Streiden kann een a ganz ville Situatiounen. An der Koppel, op der Aarbecht, mat engem Fournisseur … An ëmmer méi dacks gëtt bei esou Konflikter op d’Mediatioun zeréckgegraff, a versicht mat Hëllef vun engem Mediateur sech am Gudden eens ze ginn.

D’Alice Risch ass Presidentin vun der ALMA, der Federatioun vun de Mediateuren hei zu Lëtzebuerg. Si schwätzt eis haut vun engem ganz jonke Mediateur.

Dës Lescht sinn ech engem Jugendleche begéint – ech nennen hien elo mol einfach Marc* - dee mir ganz houfreg erzielt huet, hie wier Mediateur an sengem Lycée.

Peermediation heescht dee Projet, iwwert dee Schüler forméiert ginn, fir kënnen als Mediateur anzesprangen, wann aner Schüler Sträit mateneen hunn.

Wat him dann esou gutt dorunner géif gefalen, hunn ech e gefrot.

"Dass een ëmmer och aner Optioune fanne kann", krut ech geäntwert. Aha. Dat wollt ech e bësse méi genee erkläert kréien.

Hien huet mir e Beispill ginn, net aus der Schoul, ma vun engem Tëschefall bei him doheem.

De Marc wunnt mat sengen Elteren an enger Residence, an enges owes ass et beim neien onbekannten Noper haart hier gaangen - et gouf gefeiert.

Dem Marc seng Elteren hu sech relativ generft gespuert a sech ëmmer méi opgereegt. 5 op 12 hunn si decidéiert d’Police ze ruffen.

Do komm dann den Asaz vum Marc. "Wat een da soss kéint maachen an esou enger Situatioun?", huet hien seng Eltere gefrot, an hinnen erkläert, dass dat eng vun de Froen ass, déi hien de Schüler ëmmer stellt, wann hien als Mediateur intervenéiert.

Dem Marc seng Elteren hu gewisen, dass si genee esou kreativ kënne si wéi d’Schüler: Selwer nach méi haart Musik maachen, fir dass den Noper mierkt, wéi dat nervt, d’Sicherung vum Stroum erauszéien, am Trapenhaus haart jäizen "Feieralarm! Et brennt!", waren e puer Ideeën, déi hinnen agefall sinn. Schlussendlech hunn si sech awer fir eng aner Optioun entscheet an um hallwer Eng huet de Marc mat sengen Eltere beim Noper geschellt. Si haten eidel Glieser am Grapp an hunn den iwwerraschten Noper gefrot, ob si kéinte matfeieren, d’Musik wier esou haart, si kéinte souwisou net schlofen.

Eigentlech ass dem Marc seng Geschicht eng relativ banal Geschicht. An trotzdem – e puer Aspekter heivunner fannen ech ganz interessant:

- De Marc huet an der Schoul iwwert d’Mediatioun geléiert, wéi ee mat Konfliktsituatiounen ëmgeet, an et fäerdeg bruecht, déi Kompetenzen an engem ganz anere Kontext ze benotzen. An der Schoul geléiert – an d’Liewen integréiert. D’Chancë sti gutt, dass hien dat och weider esou mécht, vläicht deemnächst am Sport oder méi spéit a sengem Beruff.

- De Marc huet et och fäerdeg bruecht, Relatiounen tëscht senger an der Nopesch-Famill ze schafen an doduerch säi Bäitrag geleescht zu engem gudden Zesummeliewen. Iwwert d’gutt Zesummeliewe gëtt jo och am Kontext vun de Wahle vill geschwat.

- Virun allem: De Marc huet Verantwortung iwwerholl an enger Situatioun, wou heen eigentlech guer net an der Verantwortung stoung. Et ass dat, wat ee sech an enger Demokratie vun de Biirger wënscht.

Nieft dem Marc ginn et iwwer 600 aner Schüler, déi och an de Schoulen als Mediateur ausgebilt goufen. Esou Geschichte wéi déi heite ginn et bestëmmt eng ganz Partie.
Chapeau fir déi jonk Mediateuren an och déi manner jonk Responsabel, déi d’Mediatioun an der Schoul fërderen an encadréieren.

Eng gutt Saach fir eis Gesellschaft an eis Demokratie.

* Den Numm Marc hunn ech net aus Zoufall gewielt. MARC steet och als Ofkierzung fir "Méthodes Alternatives de Résolution de Conflits".