Eis Regierung viséiert eng honnertprozenteg Energiewend un. Bei der Passation des pouvoirs krut de neie Ressortchef am Energieministère dann och symbolesch eng kleng Wandanlag iwwerreecht.

Wann ee sech dofir interesséiert, wéi esou eng Energiewend mat den aktuell promouvéierten Instrumenter funktionéiert, da brauch ee nëmmen déisäits der Musel ze kucken. Däitschland verkeeft sech no bannen an och no baussen säit de nonzeger Joren als d’Land vun der Energiewend. Schonn am Joer 2000 gouf d’Energiewend an Däitschland och gesetzlech verankert: de „grénge“ Stroum ass héich subventionéiert an huet Prioritéit virun dem konventionelle Stroum fir an d’Netz agespeist ze ginn.

D'Resultat gesäit een elo no ronn 20 Joer Ustrengungen a geliefter Energiewend an der uewe gewisener Grafik vum däitschen Energiemix (Primärenergieverbrauch), déi vum Bundesministerium für Wirtschaft und Energie (BMWi) fir d’Joer 2017 publizéiert gouf.

Wann engem dës Zuele net geleefeg sinn, kënnt een aus dem Staunen net méi eraus.

Beispill Wandenergie :

D’Wandindustrie stellt sech als den Haaptpilier vun der däitscher Energiewend duer. Et goufen enorm Moyenen ëmgesat mat ronn 30.000 Wandanlagen, déi eng INSTALLÉIERT Gesamtleeschtung vu ronn 56.000 Megawatt hunn (2017). Dat stellt ëmmerhin ronn een Drëttel vun der gesamter europäescher installéierter Leeschtung duer. Déi meescht vun eis géife soen, dat d’Wandenergie domat e gudden zweestellege Prozentsaz am Energiemix misst hunn. Effektiivt Resultat (Zuelen vum BMWi) :  just 2,8 Prozent Undeel am däitschen Energiemix !!! Mat dëser Zuel eleng wier eigentlech schonn alles gesot.

D’Opzeechnungen vun de Stroumaspeisungen weise fir all 30.000 Wandanlagen zesummen eng GESÉCHERT Leeschtung vu ronn 150 Megawatt. Zum Verglach :  dat entsprécht just ronn 3 Prozent (!!!) vun der Leeschtung vun enger eenzeger Atomzentral ewéi Cattenom. D’Opzeechnungen weisen och, dat een ongeféier d’Halschent vun der Zäit Wandflauten huet. Net bedarfgerecht Leeschtungsspëtzten mussen ëmmer méi dacks ofgereegelt, oder zu Minimal- a souguer Negativpräisser verschrott ginn.

Nächst Beispill, d‘Photovoltaik :

Iwwer annerhallef Millioune Photovoltaikanlagen an Däitschland hunn eng  INSTALLÉIERT Leeschtung vun iwwer 42.000 Megawatt (Joer 2017). Domat stellen d’Photovoltaik- an d‘Wandanlagen zesumme ronn d’Halschent vun der gesamter installéierter Kraaftwierksleeschtung am däitsche Stroumsecteur. Resultat vun dësem groussen Opwand (Zuelen vum BMWi) :  d’Photovoltaik huet just 1,1 Prozent Undeel am Energiemix !! Well d‘Sonn jo reegelméisseg net schéngt, ass d’GESÉCHERT Leeschtung vun der Photovoltaik natierlech och Null. An de Wanterméint fält déi geliwwert Leeschtung op ongeféier 15 Prozent vun der Leeschtung an de Summerméint.

Ouni SAISONAL Stroumspäicher kann dowéinst net een eenzegt konventionellt Kraaftwierk mat volatille Stroumquellen aus Wand a Sonn ersat ginn. Et GËTT awer keng adequat saisonal Stroumspäicher. Dat ass eng industriell a wirtschaftlech Realitéit, déi d’Politik systematesch iwwersäit.

Drëtt Beispill :  d’Biomass.

