De Radio 100,7 kritt en neien Direkter, well säin aktuellen, de Fernand Weides, am Summer an d’Pensioun geet. Mais déi Annonce, déi an den Zeitunge stoung, ass méi Wäert, wei just eng Personalie, mengt haut d’Josée Hansen vum Lëtzebuerger Land a senger Carte blanche. Et geet nämlech hei ëm en Établissement public, dee vun eis all bezuelt gëtt, wéi zum Beispill och d'Philharmonie oder de Mudam.

Et goufen Zäiten, do war et ee Reizwuert: « de Sozio ». Vrun 20 Joer war et, ech war deemools eng ganz jonk Journalistin an dësem Haus, déi audiovisuell Medie ware grad mam Gesetz vun 1991 liberaliséiert ginn, an um Stack ënnendrënner, matzen am Gebai vun RTL, souzen se: d’Jongen an d’Meedercher vum « Sozio ». Si hunn nëmme Stonneweis gesent, an dat nach nëmmen no 2 Joer hin an hier ëm de Budget, d’Technik an d’Programmausriichtung – e puer Direkteren hate sech schonn d’Klensch an de Grapp ginn ier déi éischt Noute gesent goufen.

Dëse Summer komme se zréck, plënnere fir d’drëtte Kéier, erëm op de Kierchbierg, wann och e bësse méi wäit ewech, nieft d’Coque, a si kréien een neien Direkter. De Fernand Weides, deem säi grousse Verdéngscht et war, d’Haus deemools stabiliséiert, de Budget an den Equiliber an de Programm ausgebaut ze hunn, geet an d’Pensioun. A wat kënnt elo?

No 20 Joer ass dee Radio kee Schreckgespenst méi, ech mengen och net méi fir déi grouss, historesch Schwëster vun RTL – dëse Commentaire ass wuel de Beweis dofir. Obwuel déi zwee Radioen dem Gesetz no eng « Mission de service public » deelen, dat heescht dass se verschidde Programmer, wei zum Beispill Noriichte musse senden, huet jidderee säi Profil fonnt: RTL ass als Generalisteradio nach ëmmer wäit Nummer 1 an de Soziokulturellen als Programmradio deen, nieft Noriichten, och spezialiséiert klassesch a Pop-Musik oder laang Themesendungen ubitt, a sech eng Niche geschafen huet. Also keng Panik op der Titanic.

Just: ech fannen dat net gesond, dass iwwerhaapt net méi driwwer geschwat gëtt. D’DP wollt den 100,7 eemol aus Käschtegrënn ofschafen, dat wëll glécklecherweis haut kee méi. Mä et kéint ee jo awer emol diskutéieren, wat ee Staat mat engem Staatssender wëll, u ween e sech adresséiert, wéi eng Missiounen a wéi e Profil e soll hunn – a firwat en 4,8 Milliounen Euro Steiergelder dofir kritt. Soll de Radio éischter méi kulturell ausgeriicht ginn an dofir méi no mat deenen neie Kulturinstitutioune schaffen, en gros méi France culture oder France musique wéi France Inter sinn? Oder de Contraire, soll seng Redaktioun gestäerkt a weider ausgebaut ginn? A wei géingen déi aner dat fannen?

Aus esou enger Reflexioun géing een dann erausfannen, ween deen ideale President oder Presidentin vum Établissement public wier – well deeër hunn se den Ament kee –, a ween dee perfekten Direkter oder déi perfekt Direktesch fir dee Profil.

A Frankräich gëtt et all Kéiers passionéiert an héich politesch Debatten iwwer d’Nominatioune vun de Cheffe vum « audiovisuel public », déi souguer den Nicolas Sarkozy ëmmer selwer erausgewielt huet, fir  sécher ze sinn, dass wéinstens d’Staatssenderen him gutt gesënnt wieren. An hei? Wëllen d’CSV-Ministere François Biltgen an Octavie Modert, déi sech d’Responsabilitéit iwwer de Sender deelen, wëlle si och vläicht ee méi staatstragende Radio, a sichen dofir « ee vun hiren » fir en ze leeden? Zu Lëtzebuerg fënnt déi Diskussioun, wéi sou munnech anerer, einfach net statt, op eemol gëtt een aus dem Hutt gezunn, an da war et dat.

Mä et wier schued, dës Geleeënheet fir eng Diskussioun ze verpassen.