Zwee Joer gouf verhandelt a getrickst an elo soll awer alles, an e puer Wochen, nees anescht ginn: De Brexit léisst um europäesche Modell verzweiwelen. Eng Carte Blanche vum woxx-Journalist Richard Graf.

AUDIO: Carte Blanche vum Richard Graf

Keng Angscht: Et geet hei net ëm de x-te Kommentar zur Fro, ob een dann elo fir oder géint de Brexit soll sinn.

Diskutabel ass allerdéngs d'Aart a Weis, wéi déi britesch Politik an d'Europäesch Union mat dem Austrëttsverfaren ëmginn.

Do ass zum engen ee reng consultative Referendum. Mat onerwaart negativem Ausgang, awer net an deem Mooss, datt iwwer d'Halschent vun de Brite sech aktiv fir en Austrëtt aus der EU ausgeschwat hätten.

Ee Stëmmungsbild war et sécher. Allerdéngs wësse mer och, datt vill britesch Staatsbierger net konnte matstëmmen, well si ze laang vun doheem fort waren, oder et ënnerlooss hunn, well d'Sondagen dem Nee keng Chance ginn hunn.

Deemools war och net onbedéngt kloer, wat de Brexit fir rechtlech Konsequenzen am Eenzelen huet.

Nom 23. Juni 2016 ass opgefall, wéi séier och Bréissel an d'Logik vun engem tatsächleche Brexit ëmgeswitcht huet. "Endlech si mer se lass", soten dunn, zwar "of the records", gestanen Europapolitiker, déi dat éiwegt Kregéils vun der Insel sat haten.

Och d'Briten hu sech ganz rapid enger Brexit-Logik erginn. Allerdéngs ass an deenen éischte Méint kaum eppes geschitt.

Eréischt am Mäerz 2017 ass d'Demande offiziell ginn, wat dunn déi Frist vun zwee Joer declenchéiert huet.

Virdru gouf nach driwwer gestridden, ob d'britescht Parlament iwwerhaapt misst gefrot ginn, fir de Brexit unzestoussen.

Duerno sollten Neiwalen der Theresa May eng méi stabil Verhandlungsmajoritéit verschafen. Och dat goung schif aus.

Du koume Verhandlungen, bei deenen déi eigentlech Unhänger vun engem Brexit no an no aus der Regierung ausgescheet sinn, an zum Deel Brexit-Géigner op eemol hu missen eppes verhandelen, wat se eigentlech net wollten.

Déi Kakophonie geet awer net nëmmen op de Kont vun der politescher Elite op der Insel.

Datt d'europäesch Verträg keng kloer Bestëmmunge virgesinn, wat bei sou engem Austrëttsverfaren alles soll beuecht ginn, zum Beispill d'Rechter vun de betraffene Bierger, huet jo déi ganz politesch europäesch Klass ze veräntwerten.

Grad de Wee zu engem "softe" Brexit ass néierens beschriwwen.

"Fir et den EU-Géigner net ze einfach ze maachen" gëtt gären argumentéiert. Et ass awer leider net esou, datt déi de Moment méi schlecht Kaarten hätten, wéi nach virum Brexit-Theater.

Fir eng propper, demokratesch Léisung bleift elo ganz wéineg Zäit. Fir en zweete Referendum, dee vu villen, vläicht jo esouguer enger Majoritéit, verlaangt gëtt, gëtt et knapp. Da misst jo kloer si fir, oder géint, wat ee sech genau ausschwätzt.

On och ee "plan B" setzt viraus, datt d'Verhandlungsfrist verlängert gëtt. An da stelle sech schonn déi nächst Froen. Ginn zum Beispill d'Briten dann awer nach mat an d'Europawal – si wären och dann nach vollwäertege Member vun der EU?

D'Europagéigner reiwe sech weider d'Hänn, well alles, wat de Brite fir e "softe" Brexit zougestane gëtt, hir Exit-Pläng méi attraktiv mécht.

Sou gesinn, wier en Non-Brexit dach awer déi beschte Léisung – awer sou ee Kommentar wollte mer eis jo eigentlech hei erspueren.