D’Biomass zesumme mat de Biokraaftstoffer huet an Däitschland de gréissten Undeel bei der „grénger“ Energie mat ronn 7 Prozent.

D'Biomass berout zu engem groussen Deel op enger intensiver Landwirtschaft mat Monokulturen.Dat bedeit e verstäerkten Asaz vu schwéiere Maschinnen, energieintensiven Düngemëttel a Pestiziden, mat engem enormen Impakt op d’Biodiversitéit. Dat wier wuel koum zu Lëtzebuerg mat enger uviséierter honnertprozenteger Biolandwirtschaft an Aklang ze bréngen. D’ass gewosst, dat d’Produktioun vu Biogas a Biokraaftstoffer eng schlecht CO2 Bilanz hunn, an eng Konkurrenz fir d’Nahrungsmëttelproduktioun sinn. D’Ofholze vu Bëscher fir genuch fest Biomass ze hunn passt och net an e nohaltegt Konzept. Hei ass vum Potenzial hier an Däitschland kaum nach e Quantesprong ze erwaarden, an hoffentlech gëtt am Sënn vum Naturschutz dës ëmweltfeindlech Energieproduktioun nees zeréckgeschrauft.

Wéi ass et mat der Energiedicht an dem Flächeverbrauch ? Wéilte mer z.B. eisen aktuelle Stroumbedarf mat Biogas ofdecken, bräichte mer eng Agrarfläch mat Energieplanzen vun iwwer 3.000 Km2. Wéilte mer z.B. eisen Transportsecteur mat engem Kraaftstoffverbrauch vu ronn 28 Terawattstonnen pro Joer integral op Biokraaftstoffer ëmstellen, misst iergendwou op der Welt eng gesamt Agrarfläch vun der Gréisstenuerdnung vum zéngfachen vun eiser Landesfläch zur Verfügung gestallt ginn. Dës Fläch wier fir d’Biodiversitéit verluer, a wann dofir Reebëscher ofgeholzt ginn wier d’Ëmweltkatastroph perfekt. Mä dovunner kréiche mer jo bei äis glécklecherweis näischt mat.

Déi kleng Energiedicht am Zesummenhang mat de verfügbare Landflächen, an déi begrenzten Integréierbarkeet vu volatillen a net bedarfsgerechte Stroumquellen an d'Stroumnetz sinn d‘Ursaache vun dem virprogramméierten Echec an Däitschland. D’statistesch Auswäertunge vun de Wandstroumaspeisungen säit 2010 weisen och kloer dat d’Volatilitéit vum Wandstroum bei all zousätzlechem Ausbau ëmmer weider zouhëlt. Et gëtt also keng Verstetegung esou ewéi d’Wandindustrie et jorelaang virgegaukelt huet fir méiglechst vill Anlage kënnen opzeriichten.

Nieft dem technesche Storytelling gëtt et objektiv gesinn keng physikalesch Grondlag an Technik, déi et erlaaben d'Volatilitéit vu Wand a Photovoltaik iwwer länger Zäitraim wirtschaftlech an am néidegen Ëmfang auszegläichen. Smartgrid, Pompspäicher, Batterien, brine4power, power to gas, power to fuel, power to heat, power to "wat och ëmmer" si keng adequat Äntwert op d’Problematik vun der Laangzäitspäicherung vun dem net bedarfsgerecht produzéierte Stroum, well physikalesch Barrièren déi noutwendeg Späicherkapassitéit, Späicherdauer an/oder de Wierkungsgrad limitéieren.

Irrationalen Technikglawen, politesche Wëllen an héich Subsiden ginn eben net duer fir physikalesch Gesetzer ze ëmgoen. Esouguer wann een déi technesch Zesummenhäng net kennt, gesäit een un den offiziellen Zuelen vum BMWi, dat et esouguer no joerzéngtelaangen enormen Efforten potenziell keng Energiewend op dëser Basis gëtt. Hei gi just d’Partikularintresse vun enger Industrielobby zervéiert.

