De Jean-Louis Schlesser mengt, datt d'Schwieregkeete vum Fonds du Logement en Indiz si fir de joerzéngtelaangen Onwëllen, eng zentral lëtzebuergesch Problematik, déi vum Wunnen, eeschthaft unzegoen.

AUDIO: Eng Carte Blanche vum Jean-Louis Schlesser

Ech hat ugefaangen, mer Strécher op d'Wand ze maachen, all Kéier wann an de Féierungsgremien vum Fonds du Logement – Verwaltungsrot, Direktioun – een erausgeflunn ass oder selwer d'Handduch gehäit huet. Dat hunn ech awer opginn, well et sinn där Strécher ze vill ginn. Do gefält mer den Optimismus vun der zoustänneger Ministesch, der Madamm Tanson, déi kalbliddeg behaapt, de Fong wär operationell. "A la bonne heure!", soen ech do. "Da loosst en dach ewéi en ass. Nëmmen näischt upaken!" Operationell? Et geet also dach!

Och ons belsch Frënn haten 249 Deeg keng Regierung an, éierlech gesot, ech hu keen Ënnerscheed gesinn, wann ech op Bréissel gefuer sinn oder zu Stengefort am Stau stoung, fir bei Ikea ze goen.

Kommt mir sinn emol innovativ: Villäicht sinn tatsächlech nei Iddien néideg, fir aus dem Schlamassel erauszekommen. Ech hätt do eng: Wéi wär et, wann een den Häre Becca oder Giorgetti dat alles uvertraue géif? Déi schénge sech a Saachen Immobilien picco bello auszekennen. Wat bei de politesche Responsabelen (oder waren et d'Beamten?) jo manifestement net wierklech de Fall war. Ha! Do héieren ech der, déi soen, mä wou ass dann do den Ënnerscheed zu dem, wat elo ass? Déi grouss Promoteure si souwisou déi eenzeg, déi bauen, a si maachen och nach d'Landes- a Stadplanung niewebäi. Gratis.

D'Cours des Comptes huet kierzlech mat hirem Spezialrapport iwwer de soziale Wunnengsbau eng Schëpp drop ginn. Déi enorm Diskrepanz tëschen dem Zouwuess vun Awunner an den nächste Joren an deem, wat gebaut gëtt, d'Deierecht, déi doduerch entsteet, ass näischt wéineger wéi eng Zäitbomm, wou d'Wick schonn un ass an ee se brenne gesäit. Mir gesinn, wat dat an Terme vun Aarmutsrisiko bedeit an dee kann een net ewechrieden, andeem een d'Methode vun de Statistiker a Fro stellt. Wann een, als Representant vun der ëffentlecher Muecht, weidermécht mat Lavéieren, mécht een sech esou gutt wéi strofbar.

Ech hu kierzlech en Interview mat der Madamm Tanson gelies, an deem se iwwer hiren neie Ministeschjob schwätzt. Wat d'Kultur – hiren anere Portefeuille – ugeet, hunn hir Aussoe geklongen ewéi déi vun engem, deen endlech säin Hobby zum Beruff maache konnt. Ech mengen, déi Begeeschterung freet all Kulturschaffend zu Lëtzebuerg.

Sou wichteg d'Kultur och ass, sou indispensabel ass et och, datt eng engagéiert Persoun, mat der néideger Empathie fir d'Interête vun de Kreativen, an alle Beräicher couragéiert antrëtt.

Nach vill méi kloer misst et sinn, datt de Problem vum Wunnen, vum Wunnen an engem räiche Land, op eng Aart a Weis ugaange gëtt an där net méi - wéi bis elo - Partikularintresse Prioritéit hunn, mä d'Wuel vum ganze Land.