Wisou si souvill méi Jugendlecher, obschonn se schaffe ginn, hei zu Lëtzebuerg aarm wéi soss an der EU? A wien ass hei zu Lëtzebuerg besonnesch betraff? Mir kënnen dat änneren, wa mer wëllen, seet a senger Carte blanche de Robert Urbé vu Caritas Lëtzebuerg.

Viru ronn dräi Woche sinn eng Parti Leit hei am Land ferm erféiert. Eurostat hat public gemaach, dass mat 20% Lëtzebuerg no Rumänien deen zweethéchste Prozentsaz opweist, wat Jugendlecher tëscht 18 a 24 Joer ugeet, déi schaffe ginn a gläichzäiteg ënner dem Aarmutsrisiko leien. No vill Echo an de Medien huet dunn och den 31. Januar eng Aktualitéitsstonn am Parlament stattfont. A wéi üblich hu sech der rëm genuch fonnt, déi di Zuele wollte falsch maachen, relativéieren a Fro stellen an: falsch interpretéiert hunn!

Et ass dobäi en Auszoch aus deenen Donnéeën, déi de 16. Oktober 2018 vum STATEC publizéiert goufen, an déi all Joer bei engen 10.000 Leit oder 4.000 Haushalter erhuewe ginn.

Do fanne mer dann, dass den allgemengen Aarmutsrisiko zu Lëtzebuerg an 10 Joer 10 mol méi séier geklommen ass wéi an der EU allgemeng.

A wann déi jonk Leit ëmmer méi zäitlech beschränkt Aarbechtskontrakter kréien, a wa se, nach méi schlëmm, net nëmmen een, mee och souguer méi Stagen, ouni bezuelt ze ginn, mussen absolvéieren, dann ass dat Resultat och dohier vläicht ze erklären.

Kanner ënner 18 Joer a Jonker vun 18-24 Joer ënnerleie bei eis dem Aarmutsrisiko zu 22,8 resp. 26,4%. Dat, well si an engem Haushalt wunnen, deem seng Membere dem Aarmutsrisiko ënnerleien, also leschten Ends, well hir Elteren en ze niddregt Akommes hunn.

Wat elo bei eis opfält ass, datt déi Jugendlech d’Akommes vum Haushalt net verbesseren hëllefe kënnen, och wa si schaffe ginn. An dat läit eben drun, datt och hiere Verdéngscht ze niddreg ass.

Mir sollten also ophalen, sou Resultater mat falschen Argumenter wëllen ze diskreditéieren. Mir sollten eis vill méi d’Fro stellen, wat mer kënnen ënnerhuelen, fir deen Trend do mindestens opzehalen, am beschten nach ëmzekéieren: d’Stagiairen net mëssbrauchen a se bezuelen, manner zäitlech begrenzte Kontrakter verginn an deene Jonken (an net nëmmen deene Jonken!) en uerdentlecht Gehalt bezuelen.

Aarmut an Aarmutsrisiko si keng Fatalitéiten, wa mir wëllen eppes dergéint ënnerhuelen, da kënne mir dat och. Wëlle mir dat?