D’Zuele vun der Verbrauchsstruktur aus dem Joer 2017 schwätzen eng kloer Sprooch. Déi säit Joerzéngten duerch héich Subsiden a prioriséiert Aspeisung gefërdert Wandenergie, Photovoltaik a Biomass konnten déi konventionell Energien kaum ersetzen. Esou hunn d‘konventionell Energien an Däitschland en Undeel vu 87 Prozent ; dobäi leie fossil Energiequellen iwwer 80 Prozent. An déi GESÉCHERT Leeschtung kënnt zwangsleefeg zu honnert Prozent aus konventionellen Energiequellen.

D'CO2 Emissioune konnte logescherweis op dëser Basis kaum reduzéiert ginn. Logescherweis gëtt et also och kaum positiv Auswierkungen beim Klimaschutz.

Aus den techneschen Impakter erginn sech automatesch awer och sozial an ekonomesch negativ Impakter. D‘Volatilitéit vum Energieapprovisionnement an déi duerch d’Energiewend provozéiert héich Energiekäschten si potenziell negativ Standuertfacteuren fir d‘Industrie. Ënner den héijen Energiekäschten leit awer besonnesch déi sozial schwaach Bevëlkerung. Honnertdausende Stéit kréien all Joer zäitweis de Stroum gespaart, well se d’Rechnung net méi bezuele kënnen.

An deem Kontext huet de Bundesrechnungshof dem BMWi wéinst der schlechter Ëmsetzung an dem potenzielle Scheitere vun der Energiewend an engem rezente Rapport nees eng Datz ausgestallt.

Bis elo goufen Honnerte vu Milliarden Euro an de Sand gesat, a wann déi sougenannt däitsch Energiewend esou weidergefouert gëtt, gëtt de Budget bis 2050 op iwwer 2 Billiounen Euro geschat. Déi Sue feelen awer am Klimaschutz, bei allméigleche Moossnamen am Naturschutz zum Beispill fir d'Erhale vun der Biodiversitéit, oder och nach am Sozial- Bildungs- a Gesondheetsberäich.

D’Verbrauchsstruktur vun den aneren europäesche Länner ass vun de Gréisstenuerdnungen hier analog zu Däitschland. Wat d'Potenzial vu Wand, Photovoltaik a Biomass ugeet, gesäit et europawäit mat liichte Schwankungen net vill besser ewéi an Däitschland aus.

Och de Potenzial vu Wand, Photovoltaik a Biomass, deen an der Rifkin Etüd fir Lëtzebuerg berechent gëtt, läit – wann ee sech d’Zuele méi genee ukuckt − vun der Gréisstenuerdnung hir ënner 20 Prozent vun eisem haitege Verbrauch. Wann ee gesäit wéi d’ökoliberal Politik weider op Wuesstem setzt (zum Beispill :  d‘Verduebelung vun der Bevëlkerung an de nächste Joerzéngten, energieintensiv Aktivitéiten ewéi Data-Zentren, de Kraaftstoffverbrauch vum Lëtzebuerger Fluchbetrib deen an de leschte Joren ronn siechzéngmol méi gewuess ass ewéi d’Energieproduktioun mat Wand…etc.), gesäit een ewéi inkonsequent dës Strategie ass, wéi eescht d‘Energieproblematik wierklech geholl gëtt, an dat an deem ganze politesche Spill aner Aflëss an Iwwerleeungen interferéieren.

Wéi eng Konsequenze gëtt et nach ?

Bei Batterien, Wand- a Photovoltaikanlage gëtt a verstäerktem Mooss op bestëmmte Mineralien a seele Metaller zeréckgegraff. De Ressourcëverbrauch läit do eng bis zwou Gréisstenuerdnungen iwwer deem vu konventionelle Kraaftwierker. Och dës "gréng" Ressource si natierlech begrenzt a schafe nei Ofhängegkeeten, a bei der Extraktioun vun dëse Rohstoffer (seltene Erden, Lithium,...) entstinn héich an irreversibel Ëmweltschied, ewéi zum Beispill a China oder am Chile. Ëmweltschied, vun deene mir jo glécklecherweis hei bei äis näischt matkréien, esou dat de gréngen Image intakt bleift.

