D’lescht Woch gouf am Ruanda un de Genozide vun 1994 geduecht. Bei esou Commemoratiounsfeiere stellt sech ëmmer nees d’Fro, wéi et méiglech ass, dass no esou schrecklechen Evenementer d’Welt einfach weider dréit. Eng Carte blanche vum Alice Risch, Presidentin vun der ALMA, der Federatioun vun de Mediateuren a Mediatiounsservicer hei zu Lëtzebuerg.

20 Joer sinn et hier, dass bannent knapps 4 Méint eng 800 000 Mënschen am Ruanda ëmkomm sinn. Wann ee bedenkt wéi präsent zum Deel nach den zweete Weltkrich hei zu Lëtzebuerg ass (dat sinn elo 70 Joer hier), kann ee sech virstellen, wéi réi d’Wonnen am Ruanda musse sinn. Wéi bréngt een et fäerdeg als Familljemember weiderzeliewen, wann ee vun den Elteren, e Brudder oder eng Schwëster ëmbruecht gouf?

Stelle mer eis déi Fro mol, net am Kontext vum Genozide, ma fir eng Famill méi no bei eis, déi Affer vun engem schlëmme Crime gouf. Wat kann an esou enger Situatioun hëllefen?

An der Belsch hu se schonn an de 90er Joeren decidéiert, dass d’Mediatioun en Deel vun der Äntwert ka sinn. Dass d’Mediatioun also och bei ganz schlëmmen Doten, wéi Mord oder Vergewaltegung kann agesat ginn. Wuelverstanen zousätzlech zu der Justiz, net fir d’Justiz ze remplacéieren.

A priori schéngt dat eng Saach vun der Onméiglechkeet ze sinn. Hei zu Lëtzebuerg gëtt d’Médiation pénale nëmme bei vill manner schlëmme Strofdoten agesat, z. B. no enger Kläpperei oder bei Vandalismus. Ma Mediatioun bei Mord?

« Ech hätt mer ni kënne virstelle mam Mäerder vu mengem Papp an engem Zëmmer ze sëtzen. Ech sinn alles am Detail gewuer ginn, wat deemools geschitt ass. Ech hätt dat schonns vill éischter wëlle wëssen », sou d’Ausso vun engem belsche Mann deem säi Papp 13 Joer virdrun ëmbruecht gouf.

Ganz konkret geet et also drëms :

  • Dem Affer d’Méiglechkeet ze ginn Erklärungen ze kréien, ze verstoen, wat genee geschitt ass, a firwat et geschitt ass. Dacks gëtt ënnerschätzt wéi en enormen Informatiounsbedarf bei den Affer ass, fir méi einfach kënnen den Deuil ze maachen.
  • Oder Sécherheet ze kréien iwwert dat wat geschitt, wann den Täter no X Joren aus dem Prisong kënnt. Eng Fra aus der Belsch sot z. B. si hätt immens Angscht gehat den Täter op der Strooss oder engem Buttek duerch Zoufall ze begéinen. Mam Täter ass si sech an der Mediatioun eens ginn, dass dësen net wäert an hier Stad kommen, a sollte si sech anzwuersch iwwert de Wee lafen, hien net versicht mat hir Kontakt opzehuelen. Ganz praktesch Léisungen also fir den Alldag.
  • Och deen, deen d’Dot begaangen huet, huet dacks de Besoin Erklärungen ze ginn, fir déi viru Geriicht keng Plaz war, oder zu deenen hien zu där Zäit wou de Prozess war, nach net prett war. Och Entschëllegungen. Dat hëlleft sécher och dem Täter an senger Entwécklung an an senger Reintegratioun an d’Gesellschaft.
Hei zu Lëtzebuerg ass d’Médiation pénale net complementaire zum Geriichtsprozess, ma eng Alternativ dozou. Wann d’Leit sech an der Mediatioun eens ginn, kënnt d’Affaire net viru Geriicht. Bei ganz schlëmmen Dote kann d’Mediatioun awer keen Ersatz si fir d’Geriicht, sécher awer eng ganz wichteg Ergänzung. D’Objektiv ass dann net d’Geriichter ze entlaaschten, ma dem Zwëschemënschlechen eng Plaz ze ginn. Am Interêt vum Affer a vum Täter.

Et wier derwäert sech d’Fro ze stellen, ob Lëtzebuerg net och wéilt op de belsche Wee goen.