Zum Joresufank e kuerze Bléck zréck an d’Joerdausenden, dat ass dem Thema vum Lambert Schlechter senger Carte blanche.

Spueren an den Äsche vun engem Vulkan, däitlech ze gesinn, Foussspuere vun zwee mënschleche Wiesen, een Erwuessenen an e Kand, an d’Kand trëppelt an de Spuere vum Erwuessenen. Si ginn allebéid riicht virun, eng Dose Schrëtt wäit, da ginn d’Spuere verluer.

Entdeckt goufen dës Spuere virun 35 Joer, bei Laetoli an Tanzanien. Si sinn 3,5 Millioune Joer al.

Wie jee e Bild dovu gesinn huet, kann et net vergiessen: op der Äerd, déi 5 Milliarde Joer al ass, d’Foussspuere vun den éischte mënschleche Wiesen…

*

An iergendwann eng Kéier, op dëser Äerd, ginn dës Spuere verwëscht, fir ëmmer verwëscht. Iergendwann eng Kéier, op dëser Äerd, gëtt et keng Mënschheet méi.

Amplaz zu dësem Joresufank, wéi dat sech jo passe géif, e Bléck zréck ze werfen op dat vergaangent Joer, wollt ech éischter e kuerze Bléck zréck werfen op déi vergaange Joerdausenden. E klengen Exercice in Sachen Luziditéit a Bescheidenheet.

*

Während villen honnerte Joerdausenden huet d’Mënschheet sech entwéckelt um afrikanesche Kontinent, bis hin zum Homo sapiens, virun ongeféier 160 000 Joer.

Ronn 100 000 Joer méi spéit huet den Homo sapiens dunn ugefaang sech a Bewegung ze setzen, no Norden, fir no an no d’ganz Welt ze bevëlkeren.

D’Haaptbeschäftegung vun der Mënschheet an all deene Joerdausenden huet doran bestan ze iwwerliewen, duerch d’Juegd an d’Sammele vun Planzen a Friichten — an dat an engem dauernden Nomadentum.

10 000 Joer virun onser Zäitrechnung entsteet dann déi sougenannt neolithesch Revolutioun, wou a verschidde Géigende vun der Äerd (am Noen Osten, a Südchina an a Mëttelamerika) d’Mënschen ufänke sesshaft ze ginn, Akerbau an Véizucht ze bedreiwen, an déi éischt Stied ze bauen.

*

Den Drock vum puren Iwwerliewen huet nogelooss, e Fräiraum entsteet, innerhalb vun deem d’Mënschen Distanz genuch kréien, fir ze iwwerleeën, fir e fuerschende Bléck op den Himmel, op d’Welt a sech selwer ze werfen.

An dann, zimlech onerwaart, bléit d’mënschlech Kreativitéit op, am 5. Joerhonnert virun onser Zäitrechnung, op dräi verschidde Plazen op der Welt: am Osten mat dem Konfuzius, dem Laotse an dem Buddha, am vorderen Orient an ëm d’Mëttelmier mat dem hebräesche Monotheismus, an der griichescher Philosophie mat Pythagoras, Heraklit, Anaxagoras, Demokrit, Sokrates, Plato, Aristoteles, Epikur, asw.

A puer Joerhonnerte méi spéit kënnt dann nach de Jesus an de Paulus derbäi.

An domat sinn d’Grondprinzipien an d’Grondkonzepter begrënnt aus deenen den Homo sapiens nach haut lieft an denkt.