D’CGFP an hir Ënnerorganisatiounen stinn sech sécherlech net schlecht, «ausser d’Privatiséierungen bei de  Parastaatlechen Betriber z.B d’Post, Luxtram, asw. » wou dat neit Personal mat méi Aarbecht a wéineger Loun Heem geet ewéi hier fréier Staatsbeamten Kollegen. Ass et net esou dass bei enger Privatiséierung vill Geld un den Conseil d’Administratioun an un Direktioun geet, da net méi esou vill bleift fir d’schaffend Vollek a net genuch Leit déi d’Aarbecht solle maachen? Stëmmt et dass een nët méi all Dag kann d’Post ausdroen well Leit feelen an déi Nei Agestallten de Mindestloun kréien? Bleiwen also de Privatsecteur an d’Gewerkschaften LCGB an OGBL an deenen hir « Ënnerorganisatiounen » an deenen sougenannten Sektoriellen Gewerkschaften « Associatiounen ».

Ass et net esou dass d’Politik proposéiert de soziale Fridden iwwert Kollektivvertrag of ze sécheren an ze garantéieren, an sech esou aus der Verantwortung kann zéien? Deet sech d’Patronat net ëmmer méi schwéier een fir d’Aarbechter zefriddenen Kollektivvertrag ze proposéieren an deem’s een sech hannert Kompetitivitéit verstoppt?.

Sinn de. Bausecteur, Botzsecteur an de Bankesecteur «  ënnert aneren  », net déi Beschte Beispiller fir een onzefriddend Kollektiv Vertrag Ofkommes?

Als Beispill de Bankesecteur, sinn do nët zanter iwwer 20 Joer Kollektiv Vertrag Ofkommessen mat manner ewéi 1% oder Null Ronnen a mat Primen Ënnerschriwwe ginn?

An dann d’Fleegeversécherung, ass déi Leeschtung net och drastesch verschlechtert ginn? Muss een net hallef Doud sinn fir kënnen mam Adapto ze furen? Ass net och de Service verschlechtert ginn? Wa meng Informatioune Stëmmen, da kascht eng Botz Hëllef déi vun der Assurance  Dépendance un eng Fleege Organisatioun bezuelt gëtt € 60 Stonn! Wat kritt dann eng Transportfirma fir eng Stonn Adapto? Am Normal Fall kascht eng Ugemellten Botz Hëllef tëschent € 12.50-€ 15.00 Stonn! Wien Säckelt dann hei an?

An dann bleift nach ëmmer dee faulen Kompromëss bei der Entloossung vu Krankheet no 52 Wochen elo no 78 Wochen op 2 Joer, muss dës Asozial Moossnam net direkt opgehuewe ginn

Dëst ass nach leider nët Alles.

Schoul, Ausbildung, ofgeséchert Aarbechtsplazen, Aarbechtsloos, bezuelbaren Wunnraum, Zukunft, Pensiounen, bezuelbar a genuch Alters-Fleegeheemer, Urgencen an de Kliniken, Rendezvousen, Tariffer, asw

Et bleift also am Privatsecteur nach vill ze dinn!