Et ass November, eng Zäit vun Nodenklechkeet, mengt de Lambert Schlechter, a mécht sech e puer Gedanken.

Do sti mer also do ze stoen, zu dacks, op der selwechter Plaz, dësen an dee schuddert sech vläicht e bëssen. Ufank November ass jo de Klima net sou gutt.

Kommen se da bal mat dem Wäiwaasser an dem Wäirauch, datt mer kënnen heemgoen — oder bei d’Tata Virsch eng Quetschentaart iessen.

Ma vläicht profitéiert een och vun dëse Momenter vu Rou a Langweil, fir e puer Gedanken opkommen ze loossen. D’Stéchwierder gi jo geliwwert iwwert den Haut-Parleur, wann de Paschtouer oder de Bëschof seng Ried hält.

Do geet da Rieds vum Doud, vun de Verstuerwenen, déi mer gär haten, et geet Rieds, dat mir solle fir si bieden, dat se an den Himmel kommen, et geet Rieds vun hirer Séil an onser Séil, — mir sollen och un ons Séil denken, ons onstierflech Séil, mir sollen ons onstierflech Séil net a Gefor bréngen, an also besser gleeweg wéi ongleeweg sinn…

An ech stinn do, mat kale Féiss, a schuddere mech e bëssen, a sinn ongleeweg bis an de Kär vu menger Séil…

Hoppla, ech ënnerbrieche mech, wat soen ech do, hunn ech iwwerhaapt eng Séil, eng onstierflech Séil…?

Als Kand, sou mat 9, 10 Joer, erënneren ech mech, hat ech esou eng Séil, an ech hat och Schutzengel, e perséinleche Schutzengel, zu deem ech owes virum aschlofe gebiet hunn, e soll gutt op meng Séil oppassen, a mer hëllefen net ze sëndegen, well ech kéim gär an den Himmel, do uewen iwwert de Wolleken…

Ech sinn eropgewuess, hunn ugefaang ze studéieren, hu Bicher geliest, vill Bicher, hunn dobäi och déi Saach mat der onstierflecher Séil ënnersicht an hannerfrot — déi al Schamenen erfuerscht, a wat vun hinnen iwwregbleift beim Plato, Aristoteles, Epikur, Augustinus, Averroës, Spinoza, Descartes, Schopenhauer, Nietzsche a Freud… a wéi se all heeschen, déi Spezialiste vum Nodenken…

— an iergendwann, ënnerwee am Liewen, huet meng Séil sech opgeléist, a Loft a Wand…

Wat jo och der Etymologie vu Séil entsprécht, am hebräeschen, am griicheschen, an och am chineseschen — d’Urbedeitung vu Séil an deene Sproochen ass: Otem, Loft a Wand…

A wann e stierft, hält een op ze ootmen — an et ass keng Séil méi do.

Ons Séil, dat ass ons Liewegkeet, a mir hu soss näischt am Liewen, denken ech, wéi ons Liewegkeet

An der onvirstellbarer Onendlechkeet vu Raum an Zäit, sinn ech soss näischt, wéi e klinzegklenge Liewesfonken, de weess dat en enges Daags ophält ze blénken.

AUDIO: Carte Blanche