D’Trennung vu Staat a Kierch – an esou wéi se begrënnt gëtt: Dozou eng Carte blanche vum Georges Hellinghausen.

Nee, Här Staatsminister, Ären Dogma „Relioun ass Privatsaach“ ass falsch. Dass Relioun och ëffentlech ass, liest Der an all Mënscherechtsdeklaratioun. Wéisou also de privaten oder perséinleche Charakter uféieren, fir de Culten ëffentlech Zouwendungen ofzezéien?

Nee, Här Vizepremier, et ka net ugoen, d’Leit dongen hir reliéis Servicer deier ze bezuelen. Wann Der dann och Sport, Kultur an Transportwiesen d’Subventioune gifft sträichen? Wie ka sech dat da nach leeschten?

Nee, Här Minister Bausch. Der kënnt net d’Neutralitéit vum Staat geltend maachen, fir d’Reliounen anzeschränken. Neutralitéit huet och e positive Volet: nämlech hinnen hiert Wierken an esou d’Ausübe vun der Reliounsfräiheet ze erlaben – esou wéi de Staat duerch Pressehëllef, Parteiefinanzéierung, Kulturfërderung d’Meenungsfräiheet erméiglecht: Och do hält e sech jo net „neutral“ eraus, mä subventionéiert, och wa vill Bierger sech net mat deër enger oder anerer Couleur vu Parteien, Press, Kultur oder ewwerhaapt mat hinnen identifizéiere; se blechen awer.

Nee, Här Unterrichtsminister, zwee parallel Wäertecouren grenzen net aus, jiddefalls net méi wéi d’Opsplécke vu Schüler no anere Kritären, wéi Klassik an Technik, Sproochen a Wëssenschaften oder hire Wunnuert. A grad dat Reliéist verbënnt transversal Lëtzebuerger a Portugisen, Fransousen a Belsch... Gläichmaacherei bedreift der soss net, wéisou also am ethesch-reliéise Beräich, aplaz och do Kanner a Jugendlechen hir jeeweileg Identitéit schoulgemäß opbauen ze loossen?

Neen, Här Minister Kersch. Der kënnt net vun der Oppositioun fuerderen, sech un d’Resultat vum Referendum ze halen, soulaang wéi d’Regierung net déi kloer demokratesch Majoritéit respektéiert, déi zu 70% hir Kanner an de Reliounsunterrecht schéckt resp. zu méi wéi 70% fir de Choix ass.

Nee, Här Schley vun der AHA, Relioune si keng multinational Konzerner, mä sui generis. T’gëtt keng Parallelen oder strukturell Tiräng an déi se passen. Si artikuléiere sech lokal, regional an national, wéi Staat an Zivilgesellschaft – mä do geheit der jo och net all Besëtzverhältnisser (vu Gemengen, Veräiner a Staat) an een Dëppen, firwat also bei der Kierch?

Nee, Här Außeminister, d’Paschtéier kréie net e Staatsgehalt, fir de Staat ze stäipen, mä fir hir Aarbecht als „ministres de culte“ ze maachen, fräi an onofhängeg vum Staat – och wann d’Kierch bestëmmt Gesetzer net befürwort, soss awer voll a ganz sech mat Land a Leit identifizéiert. Hir Gehälter sträichen, well se sech bei Euthanasie oder Avortement wéinst ethesche Consideratioune net alignéiert, wier Erpressung a Spott aller Meenungs- a Reliounsfräiheet. Misst also all Staatsbeamten, deen des Gesetzer net mat dréit, säi Gehalt gestrach kréien?

Wann also all déi Argumenter, dir Hären, déi der fir Är Trennungspolitik uféiert, net gräifen: Wou – esou froen ech Iech a froen ech d’Leit – wou leien dann déi eigentlech Grënn, déi der äis net sot?

AUDIO: 31/10/2014 Carte Blanche M.HELLINGHAUSEN