En anere potenzielle Problem kënnt mat Infraschallwellen, déi a verstäerktem Mooss vun industrielle Wandanlagen generéiert ginn. Vun de Bedreiwer gëtt zwar behaapt, dat dës Infraschallwellen no e puer honnert Meter am Hannergrondrauschen ënnerginn, an der Realitéit musse se awer vu Radionavigatiounsequipementer ronn 15 Kilometer ewech bleiwen. Dokteschassociatiounen am Ausland schwätze vun engem Undeel vu ronn 20 bis 30 Prozent vun de betraffene Leit, déi duerch dës Schallwellen spezifesch Krankheeten entwéckelen. Hei gëtt vun offizieller Säit dacks gesot, déi Leit géife sech dat kollektiv nëmmen abilden. Leider sinn d’Schallnormen net méi un d’Entwécklung vun den haitegen industrielle Wandanlagen ugepasst, an d‘medezinesch Fuerschung geet vill ze lues virun. Rezent huet awer zum Beispill d’Fuerschung op der Universitéit vu Mainz nogewisen, dat d’Expositioun mat Infraschall e negativen Afloss op d’Aktivitéit vum Häerzmuskelgewebe huet. Beim Asbest huet et duerch effikass Lobbyaarbecht ronn honnert Joer gedauert tëschent der éischter Feststellung vun der schiedlecher Wierkung op d’Gesondheet an dem systematesche Verbuet vun asbesthaltege Produiten an den europäesche Länner… Wéi laang wäert et hei daueren ?

E weideren negative Punkt ass den objektiven Impakt op d’Landschaft, wou iwwer 200 Meter héich Industrieanlagen mat iwwer honnert Meter laange Rotoren, Tendenz steigend, sech duerch dës disproportionéiert Dimensiounen iwwer all aner natierlech oder kënschtlech Strukturen ewechsetzen.

Do gëtt dann dacks argumentéiert dëst wier eng Affaire de goût… Interessanterweis gëtt et awer en objektive Wäertverloscht vun Immobilien an der Géigend vu Wandparken, wou am Ausland systematesch Gréisstenuerdnunge vun 20 bis 30 Prozent ernimmt ginn. An Dänemark sinn heifir Entschiedegungen esouguer gesetzlech gereegelt. D’Leit kréie jo awer wahrscheinlech keng Entschiedegung well hir Immobilie duerch de schlechte Goût vu Wandpromoteuren opgewäert gëtt…

Wann d’industriell Wandanlage keng visuell, akustesch oder divers aner Nuisance géinge mat sech bréngen, bräichten d’Promoteuren d’Akzeptanz vun de Riverainen och net ze kafen, mat héije Pachtgelder an dem Verspriechen op Benefice duerch d’Opmaache vun engem Deel vun de Parten.

Wéi schlëmm muss eigentlech eng Industrieanlag an enger Gréngzon ausgesinn, fir dat se am Kader vum Naturschutzgesetz NET geneemegungsfäeg ass ? Ginn 200 Meter héich Industrieanlagen dofir net duer ? Wéi bréngt eng Industrielobby et fäerdeg, fir eng gesetzlech verankert Derogatioun ze kréien ?

Wéi d’Realitéit weist, dréit d’Wandenergie net zur Versuergungssécherheet bäi, ka keng konventionell Kraaftwierker ersetzen, an huet kaum e positiven Impakt op de Klimaschutz am Kader vum Handel mat Emissiounsrechter an am Kontext vun engem weltwäite Marché vu fossille Brennstoffer. Se huet en héije Ressourcëverbrauch bei Mineralien a Metaller, schaft doduerch nei Ofhängegkeeten an nei Impakter, déi just bei d’Impakter vu konventionellen Energiequellen dobäi kommen. Schlussendlech mécht se de ganzen Energiesystem onwirtschaftlech a fir de Verbraucher wesentlech méi deier.

