An der Carte blanche geet et haut em e Stéck Kultur dat net direkt an de Beräich vun der neier Kulturministesch Maggy Nagel fält, an dach fir d’Alice Risch e wichtegen Deel vun der Kultur ass: Sträitkultur.

D’Alice Risch ass Presidentin vun der ALMA, der Federatioun vun de Mediateuren a Mediatiounsservicer hei zu Lëtzebuerg.

 

“Du als Mediatrice misst dach géint all Form vu Sträit sinn!”, huet deslescht ee gemengt.

Au Contraire! Ech streide gären. Streiden ass fir mech e wichtegt Stéck Kultur an enger Demokratie. Als Mediatrice fannen ech et just wichteg wéi ee streit.

An et ass mam Streiden wéi mat aneren Aktivitéiten déi d’Leit gemengerhand zur Rubrik Kultur zielen: Theater spillen, danzen, sangen, molen … et kann een dat alles spontan maachen, ouni weider a Kuren ze goen. Ma, wann een et bis eng Kéier richteg léiert, da mierkt een dass säin Danzen oder Sangen nach ganz aner Qualitéit kritt. Mam Streiden ass genau esou. Och hei ginn et Techniken déi dem Streiden eng aner Qualitéit ginn.

Wat misst een dann lo léieren? Gëtt et eng liicht verständlech Gebrauchsanweisung déi ech iergendwou kann downloaden?

Natierlech fält engem do als éischt d’gewaltfräi Kommunikatioun an, déi duerch de Marshall Rosenberg relativ bekannt ginn ass, a wou och regelméisseg hei zu Lëtzebuerg Seminairen ugebueden ginn. Et geet dobäi drëms, dass ech deem Anere meng Meenung soe kann, ouni dass deen sech doduerch perséinlech ugegraff spiert. De Marshall Rosenberg seet engem ganz konkret wéi een dat maache kann. D’Theorie ass relativ einfach, ma et brauch een natierlech e bëssen Übung fir dat an säin Alldag z’integréieren.

Grad esou wichteg, an nach méi schwéier, fannen ech dass ee beim Streiden seng Oueren net verléiert. Dat ass Iech dach bestëmmt och schonns geschitt: Während äre Viz-à-Viz Iech mat vill Iwwerzeegungskraaft seng Meenung zu eppes seet, sidd där a Gedanken ganz bei ärer eegener Meenung an iwwerleet Iech schonn wat fir en Argument där deem Aneren als Nächst virleeën kënnt. Wierklech nolauschteren mécht an esou enger Situatioun keen deem Aneren.

Beim Rezept fir flott mateneen ze streiden ginn et also e puer Basisregelen:

-        indispensabel ass, dass ech dat ka soen wat mer uewen läit, ouni deen Aneren ze blesséieren

-        wichteg ass och ze spieren, deen Anere lauschtert mer no a probéiert mäin Point de Vue ze verstoen

-        ideal ass et, wann ech och nach d’Gefill hunn eppes bäigeléiert ze hunn

-        net esou wichteg - an och net ëmmer méiglech - ass et, dass een um Enn enger Meenung ass. Heiansdo geet et duer sech eens ze sinn, dass een op verschiddene Punkten eng aner Meenung huet.

Den amerikanesche Philosoph Ralph Waldo Emerson mengt, Oppositioun wier e wichtegen Ingrédient vun enger Frëndschaft. Ëmmer op der selwechter Wellelängt surfen kann effektiv langweileg sinn a bréngt een net onbedengt virun. Et ass beim matenee Streiden (am positive Sënn) wou ech méng Ideeën strukturéiern muss, an se doduerch och dacks nuancéieren, relativéieren oder esouguer evoluéieren dinn.

Ech wënschen Iech schéin Feierdeeg, déi net langweileg sinn, a well bei esou Familljefeieren Streiden jo och mol um Menu steet, e richteg flotte Sträit.

Ech hunn an Tëschenzäit jiddefalls Loscht op Sträit kritt. Mol kucken ob ech hei am Studio mam Techniker en Thema fannen wou mer definitiv net enger Meenung sinn.

 

Alice Risch