De Benoît Reiter, Jurist an Historiker, konfrontéiert eis haut de Moie mat dem rietsen an dem lénken A.

AUDIO: Carte Blanche vum Benoît Reiter

Trump, Bolsonaro, Orban, Salvini … Bei deenen Nimm leeft et wuel de meeschten Nolauschterer kal de Réck erof. Mir geet och d’Héngerhaut aus, wann ech un den onberechenbare rietslastegen amerikanesche President denken, deen eng Virléift fir fake news a Grenzmaueren huet. Dem neie brasilianesche President Bolsonaro seng Aussoen iwwert d’Militärdiktatur a sengem Land sinn erschreckend. De Victor Orban fir säin Deel ass net nëmmen am Gaang de fräiheetlechen an demokratesche Rechtsstaat an Ungarn ofzeschafen, mee e bedéngt sech och a sengem Privatkrich géint den George Soros an der wuel primitiivster antisemitescher Geschirkëscht. De staarke Mann vun der neier italienescher Regierung, den Inneminister Salvini, ass wuel e Schreckgespenst fir all Mënsch, deen nach iergendeppes empfënnt, wann en um Radio héiert, dass erëm x Mënschen am Mëttelmier erdronk sinn. Mir wäerten eis also zimlech alleguer eens sinn, wéi ofstoussend mer déi uewe genannte Personnagen, hir Iddien a Politike fannen.

Wann ech Iech dann elo aner Nimm nennen, wéi reagéiert dir dann? Dragnea, Ortega, Chavez, Maduro? Wat kënnt eis spontan an de Kapp, wa mer un dës Leit denken? De Liviu Dragnea ass wuel fir déi meeschten Nolauschterer onbekannt, obwuel hien de staarke Mann a Rumänien ass. Seng Attacken op de Rechtsstaat sinn duerchaus mat dem Orban senger Politik ze vergläichen. An dann den Daniel Ortega, de legendäre Chef vun de Sandinisten am Nicaragua? Wéi vill honnert Doudeger gouf et am Kader vun der politescher Repressioun am Nicaragua an de leschte Méint? Den Hugo Chavez, dee verstuerwene President vu Venezuela, e Mann deen et anscheinend gutt mat sengem Vollek gemengt huet, sou wéi säin Nofolger den Nicolás Maduro? Firwat gëtt et eis net och schlecht bei deenen Nimm? Firwat sinn dës Leit net op eisem Radar, wéi de Liviu Dragnea, während de Victor Orban permanent an de Medie geschleeft gëtt? Firwat huet een an de leschte Wochen ëmmer an iwwerall dem neie brasilianesche President seng topeg a geféierlech Deklaratioune gelies, mee näischt, oder net vill, iwwer déi extrem brutal Repressioun am Nicaragua mat e puer honnert Doudegen? Firwat gesinn esou vill Leit déi bluddeg an diktatorial Realitéit am Venezuela net?

Déi Hären Trump, Bolsonaro, Orban a Salvini hu gemeinsam, dass ee se kann an e rietsnationalisteschen Eck areien. Dragnea, Ortega, Chavez a Maduro gehéieren zu der lénker politescher Säit. Firwat ginn déi leschtgenannten net als dat gesinn, wat se sinn, nämlech Politiker, déi de Rechtsstaat wëllen ofschafen, respektiv bluddeg Diktatoren? Firwat si mer um rietsen A sou alerte, a mat Recht, an um lénken A sou blann?

Ech riichten dës Fro och u mech selwer. Firwat hat ech als Jugendlechen e Poster vum Che Guevara, engem unerkannte sadistesche Massemäerder, an der Kummer hänken a firwat wier ech ni op d’Iddi komm, mer de Portrait vun engem faschisteschen Haudegen opzehänken?

Et ass mer e Rätsel, wou dësen Ënnerscheed an der Perceptioun vun enger rietser oder enger lénker diktatorescher Realitéit hierkënnt, mee et gëtt Zäit, dass mer domat ophalen.