An hirer Carte blanche vun haut mengt d'Danièle Fonck, Generaldirekter vun der Editpress a Chefredakter vum Tageblatt, dass vill Fraen dorënner leiden, dass de Broschtkriibs als en Tabu ugesi gëtt an zwar aus verschiddene Grënn. Do ass e Mangel un Opklärung an der Schoul, eng Tendenz fir alles dem Tubak, dem Alkohol an der ongesonder Ernährung an Schong ze schieben, e Mangel u Kompetenz vu medizinescher Säit an ongenügend Engagement vun der Politik, déi an der Mammographie déi eenzeg Hëllef gesäit a sech et domat ze einfach mécht.

« Lafen géint een Tabu » huet de Slogan vun enger alljährlecher Manifestatioun geheescht, déi dëse Samschdeg erëm eng Kéier  vill Leefer a Spectateuren hat.

Eng Manéier fir solidaresch mat de Kranken ze sinn, awer och fir op de Wäert an d’Necessitéit vun der Präventioun hinzeweisen.

Stéchwuert „Präventioun“:  ronn 400 nei Fäll vu Broschtkriibs pro Joer hei am Land, dat ass vill.  Trotz den Méiglechkeete vu Mammographie an Echographie. Wou läit de Problem ?

Éischtens ass keng Krankheet en Tabu.  Just eng Realitéit mat där ee muss liewen. Et geet also drëm, ze kämpfen an all Moyenen anzesetzen,  an all beschtméiglech Ënnerstëtzung ze kréien.  Allerdéngs geet et och u beim Wëssen, also der Educatioun.

Et ass Moud ginn, e puer Saachen praktesch ze kriminaliséieren an als eng Zort Allround-Explicatioun fir Alles ze ginn:  den Tubak, den Alkohol, de Cholesterol etc…

Iwwert d’Ëmweltverschmotzung via Loft, Iessen, Kaméidi a vill weideres gëtt weineg geschwat a sech nach manner Surge gemaach. Do sinn nämlech richteg Lobbyen am Spill.

Och d’Schoul kënnt hirer Aufgab net no. Wéi erkennt een eng Anomalie vu Kierper, wéi funktionéiert hien, do gëtt et kee Geld fir d’Opklärung a Werbekampagnen an der Press!

De Geldtabu.

Den Inkompetenztabu gëtt et och. E Beispill:

3 Mol an engem Joer hunn ech de selwechten Fall erlieft. Eng Fra huet eng Zort Bäissen oder Exzema op der Broscht. Dermatologen hunn hir Crèmen ginn.  Ouni Effet, hei eng Salef mat, hei eng ouni Cortison. E Joer laang, zwee Joer laang. Bis endlech een eng Biopsie gemaach huet.

Verdikt 3 Mol:  Kriibs vun der Mëllechdrüs, och eng Form vun Broschtkriibs. Mais wie weess dat als Normalbierger ?

Firwat allerdéngs déi concernéiert Dokteren et net wëssen a firwat net schonn no 3 Wochen eng Biopsie maachen, dat bleift e Rätsel.

Medezin a Gesondheet sinn nach ëmmer en opaque Beräich.  Et geet an deem leider ëm vill Suen, Kompetenz an Inkompetenz, Influence an psychologesch Superioritéit.

An enger Zäit, wou Spueren e Schlagwuert a Prejugéë Legioun sinn,  ass de Patient eigentlech méi wie jee villen Geforen ausgesat.  Well hie kascht angeblech ze deier a muss deene gleewen, déi d’Fachwëssen hunn.

Mais wann d’Politik mengt, si muss spueren op Gronn vun enger klenger Ideologie a mengt si géif spueren, wa se Rouleauen Toilettepabeier zielt, gëtt et richteg geféierlech.

Awer och wann an enger Professioun d’Fehler en Tabu sinn.

Wann also Broschtkriibs  sollt en Tabu sinn, dann aus deen opgeféierte Grënn.  Net wéint der Krankheet u sech.  Well si ass weder eng Schan nach onheelbar.  Zumindest wann een net nëmmen op Mammographie setzt, wie onse Staat,, mais vill méi Wäert leet op Echographien an Biopsien.

Firwat seet kee mat fester Stëmm an Nodrock, dass eng Mammographie nach laang net alles weist? Jo, firwat dann ?