De Méinde war den Internationalen Dag vun de Frae a Meedercher an der Wëssenschaft, den Dënschden ass mam Darwin Day dem grousse Naturalist Charles Darwin säin 210. Gebuertsdag gefeiert ginn. En Donneschdeg war den Dag vun alle Verléiften. Wéi passt dat alles beieneen? A senger Carte blanche erzielt de Patrick Michaely vun enger enttäuschter Léift.

AUDIO: Eng Carte blanche vum Patrick Michaely

2009 war Darwin-Joer. Weltwäit ass den 200. Gebuertsdag vun dësem groussen Naturalist gefeiert ginn. Mat vill Asaz a Kommunikatioun ass versicht ginn, dem Darwin säi Wierk dem Public méi no ze bréngen. Net just Schüler ware viséiert, mä och Decideuren aus Politik, Gesellschaft, Kultur an natierlech de Wëssenschafte selwer. “Méi evolutionär denken”, war deemools de Mot d’ordre.

Dobäi kënnt, datt d’Evolutiounstheorie op ville Plazen als e perfekt Beispill vun engem rationalen Denke presentéiert gouf – wat se iwwregens och ass. Hannert dee Fändel stellt ee sech natierlech gären. Wie wëll net als e fortschrëttlech denkende Mënsch consideréiert ginn, deen en plus nach rational handelt? Elo géif ee sech tatsächlech erwaarden, datt all dës an den Darwin verléiften Decideuren och d’Fuerschung hannert der Theorie mat Iwwerzeegung a Mëttelen ënnerstëtze géifen. A senger Evolutiounstheorie erkläert den Darwin nämlech fir d’éischt eemol dat komplizéiert Zesummespill vu Variatioun, Verierwung, Selektioun, Zäit an Upassung an domadder déi laang Geschicht vum Liewen op onsem Planéit. D’Theorie erkläert och, firwat an Zäite vu rapidem Klimawandel onzieleg Aarten op eemol fir ëmmer verschwannen. Wann et net déi onmëttelbar Zerstéierung vum Liewensraum ass, dann ass et, well se sech net méi mat Zäiten un déi verännert Bedingungen upasse kënnen. Ze fuersche gëtt et also vill.

Wéi steet et also 10 Joer nom Darwin-Joer ëm d’ëffentlech Ënnerstëtzung an Unerkennung vun Evolutiouns- a Biodiversitéitsfuerschung wéi se zum Beispill am Naturmusée hei zu Lëtzebuerg gemaach gëtt? Ma net immens! Esou eng Fuerschung ass opwenneg, si dauert laang a bréngt vun engem ekonomesche Point de vue par Rapport zu den héich dotéierten High-Tech-Wëssenschafte seele vill an, ausser Wëssen an d’Gewëssheet, datt et ëm de Patrimoine naturel zu Lëtzebuerg net gutt bestallt ass. Insekten- a Vulle verschwannen och bei ons mat Vitesse grand V vun der Bühn vum Liewen.

Evolutiounsfuerschung huet an der Intelligent-Design-Welt vun der Techno Science, wou Industriedenken a Weltraum-Eruerwerungsgelüster predominéieren keng Plaz. Fir eent vun de räichste Länner vun der Welt ass dat en traurege Constat.

Wat huet dat elo mam Internationalen Dag vun de Fraen a Meedecher an de Wëssenschaften ze dinn? Ma wat soll ech dann elo engem jonke Meedche roden, dat mat vill Enthusiasmus un den Aktivitéite vum Naturmusée deelhëlt, kee mat vill Opwand a Geld finanzéierte Science Festival verpasst an deem säi gréisste Wonsch et ass, op de Spure vum Darwin ze wandelen, Fuerscherin ze ginn an d’Welt ze retten?

Vergiess et, maach léiwer en MBA a géi Satellitte verkafen? Et ass wéi wann den Darwin de Kuerf kritt hätt. Enttäuschte Léift.

* De Patrick Michaely ass vu Formatioun Biochemiker an am Naturmusée responsabel fir Ëffentlechkeetsaarbecht a Kommunikatioun.