Wann ee vun Europa schwätzt, zum Beispill am Kontext vun de Europawahlen, geet dacks Rieds dovun, Lëtzebuerg misst seng legitim Intressie verdeedegen. Mee wat mécht Intressie legitim, freet sech an der Carte blanche vun haut d’Alice Risch, Presidentin vun der ALMA, der Federatioun vun de Mediateuren a Mediatiouns-Servicer hei zu Lëtzebuerg.

AUDIO: Carte Blanche (03.03.2014)

Et ass e Leitartikel iwwer d’legitim Intressie vun der Finanzplaz Lëtzebuerg dee mech stutzeg gemaach huet. Als Mediatrice sinn ech jo permanent mat Leit zesummen, déi iwwert hir Intressie verhandelen, ob dat bei Noperschaftssträit ass, bei Scheedungen oder bei soss Sträit-Situatiounen.
Natierlech muss een sech ëmmer d’Fro vun der Legalitéit stellen – also wat gesinn eis Gesetzer fir an esou enger Situatioun ? Domat ass et awer net gedoen, et stellt sech och d’Fro vun der Gerechtegkeet.
Ech huelen e konkret Beispill vun enger Koppel déi beim éischte Kand zesummen decidéiert huet, d’Fra géing ophale mat hirem Beruff a géif sech prioritär ëm d’Erzéiung vun de Kanner këmmeren.

Ech begéinen dës Koppel 12 Joer méi spéit an enger Mediatioun – si wëlle sech scheede loossen a wëllen dat am Gudden iwwer d’Bühn bréngen. Nodeems d’Elteren sech eens gi sinn, wéi si no der Scheedung hir Eltereroll wëllen ausüben, goung et an der Mediatioun ëm de finanzielle Volet. D’Decisioun déi dozou gefouert huet, dass d’Fra iwwert eng laang Zäit net an hirem Beruff war, huet och finanziell Konsequenze fir si, notamment wat spéiderhin hir Pensioun ugeet. D’Koppel huet schliisslech an hirem Accord zeréckbehalen der Madame Pensiounsrechter nozekafen an eng privat Zousazpensioun ze finanzéieren. Vum Gesetz hir, besteet dozou keng Obligatioun. D’Koppel ass also iwwert dat eraus gaange wat vum Gesetz virgesin ass, well si allebéid fonnt hunn, et wier net gerecht wann d’Madame duerch eng gemeinsam Decisioun sou vill finanziell Aboussen hätt.

Dat heiten ass ee Beispill wou Leit an enger Mediatioun versichen, deem Rechnung ze droe wat si als gerecht empfannen. Strikt nëmmen ze kucke wat d’Gesetz virgesäit oder ob eng Decisioun net géint d’Gesetz verstéisst, geet de Leit net duer. Perséinlech Wäerter spille bei esou Diskussiounen an der Mediatioun eng grouss Roll. Nieft der Legalitéit geet et also och ëm ethesch/moralesch Prinzipien.

Komme mer zeréck op de Leitartikel an d’legitim Intressie vun der Finanzplaz Lëtzebuerg. Hei kann ee liesen « seul importe, en fin de compte, ce qui est légal » an « l’argument moral n’est guère approprié ». Erstaunlech. Den Nelson Mandela dréint sech bei esou Iwwerleeunge wahrscheinlech am Graf ëm, ëmmerhi war och den Aparteid-System absolut legal – dass dee System mat deenen déi wäiss Populatioun a Südafrika versicht huet hir Intressien ze verdeedegen, moralesch vertrietbar war, géing op d'mannst haut kee sech méi trauen ze behaapten.
Wann et ëm legitim Intressie geet, geet et eben net duer just d’Gesetzesbicher opzeschloen. Bei Legitimitéit, dat soen eis och d’Encyclopedien, geet et net just ëm den Droit, ma et geet och ëm d’Justice (also d’Gerechtegkeet). Et geet also drëm wat moralesch akzeptabel ass, wat vertrietbar ass mat eise Wäerter. An ech géing proposéieren d’Conclusioun vum Leitartikel an deem Sënn ze änneren. Et geet net drëm déi sougenannte legitim national Intressie mat Confiance an Determinatioun ze verdeedegen, et geet drëms eis Wäerter mat Confiance an Determinatioun ze verdeedegen. A vläicht féieren déi Wäerter jo och dozou, dass mat der Zäit verschidde Gesetzer geännert ginn, sou wéi dat a Südafrika de Fall war.

Référence : « Intérêts à défendre » Editorial paru au Luxemburger Wort en date du 25 janvier 2014.

AUDIO: Carte Blanche (03.03.2014)