D’lescht Woch war den 12. Februar, deen Dag also op deem den Charles Darwin 210 Joer gefeiert hätt. Säi bekanntste Buch, „On the origin of species“, kritt dëst Joer 160 Joer.

An deem Buch gouf d’Evolutioun erkläert, wéi aus einfachem Liewen konnt komplext Liewen entstoen. Eng Erklärung, déi mir haut als Evolutiounstheorie kennen. Puer Gedanken dozou vum Dr. Laurent Schley, Biolog a President vun der Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker, kuerz AHA, a senger Carte blanche mam Titel „Evolutioun an d’21. Joerhonnert“.

AUDIO: Carte Blanche vum Laurent Schley

Wat sinn d’Haaptaspekter vun der Evolutioun? Wärend der Bildung vun de Keimzellen - beim Mënsch wieren dat d’Eezelle bei der Fra an d’Spermatozoide beim Mann - kënnt et am Ierfmaterial ADN zu zoufällege Verännerungen. Duerch dës sougenannte Mutatiounen kënnt et bei enger Aart zu enger héijer genetescher Vilfalt beim Nowuess. Op dës Vilfalt wierkt dann d’natierlech Selektioun, een net-zoufällege Prozess, bei deem éischter déi Individuen iwwerliewen, di am beschten un di jeeweileg Liewensbedingungen ugepasst sinn, a sou kënnen hiert Ierfmaterial un di nächst Generatioun weiderginn. Iwwert zegdausende Generatioune verännere sech sou Aarten an et entstinn neier. Well de Mënsch Deel, wann och nëmmen e ganz winzegen, vun där joermilliardelaanger Entwécklung ass, hu sech divers Reliounsvertrieder vun Ufank u géint dem Darwin säi Buch gewiert an acceptéiere bis haut d’Evolutioun als Prozess, respektiv d’Evolutiounstheorie als Erklärung fir dee Prozess net. Meeschtens gëtt dann d’Evolutioun fälschlecherweis als reng zoufällege Prozess duergestallt, an deen net-zoufällegen Aspekt vun der natierlecher Selektioun gëtt bewosst op der Säit gelooss. Bei der leschter mir bekannter wëssenschaftlecher Etüd, wou Lëtzebuerg mat abezu war, aus dem Joer 2006, hunn nach ëmmer ee Véierel vun de Lëtzebuerger uginn, d’Evolutioun net als wëssenschaftleche Fakt unzegesinn. Dramatesch eigentlech.

Och haut nach gëtt et an Europa reegelméisseg Versich, d’Opklärung iwwert d’Evolutioun ze verhënneren. Wärend ech dës Zeile schreiwen, hunn ech eng News gelies, laut där an enger englescher Grondschoul d’Opféierung vun engem Schüler-Musical iwwert den Charles Darwin ofgesot gouf, well sech eng Handvoll reliéis Eltere géint déi Opféierung gewiert haten.

D’Gesellschaft däerf sech vu sou Leit net erpresse loossen a muss onbedéngt mat nach méi Opklärung, Wëssensvermëttlung a Wëssenschaft géigesteieren. Och an der Grondschoul zu Lëtzebuerg sollt dofir am Éveil aux sciences systematesch iwwert d’Thema Evolutioun an d’Evolutiounstheorie geschwat ginn. Kannergerecht Léiermaterial, wéi z.B. dat op www.evokids.de, ass schonn disponibel. Wat gëtt et méi Schéines wéi als Mënschen, a firwat net schonn als Kanner ze verstoen, wou mir tatsächlech hierkommen, als Deel vun engem joermilliardelaange Prozess, deen zu där wonnerbarer Diversitéit vun Déieren, Planzen an aneren Organismen gefouert huet, dee mir haut nach op eisem Planéit hunn a vun där mir een Element sinn.

Laurent Schley

Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker Lëtzebuerg a.s.b.l. (AHA), www.aha.lu

Mitglied International Humanist and Ethical Union (IHEU)
Mitglied European Humanist Federation (EHF)
Mitglied Alliance for a Secular Europe
Mitglied Cercle de Coopération des Associations laïques (CCAL)