Wou ass dann do den Interêt general, deen am Sënn vum Naturschutzgesetz d’Opriichte vu risegen Industrieanlage matzen an de Gréngzonen géing rechtfäerdegen ?

Hei stelle sech dann eng Rei vu Froen. Elo wou de virprogramméierten Echec kloer ass, wisou riskéiert eis Politik all hier Glafwierdegkeet, andeem se eng honnertprozenteg Energiewend uviséiert op Basis vun hoffnungslose Konzepter, a fërdert notamment déi sënnlos an ëmweltschiedlech Wandenergie ?

Bis elo huet d’Wandenergie sech e positiven Image ginn a koum an de Medien och gutt ewech. Vläicht instrumentaliséiert d’Politik d’Wandenergie, fir dat dëse vermeintlech gudden Image op se offierft ?

Wie gleeft an der Politik wierklech nach un eng Energiewend mat dësen Instrumenter ? An de Ministèren gëtt et jo genuch Ekonomisten an Ingenieuren déi d’Realitéit kennen an d’Politik beroden. Oder ass et awer d’Geschicht vum Rif-Kinnek senge neie Kleeder ? Wiesou fënnt de generaliséierten Ausverkaf vun eiser natierlecher Ëmwelt ausgerechent elo ënner engem "grénge" Ressortchef statt ?

Politik ass wahrscheinlech realitéitsno genuch fir ze gesinn, dat ee mat de volatille Stroumquellen net wierklech en Afloss op d’Klima huet, an dat een Atom- a Kuelekraaftwierker wéinst der noutwendeger Netzstabilitéit a Versuergungssécherheet net einfach ofschafe kann. Dofir muss een da symbolesch a no bausse siichtbar Zeeche setzen. Esou Symboler, déi ee net iwwersäit, sinn industriell Wandanlagen.

Am Kontext vun enger grénger Politik bezeechent de fréiere President vum däitschen ifo Institut für Wirtschaftsforschung d‘industriell Wandanlagen esouguer als ideologesch Sakralbauten déi et erlaben déi nei gewonne politesch Muecht no baussen ze materialiséieren. Dofir wërft ee scho mol gären fundamental gréng Wäerter ewéi de Landschaftsschutz an d'Erhale vun der Liewensqualitéit ouni schlecht Gewëssen iwwer Bord. Just fir no bausse soen ze kënnen "Mir hunn eppes gemaach" ginn all Nuisance fir Mënsch an Déier a Kaf geholl.

Et ass cocasse dat d'Ressorte Landesplanung an Energie elo ënner engem Hutt sinn. Ausgerechent mat der Wandindustrie gëtt et méiglech d'Plans sectoriels vun den Aktivitéitszonen quasi ausser Kraaft ze setzen, well et méiglech ass bal all Gréngzon mat iwwer 200 Meter héijen Anlagen ze industrialiséieren, egal op direkt bei engem Bruttgebitt vum Routmilan ewéi zu Weiler, oder bei Natura 2000 Zonen ewéi zu Mompech, Miersch (Projet) oder Uewerkuer (Projet). Dat eng Industrielobby hir Partikularintressen op dës Aart a Weis am Kader vum Naturschutzgesetz duerchsetze kann, ass e Skandal.

Mä de neie Chef am Energieressort ass jo bekannt dofir, dat e strikt géint all Form vu Lobbyismus an Aflossnam vun Industrien op d‘Politik ass. Et kann e sech virstelle wéi schockéiert hie muss gewiescht sinn, wéi him bei der passation des pouvoirs e Modell vun enger industrieller Wandanlag an d'Hand gedréckt gouf. Seng Selbstbeherrschung muss Bewonnerung ervirruffen wéi e "Gute Miene zum bösen Spiel" gemaach huet. Seng Fanger hu net geziddert wéi en e puer Tier un dem klenge Spill-Rotor huet missen dréien. Mir kënnen all gudder Hoffnung sinn, dat hien elo endlech mat deem emol net verstoppte Gemauschels tëschent Wandindustrie a Politik opraumt…

