaliséierung, déi Fachzäitschrëften gréisstendeels net méi op Pabeier gedréckt ginn, mä um Internet publizéiert ginn – allerdéngs hannert deiere „Paywalls“. Eng Handvoll Maisons d’édition weltwäit hu sech hei eng quasi-Monopolstellung geschaf an et geet ëm ganz vill Geld – 10 Milliarden Dollar pro Joer.

Deen eigentleche Skandal dobäi ass, dass e Groussdeel vun der Fuerschung mat ëffentleche Gelder finanzéiert gouf. Steiergelder ginn iwwert d’Universitéiten an ëffentlech Fuerschung investéiert, mä d’Resultater dovu sinn herno net fräi zougänglech. Aner Wëssenschaftler, de Grand Public, mä zum Beispill och Doktere, Patienten an Patientevereenegungen oder ONG’en mussen deier bezuelen, fir Zougrëff ze kréien op déi neiste wëssenschaftlech Studien a Resultater, obwuel déi Fuerschung dach aus ëffentleche Mëttele finanzéiert gouf! A mannerbemëttelte Regioune wéi Afrika, Asien, mä och a Südosteuropa ass den Zougang zu wëssenschaftleche Studien onerschwénglech ginn.

Fir dat ze änneren, hunn ech als President vun den Europäeschen Fuerschungsagencen dësen Hierscht, zesumme mat der Europäescher Kommissioun eng nei Initiativ lancéiert, de „Plan S“ (https://www.coalition-s.org/why-plan-s/). Hei geet et drëms, de System vun de wëssenschaftleche Publikatioune fundamental ze änneren. Andeems Fuerschungsagencen, zum Beispill den FNR, d’Wëssenschaftler derzou unhalen, an Zukunft hir Resultater just nach am „Open Access“ – also fräi zougänglech ze verëffentlechen.

Et ass eng zimlech drastesch Ännerung. D’Maisons d’éditioun sinn natierlech net frou a maachen décke Lobbying dogéint. Och fir d’Wëssenschaftler bedeit dat eng Ëmstellung, well si villäicht net méi an hire Liiblingszäitschrëfte publizéiere kënnen. Mä d’Fuerscher an d’Universitéite mussen hei och hir Verantwortung vis-à-vis vun der Gesellschaft iwwerhuelen!

Et dierf net méi sinn, dass déi ëffentlech Hand zweemol muss an d’Täsch gräifen. Eemol fir d’Fuerschung ze bezuelen an nach eemol, fir Zougang zu de Resultater ze kréien.

Wësse soll fräi zougänglech sinn!