Mat der Wandindustrie verschwenden mer intellektuell, materiell a finanziell Ressourcen un eng Faketechnik mat héije Nuisancen amplaz no wierkleche Léisungen ze sichen. Ouni politesch Ënnerstëtzung wier d'Wandindustrie vu sech aus net iwwerliewensfäeg. D'drëtt industriell Revolutioun ass eigentlech soss näischt ewéi eng verkappte Plangwirtschaft mat imposéierten an héich subventionéierten "Technologien", mat politesch festgeluechten Ausbauziler, amplaz eng technologieneutral Maartwirtschaft zouzeloossen, wou Plaz fir echt Innovatioune wier, a wou sech dann déi bescht effizient Technologien duerchsetze kéinten.

Do amplaz seet d’Politik elo, se wéilt d’honnertprozenteg Energiewend mat Hëllef vu Start-uppen realiséieren…  Ass dat just en Ausdrock vun Hëlleflosegkeet, oder weist et just em wat et hei wierklech geet :  em den Developpement vun engem kuerzfristege Business mat kuerzfristeger Rentabilitéit. Do bleift dann awer keng Plaz fir ECHT Innovatioun, déi laangfristeg a nohalteg Äntwerte sicht, an dofir vläicht joerzéngtelaang Recherche verlaangt, déi kuerzfristeg natierlech näischt ofwërft.

Wéi prekär ass esou eng "Ekonomie déi dréint" ? Wann de Konjunkturbarometer emol fält a mer eis dës Faketechnologie net méi leeschte kënnen, an dee Moment d'Subsiden ewechbriechen, da brécht déi ganz Erneierbar-Energien-Ekonomie, déi bis dohin um Baxter houng, zesummen. D’Energieinfrastruktur ass awer eng fundamental Basis vun enger Ekonomie.

Kucke mer zeréck an d’Vergaangenheet, da fale mer mat engem globalen Energiesystem op der Basis vu Wand, Waasser a Biomass jo nees op e mëttelalterleche Produktivitéitsstandard zeréck. Wat e Widdersproch zu engem System, deen op Wuesstem, Industrie an nei Technologien ausgeriicht ass ! An engem Kontext, wou d’Weltbevëlkerung stänneg wiisst, mat engem Usproch op e bestëmmte Liewensniveau. E Produktivitéitsverloscht am Energiesecteur féiert dann awer zu enger progressiver Veraarmung. D’Wandenergie ass kee Symbol fir technesch Innovatioun, mä e Symbol fir eng technesch Regressioun, déi eis an eng mëttelalterlech Energiegesellschaft zeréckféiert. D’Léisunge musse nach eréischt fonnt ginn, mä dofir muss ee sech fir d’éischt vu simplisteschen, ideologeschen an irrationale Konzepter verabschiden, soss kann et keng positiv technesch a sozial Weiderentwécklung ginn.

Mä vläicht ass dës Regressioun jo vun der "nohalteger" Ideologie esou gewollt. Dofir hei elo eng konkret Propose fir déi nächst gesellschaftspolitesch Reform :  Trennung vun Ideologie a Staat.

An dëser Rubrik sinn nach zwee PDF Dokumenter verlinkt, déi de Sujet vervollstännegen :

Ausserdeem sti fir den interesséierte Lieser hei drënner nach beispillhaft zwee Linken op Artikelen, erausgepickt aus der helle Wull vu Bäiträg aus der auslännescher Press :  en Artikel aus dem Joer 2017, an e ganz rezenten Artikel vum 13. Januar 2019, wou d’Absurditéit an d’negativ Repercussiounen vun enger real geliefter Energiewend op der Basis vu subventionéiertem Wand- a Solarstroum beschriwwe ginn.

Wisou liest an héiert ee näischt heivunner an EISE Medien ? Liesen eis Politiker keng auslännesch Press ???

https://www.nzz.ch/wirtschaft/energiepolitik-das-falsche-vorbild-deutschland-ld.1290233

https://www.nzz.ch/wirtschaft/deutsche-energiewende-absurditaet-mit-system-ld.1450698